fbpx
 

Questions ParlementairesAusschreiwung vum 5G

June 3, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/06/5g-network-switch-knob-with-different-telecommunic-NQ2D74A.jpg

A menger parlamentarescher Fro n°78 hat ech de Premierminister iwwert d’Sécherheet a Vertraulechkeet vun de Kommunikatiounsreseaue befrot. Deemools war jo säitens der US-Regierung beschloss ginnkeng Equipementer vun Huawei méi an hirem sougenannte “Core” vum Kommunikatiounsreseau wäerten asetzen. D’lëtzebuergesch Regierung huet hei net ausgeschloss, fir chinesesch Technologien am Kär vun eise Kommunikatiounsinfrastrukturen ze verbidden. Weider schreiwen d’Ministeren:  “”Aktuell verfügt d’Regierung net iwwert genuch corroboréiert Fakte fir esou eng Mesure ze huelen, mee wann dëst sech géing ënneren, da misst eng Reevaluatioun gemaach ginn.”” Tëschenzäitlech huet d’Regierung, am Juni 2019, eng ëffentlech Ausschreiwung fir Projeten am Kontext vum 5G gestart. Heibäi ass d’Post als Koordinator am Beräich “Network Security” festgehale ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech d’Faktelag, wat d’Benotzung vu chineseschen Technologien an eise Kärkommunikatiounsinfrastrukturen ugeet, verännert? Wéi eng Rapporte leien der Regierung hei vir?

  2. Wéi eng Sécherheetskrittären an Technologiesufuerderunge goufen am Domän vun der Network Security festgehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2320

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.