Header for Projet de loi concernant les mutuelles et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises

Projet de loi concernant les mutuelles et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises

Dës Ried hunn ech den 16/05/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi concernant les mutuelles et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Kolleeginnen a Kolleegen, dat neit Mutualitéitsgesetz war e bëssen eng schwéier Gebuert, wann ee sech den Historique vum Gesetz ukuckt. Wann ee sech dann och nach ukuckt, wéi den Text tëschent der éischter Ver- sioun, déi jo nach an der aler Chamber depo- séiert gouf, an der Versioun, déi mer dann haut ofstëmmen, geännert huet, da mierkt een, datt do e bësse méi wéi nëmmen eng Hand huet missen ugeluecht ginn, fir dorauser en Text ze maachen, wou bei deene meeschten dann an der Kommissioun de Bauchwéi verschwonne war.

Ech si ganz frou, datt jiddwereen, dee Bauch- wéi hat, dank dem neie Mutualitéitsgesetz dee Bauchwéi dann net méi huet. An do si mer jo och am Vif vum Sujet: Wann et engem net gutt geet, da soll ee gehollef kréien! An am beschte sollt een dat kënne maachen, ouni sech ze rui- néieren. Ech mengen, dat ass e grousse Prinzip, dee mer hei zu Lëtzebuerg ëmmer gelieft hunn, wat mer als Éischt eben … An ech mengen, do sinn déi eeler Deputéiert méi Ex- pert dra wéi ech. Ech si glécklecherweis an eng Zäit gebuer ginn, wou et e performante soziale System schonn zu Lëtzebuerg gouf, wou mer d’obligatoresch Krankeversécherung schonn haten a wou d’Mutuellë just nach e Comple- ment duergestallt hunn.

Ech mengen, dee Complement sollt een awer net vergiessen, well net jiddweree kann oder wëllt sech bei enger kommerzieller Assurance zousätzlech versécheren. Net jiddweree kann, well en eventuell medezinnesch duerch hire Raster fält, well en ze deier kéint ginn. A genau do gräifen d’Mutuellen an. Si bidde jiddwer- engem eng gemeinsam Basis, en „level playing field”, ob een dann elo e bësse méi krank oder e bësse manner krank ass a sengem Liewen. Ech mengen, dat ass ganz wichteg, datt mer hei dee Solidargedanken net verléieren an datt mer weiderhin an enger Welt bleiwen, wou mer keen op der Strooss loossen, just well en e bësse méi krank gëtt.

Ech mengen, zum Gesetz vläicht eng kleng Saach nach, ier ech ofschléissen. Mir hunn an deem Gesetz elo trennschaarf geléist, wat eng Assurance soll maachen, wat eng Mutuelle soll maachen an och, wéi eng Mutuelle soll fonc- tionnéieren. Wat elo nach ze kucke bleift, ass: Wat geschitt mat all deene klenge Mutuellen? Et existéieren eng gutt Unzuel vu klengen, ganz klenge Mutuellen, wat geschitt mat deenen ënnert deem neie System?

Ech mengen, datt sech do eng gewësse Konso- lidéierung wäert asetzen. Ech hoffe just, datt déi Konsolidéierung net op d’Käschte vun hire Membere geet.

Grondsätzlech ass dat heiten awer e Gesetz, wat net nëmmen e klenge Schrëtt, mä e grousse Schrëtt an déi richteg Richtung mécht. An duerfir markéieren ech och den Accord vun de Piraten fir dëse Projet.

Villmools Merci.