fbpx
 

Questions ParlementairesDatenerhiewung per Formstack?

May 14, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/05/Capture%20d’écran%202020-05-13%20à%2009.49.42.png

Den Educatiounsministère huet rezent d’Ausschreiwunge gemaach, fir ee  “pool national études surveillées” an ee “pool national accueil d’enfants” opzestellen. De Ministère gëtt dobäi vum CGIE ënnerstëtzt, deen een Online-Aschreiwungs-Formulaire opgestallt huet, an deem perséinlech Donnéeën ergraff ginn, dorënner och d’Matricule an d’perséinlech Ënnerschrëft. Dësen Online-Formulaire kënnt vun der US-amerikanescher Firma Formstack a leeft also iwwer amerikanesch Serveren, also ausserhalb vun de Reegele vum europäeschen Dateschutz (RGPD).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat benotzt d’Regierung fir dëse Formulaire  1. keen Open Source? 2. kee lëtzebuergeschen, voire europäeschen, Server?

  2. Ass d’Regierung der Meenung, datt eng Formstack–Ënnerschrëft den néidege Krittäre vum eIDAS entsprécht, wëssend, datt mat der Ënnerschrëft eng Consultatioun vum Casier judiciaire erlabt soll ginn? 

  3. Consideréieren d’Ministeren, datt de Formstack-Formulaire deenen Dateschutzstandarden entsprécht, déi mir zu Lëtzebuerg oder an der EU uwenden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2194

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.