Cannabis

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord zwee Punkten zum Cannabis stoen, eemol datt den medizinesche Cannabis ausgebaut soll ginn an datt gekuckt soll ginn wéi de rekreative Cannabis soll agefouert ginn. Dir musst mir net gleewen a kennt selwer déi zwee Punkten noliesen

A menger Fonctioun als Deputéierten sinn ech schonns fréi ëmmer nees op Dysfonctionnementer beim medizinesche Cannabis gestouss a begleeden deen Dossier dofir ganz intensiv wéi dir unhand vu menge ville parlamentaresche Froen an Nofroen gesi kënnt.

Wat den Cannabiskonsum fir jiddereen ugeet huet d’Regierung bis elo ganz wéineg Opweises, sie hunn den 22. Juni 2022 e Gesetzesprojet (Projet de loi 8033) deposéiert fir folgendes z’erlaben:

  • Bis zu 4 Cannabisplanzen pro Haushalt unzebauen (egal wéi grouss den Haushalt ass)
    • Planzen dierfen net fir Drëtter visibel sinn
    • Se mussen doheem ugeplanzt ginn
  • Just de selwer ugebaute Cannabis dierf legal consomméiert ginn
    • Et dierf een en och net vun A op B transportéieren

Ech sinn éierlech, dee Gesetzesprojet enttäuscht mech batter an entsprécht och guer net méi dem Koalitiounsaccord. Ech wäert weider um Dossier dru bleiwen, fir datt mir ENDLECH eng richteg Legaliséierung kréien!