Header for Comptes du service intérieur de la Chambre des Députés pour l’exercice 2018

Comptes du service intérieur de la Chambre des Députés pour l’exercice 2018

Dës Ried hunn ech den 19/12/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Comptes du service intérieur de la Chambre des Députés pour l’exercice 2018” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Och merci dem Rapporter fir säi Rapport. Awer dee grousse Merci gehéiert deene Leit, déi déi Zuelen ausgeschafft hunn, déi all Joer, all Dag, all Mount dovunner mat deenen Zuelen ze kämpfen hunn an och heiansdo mussen Nee soen, nämlech dann, wann erëm iergendee vun eis heibanne vläicht eppes wëllt an de Budget vun der Chamber schreiwen, an déi domadder derfir suergen, datt eise Budget hei ëmmer opgeet.

Ech mengen, den Här Back huet et gesot, mir hu gewësse Reserven, fir eppes ze maachen an deem Budget. A mir sollten dat och ugoen. Do si jo déi éischt Demarchen amgaangen. An ech mengen, dat sollt ee konsequent weiderféie ren, datt mer eis hei als Parlament dann och déi néideg Pouvoiren, déi néideg Moyenen och ginn, fir dat ëmzesetzen.

Ganz perséinlech, mengen ech, schléissen ech mech deene Mercien un, engersäits un de Ge neralsekretär Claude Frieseisen, mee awer och un d’Madamm Biasini, déi hei net nëmme fir dee Rapport hei eng Aarbecht, an eng ex zellent Aarbecht geleescht hunn, mee am All dag derfir suergen, datt net nëmmen d’Ple nièrë fonctionéieren dat ass dat, wat d’Leit dobausse vun der Chamber ganz gäre gesinn , mee datt alles am Hannergrond fonctionéiert.

Et ass nun emol esou, et seet een et heiansdo salopp: „Geld regiert die Welt.“ Et ass net onbe déngt, datt et d’Welt regéiert, mee et ass awer dat, wat d’Prozeduren, déi eenzel Instanzen um Lafen hält. A wann ee keng Sa lairë kann iwwerweisen oder wann Experten net kënne bezuelt ginn: Ma, da maache mer et net! An deementspriechend hunn déi zwee hei an der Vergaangenheet derfir gesuergt, datt eeben eis Rieder hei an der Chamber gutt ge dréit hunn.

An deem kuerze Joer, wou ech derbäi sinn, hunn ech gemierkt, datt et ouni déi zwee op alle Fall vill méi schwéier gewiescht wär. An ech hoffen, datt déi Kompetenzen dann och an Zu kunft bei deenen neie Leit op deem Poste wei dergi ginn. A gläichzäiteg natierlech och …

(Interruptions)

Ma …! Jo, si sinn nach sechs Méint do, mee si maachen awer kee Rapport méi, Här Berger. Wann Dir hinnen net Merci soe wëllt, ech soen hinne Merci! Villmools Merci.

(Exclamations)

M. Eugène Berger (DP). Här Clement, mir wäerten dat dann zum Moment, wou et ubruecht ass, sécherlech scho maachen!

(Brouhaha général et coups de cloche de la présidence)

M. Sven Clement (Piraten). Jo, wann Der wëllt streiden, kënne mer dat gär maachen, Här Berger.