Header for Projet de loi relative aux mesures temporaires dans le domaine de la formation professionnelle et portant dérogation à l’article L. 1113, paragraphe 4, du Code du travail

Projet de loi relative aux mesures temporaires dans le domaine de la formation professionnelle et portant dérogation à l’article L. 1113, paragraphe 4, du Code du travail

Dës Ried hunn ech den 11/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi relative aux mesures temporaires dans le domaine de la formation professionnelle et portant dérogation à l’article L. 1113, paragraphe 4, du Code du travail” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Merci och nach eng Kéier dem Rap porter fir de Rapport, deen dës Kéier a grousse Buschtawe virgedroe gouf.

(Hilarité)

Wann et ëm d’Stagë geet, da gëtt et vläicht ee klenge Bemoll. Dat ass, datt et haut, an dat ass vläicht de Chambreprofessionnellen zouze droen an net direkt dem Minister, nach ëmmer heiansdo schwéier ass fir Entreprisen, fir Stage plazen ze offréieren, well se gewësse Kondi tioune mussen erfëllen. Dat ass deen ee Be moll. Wa mer eis nämlech ëmmer driwwer op reegen, datt et net genuch Stageplaze gëtt, da sollt ee sech vläicht och eng Kéier Gedanken driwwer maachen, wéi een et vläicht nach méi einfach ka maachen, datt Entreprisen, grad och jonk Entreprisen, kënne Stagiairen ausbilden. Dat gesot, soll och erëm hei d’Kris kengem zum Nodeel ginn. An dofir droe mir dëse Projet och mat.