Chamber

D’Chamber gëtt vum Vollék gewielt. Die wichtegst Aufgaben vun der Chamber sinn Gesetzer ze maachen an d’Regierung ze kontrolléieren. Déi 60 Deputéiert entscheeden och iwwert de Budget a wéi Gesetzer auszegesinn hunn. Do dernieft muss d’Chamber Asäz vum Militär am Ausland autoriséieren. Weider Informatiounen iwwert d’Aarbecht vun der Chamber fann dir hei.

Eng wichteg Konditioun fir Demokratie ass nët nëmmen datt d’Vollék wiele kann wien se wëllen, mee eben och datt déi gewielte Vertrieder:innen onofhängeg zu hirer Meenung kënne kommen. Leider ass eis Chamber wat Transparenz ugeet nach e bëssi hannendran, mee dofir informéieren ech iwwert meng Kontakter mat Lobbyisten a verëffentlechen de relevanten Deel vu menge Finanzen.

Fraktioun & Kommissiounen

D’Deputéiert an der Chamber gehéiere Fraktiounen (Groupe Parlementaire (ab 5 Memberen) oder Sensibilité Politique (bis 5 Memberen)) un. Meeschtens entspriechen déi och de Parteien déi zur Wal ugetruede sinn. Sou sinn ech zesumme mam Marc Goergen een vun zwee Deputéierten vun der Sensibilité Politique PIRATEN. Dir fannt d’Zesummesetzung vun der Chamber och um Site chd.lu

Ech sinn aktuell President vun eiser Fraktioun wat heescht datt ech nierft der politescher Aarbecht, och administrativ Aufgaben iwwerhuelen, wéi d’Personal ze geréieren a Sëtzungen an der Presidentekonferenz ze preparéieren.

D’Kommissiounsaarbecht ass fir kleng Fraktiounen besonnesch ustrengend, sou hunn ech aktuell folgend Positiounen:

  • President vun der Commission de vérification des pouvoirs
  • Member vun den Commission des Finances et du Budget, Commission des Comptes, Commission spéciale “Tripartite”, Commission du Règlement, Commission du Contrôle de l’exécution budgétaire, Commission des Classes moyennes et du Tourisme, Commission de l’Economie, de la Protection des consommateurs et de l’Espace, Commission de la Santé et des Sports, Commission de la Digitalisation, des Médias et des Communications
  • Observateur délégué an den Sous-Commission “Télétravail” de la Commission du Travail, de l’Emploi et de la Sécurité sociale, Sous-Commission « Avenir de l’Europe » de la Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Coopération, de l’Immigration et de l’Asile, Commission des Affaires étrangères et européennes, de la Coopération, de l’Immigration et de l’Asile, Commission de la Culture, Commission de l’Education nationale, de l’Enfance, de la Jeunesse, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle an Commission du Travail, de l’Emploi et de la Sécurité sociale
  • Member vum Groupe interparlementaire du scoutisme
  • Membre suppléant permanent vum Bureau
  • Observateur an der Conférence des Présidents

International Vertriedungen

D’Chamber huet och eng Rei international Verpflichtungen, an ech vertriede Lëtzebuerg an der “Délégation luxembourgeoise auprès de la Conférence interparlementaire sur la stabilité, la gouvernance économique et la gouvernance au sein de l’Union européenne (SCEG)” sou wéi an der parlamentarescher Vertriedung vun der NATO.

An der NATO PA sinn ech Special Rapporteur on Climate Change fir den Science & Technology Committee wou ech e Rapport geschriwwen hunn iwwert CLIMATE CHANGE MITIGATION AND ADAPTATION: THE ROLE OF TECHNOLOGY an de Rapport STRENGTHENING ALLIANCE S&T RESILIENCE

Parlamentaresch Netzwierker

Do dernieft sinn ech och nach Member a verschiddene parlamentareschen Netzwierker: