Header for B Proposition de révision de l’article 95ter de la Constitution

B Proposition de révision de l’article 95ter de la Constitution

Dës Ried hunn ech den 11/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “B Proposition de révision de l’article 95ter de la Constitution” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dëser neier Bestëmmung, wéi d’Madamm Beissel dat virdru ganz kloer an, mengen ech, och nach eng Kéier anschaulech duergestallt huet, gi mer eis u sech Reegelen, wéi mer an Zukunft domadder ëmginn, wann e Gesetz net verfassungskonform ass.

Den Här Gloden huet zwar ganz ausféierlech an och pedagogesch wäertvoll vun den Äppel geschwat a vun den Äppelverkeefer, woufir ech him och Merci soen, well et huet dat Ganzt och nach eng Kéier bildhaft verwierklecht, fir wat et wichteg ass, déi Reform hei ze maachen. Et ka jo net sinn, datt mer e Gesetz hunn, dat verfassungswiddreg ass, dat einfach esou am Vide weiderexistéiert!

Une voix. An applizéiert gëtt!

M. Sven Clement (Piraten). An applizéiert gëtt!

De méi problematesche Fall ass natierlech deen, wou d’Cour constitutionnelle zum Schluss kënnt: „Dat Gesetz ass zwar verfas sungswiddreg, mee wa mer et muer abrogéie ren, dann hu mer e Vide juridique.“ Wat maa che mer dann?

Ech mengen, dee Kompromëss, dee mer elo hei fonnt hunn, fir ze soen: „Mir ginn deem enk Limitten“, ass dee richtegen, datt mer wierklech eis eng Chance ginn als Legislateur, zesumme mat der Regierung, als Chamber, déi Gesetzer op de Leescht ze huelen. Dat däerf awer keng Excuse sinn, fir dat duerno schleefen ze loossen an op d’Regierung ze waarden! Mir mussen als Chamber eis Responsabilitéit dann iwwerhuelen an déi Arrête suivéieren.

Ech mengen, datt et wichteg wär, datt mer duerfir dann och an der Chamber e Service hätten, dee sech dorëm géif këmmeren an deen automatesch déi Gesetzer dann och géif un d’Justizkommissioun oder zumindest un déi zoustänneg Kommissioun weiderginn, wann en Arrêt vun der Cour constitutionnelle do ass. Dat géif et eis erméiglechen, déi Aarbecht ze maachen, déi eis elo mat där neier Reform zoukënnt.

Ech hoffen, datt mer net allze vill Gesetzer virun der Cour constitutionnelle rejetéiert kréien, mee et kënnt vir. An da sollte mer gewappnet sinn. Domadder ginn ech den Accord vun de Piraten.