Dateschutz

Dës Dateschutzerklärung klärt iech iwwert den Emfang vum Verschaffe vu persounebezunnenen Daten op dëser Websäit op. Fir d’Social Media Profiler gëllen jeeweils d’Regelen vun de verschiddene Plattformen.

Einfach erklärt

Dëse Site benotzt keng Cookies, wann Cookies vun Drëtte benotzt musse ginn, zB YouTube, Facebook, …, da muss de User explizit awëllegen. Mir iwwerdroe keng Daten un Drëtter an ausser der IP-Adress déi aus technesche Grënn während e puer Stonnen gespäichert gëtt, erhiewe mir keng persounebezunnen Daten. Déi eenzeg Daten sinn also déi, déi s du eis matdeels wann s du mat eis a Kontakt trëtts. Dës Date sinn néideg fir dir eng Äntwert zoukommen ze loossen, du kanns zu all Zäitpunkt dës Date consultéieren an och läsche loossen.

Verantwortlechen

Sven CLEMENT
Sensibilité politique PIRATEN
22, rue de l’Eau
L-1449 Luxembourg
sclement(at)chd.lu

Verschafften Daten

  • Kontaktdaten (Numm, E-Mail)
  • Meta-/Kommunikationsdaten (z.B. IP-Adressen)

Betraffe Persounen

Benotzer vun dëser Websäit

Zweck vun der Verarbeschtung

  • Zurverfügungstellung vun dëser Websäit
  • Beäntwere vu Kontaktufroen
  • Technesch Maintenance vun dëser Websäit