Header for Comptes du service intérieur de la Chambre des Dépu tés pour l’exercice 2019

Comptes du service intérieur de la Chambre des Dépu tés pour l’exercice 2019

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Comptes du service intérieur de la Chambre des Dépu tés pour l’exercice 2019” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech mengen, et gouf vill gesot iwwert d’Reserven an doriwwer, wéi ver antwortlech a verantwortungsvoll d’Chamber mat hire Suen ëmgeet. Duerfir als Éischt e grousse Merci un de President vun eiser Commission des Comptes a Rapporter Marc Lies fir de Rapport.

Ech mengen, et war hei e méi einfache Rapport ze maache wéi beim Staatsbudget, well bei der Cham ber net en décke Minus um Enn vum Joer do stoung, mee tatsächlech en décke Plus. Dat kann een eng Kéier esou soen. Dat weist och, datt an der Chamber keng Sue verschwent ginn, datt mer hei wierklech gutt op d’Suen oppassen a verantwor tungsvoll domadder ëmginn. An dat verantwor tungsvollt Ëmgoe mat Sue bedeit awer och, datt mer eis trotzdeem déi Moyene ginn, déi mer als Chamber brauchen.

Een Deel dovunner ass ugeschwat ginn, dat ass de Service scientifique. Dat ass déi Cellule, déi eis soll hëllefen, eis an deenen ëmmer méi komplexe Ge setzer besser ze informéieren, neutral ze informéie ren a wat domadder eis eng Méiglechkeet gëtt als Deputéiert, fir evidenzbaséiert Politik ze maachen. Dat ass ganz wichteg, datt mer Politik net nëmmen aus dem Bauch eraus maachen, mee datt mer Poli tik maachen op Basis vu Fakten.

D’Oppositioun, ech mengen, all déi véier Parteien aus der Oppositioun froe reegelméisseg no Zuelen, no Donnéeën. Dat ass net, fir iergendee rosen ze maachen. Dat ass net, fir iergendee wëllen ze schi kanéieren. Dat ass meeschtens aus dem éierleche Bedarf eraus, fir besser informéiert ze sinn, fir bes ser Entscheedunge kënnen ze huelen, besser kën nen anzeschätzen, wou d’Rees da soll higoen.

Duerfir fannen ech et ganz gutt, datt d’Chamber hei en éischte Schrëtt mécht an déi richteg Richtung, fir sech eeben eng Cellule ze ginn, déi esou Donnéeë ka bündelen, esou Donnéeë kann opbereeden an dann allen Deputéierten, ob Majoritéit oder Opposi tioun, kann zur Verfügung stellen. Dat ass, mengen ech, immens wichteg.

Vläicht ee Punkt awer nach aus dem Rapport eraus geholl, dee weist, datt an der Chamber vill ge schafft gëtt: D’Käschte vum Compte rendu goufe substanziell depasséiert. An dat louch net dorun ner, datt net geschafft gouf, ganz am Contraire. Dat louch dorunner, datt ganz vill geschafft gouf, datt ganz vill Questionparlementairë gestallt goufen, datt ganz vill Motiounen deposéiert goufen, datt ganz vill Riede gehale goufen hei, datt et e liewegen Debat hei an der Chamber gouf. Dee liewegen De bat fënnt sech eeben an all eenzelner Zeil vum Compte rendu erëm an déi Zeile kaschten alt e bës sen eppes. Duerfir gouf dee Budgetsposten dann depasséiert.

Ech mengen awer, datt mer bei deem Resultat, wat mer gemaach hunn, ganz gutt domadder liewe kën nen. An duerfir ginn och d’Piraten den Accord fir d’Resolutioun herno.

Merci.