Header for Débat d’orientation sur le plan de développement cultu rel « KEP 1.0 »

Débat d’orientation sur le plan de développement cultu rel « KEP 1.0 »

Dës Ried hunn ech den 29/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Débat d’orientation sur le plan de développement cultu rel « KEP 1.0 »” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. „D’Kënschtler musse fräi sinn“, dat hu mer virdrun hei am Debat héiere vu genau där Persoun, déi elo hir Plainte nach eng Kéier verteidegt huet. Wat se awer vergiess huet ze soen ass, datt se viru Geriicht verluer huet. An zu Recht verluer huet! Well mir hunn hei zu Lëtzebuerg eppes, dat nennt ee Konschtfräi heet. A Kënschtler mussen net nëmme fräi sinn, d’Kënschtler sinn zu Lëtzebuerg fräi. A wie mengt, datt dat no ënne geriicht wär, d’Konschtfräiheet, dee verpasst, mengen ech, wat e Carlo Schneider u Kari kature produzéiert, dee verpasst, wat an aneren Zei tungen u satiresche Wocheréckblécker produzéiert gëtt, an ech weess net. Ech mengen, ech deelen eppes mam Här Baum: vläicht net ëmmer d’politesch Meenung, mee „féck de Clement“, dat hunn ech och schonn e puermol héieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Fräiheet, Individualitéit, Onofhängegkeet an eng ge sond Portioun Courage, fir d’Gesellschaft ze han nerfroen, dat sinn alles Attributer, déi engem spon tan afalen, wann een u Kulturschafender denkt.

Dobäi feelt awer een zentraalt Attribut, fir enger heefeger Realitéit gerecht ze ginn, an dat ass Liewen a Prekaritéit.

Et war fir d’Leit aus dem Kultursecteur och schonns virun der Pandemie net einfach. Ouni séchert a fest Akommes ass et schwéier, op enger Bank e Prêt ze kréien oder eng Wunneng ze lounen. Et ass schwéier, wäit an d’Zukunft ze plangen, an ëmmer nees domi néiere finanziell Suergen an Onsécherheeten den All dag. Mee säit d’Aschränkungen, déi mam neie Virus verbonne sinn, d’gesellschaftlecht Liewen dominéie ren, ass et nach vill méi schlëmm ginn.

Dëse Kulturentwécklungsplang gouf zu engem Mo ment geschriwwen, wou nach kee sech virstelle konnt, a wat fir enger Situatioun mir eis e puer Joer méi spéit géifen erëmfannen. Dat däerf awer net heeschen, datt déi am KEP festgehalen Ziler elo net méi erreecht sollte ginn, mee dat muss bedeiten, datt d’Politik sech eng gewësse Flexibilitéit muss ginn, fir duerchaus och méi ambitiéis Aiden ze envi sagéieren, wéi vläicht ursprénglech virgesinn.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). D’Banken an d’Pro prietäre ware schonns virun der Pandemie skep tesch, wann ee Kulturschafenden ouni fest Akommes bei hinnen ugeklappt huet. Säit der Pande mie kréie vill Kënschtler awer emol guer kee Rendez vous méi, mee si kréien um Telefon scho gesot, datt weeder d’Bank nach de Proprietär wëllen de Risiko agoen, dee mat der onsécherer finanzieller Situa tioun vun de Kulturschafende verbonnen ass.

Dat ass kee Problem, deen alleng Kulturschafender betrëfft, ech mengen, et gëtt eng ganz Rëtsch aner Leit, déi och dovunner betraff sinn, mee et ass awer an engem prekären, oder zu engem groussen Deel prekäre Secteur leider eng Realitéit. An dat läit net dorun, datt dës Leit net genuch Suen op der Säit hätten, mee eeben dorun, datt, wéi dat eebe vill Beruffer aus dem Kultursecteur mat sech bréngen, d’Akommes net stabill Mount fir Mount gläichméi sseg um Kont ukënnt, mee et gëtt Méint mat méi an et gëtt Méint mat manner Akommes, jee nodeem wéi d’Projete fäerdeg ginn, wéini en Optrëtt ka ge plangt gi respektiv wéini een erëm eng Vente huet.

An do hänkt et elo an der Pandemie natierlech ëm sou méi. Vill Projeten hu mussen ofgesot gi wéinst de Covidrestriktiounen hei am Land, mee och am Ausland. Verschidden Optrëtter sinn net méi finan ziell drobar wéinst de Restriktiounen, déi mer hunn.

Dat ass kee Reproche un de Restriktiounen, ëm Gottes Wëllen! Ech mengen, all déi Restriktiounen, oder de Gros vun hinnen, maache Sënn. An ech mengen, datt heibanne jo och nach ëmmer eng Ma joritéit der Meenung ass, datt et eng Pandemie gëtt, déi Restriktioune verlaangt. Mee Fakt ass, et huet eis Kultur beaflosst! An ech freeë mech perséinlech och schonns drop ze gesinn, wéi eis Kënschtlerin nen a Kënschtler mat dëser Pandemie ëmginn an och d’Sortie aus dëser Pandemie kënschtleresch begleede wäerten.

Fir verschidde Kënschtler ass dann och d’Hausse vun de Präisser vun de Matièrepremièren een net ze negligéierende Facteur, wann et drëms geet, ob hire Projet um Enn vum Mount nach opgaangen ass.

Jo, et gëtt Aiden an Ënnerstëtzungsmoossname fir Kulturschafender, mee trotzdeem sinn déi aktuell Zäiten net einfach fir Museker, Moler, Schrëftsteller, Sculpteuren, Schauspiller, Dänzer an esou weider an esou fort. Et mussen hinne Perspektive gebuede ginn. An dofir freeën ech mech, datt och d’Ma damm Ministesch am KEP e Plan de route virgesäit, deen net statesch ass, mee deen ëmmer nees un déi aktuell Gegeebenheete muss ugepasst ginn. Bei aller Flexibilitéit, déi d’Regierung sech wëllt ginn, bleift an eisen Aen awer ee grousse Problem bestoen, an dat ass deen, datt de Kulturentwécklungs plang e Plang ass, deen eng Professionaliséierung viséiert an domat och eng Ekonomiséierung vun der Kultur.

Dat huet éischtens déi traureg Konsequenz, datt d’Konscht an d’Kultur am net professionelle Beräich, dat heescht am Beräich vun den Hobbymuseker oder Hobbymoler zum Beispill, hei wäitestgeeënd ënnert den Dësch falen, obwuel gewosst ass, wéi wichteg kreativ a schëpferesch Aktivitéite fir d’Santé mentale kënne sinn, an dat och grad a Krisenzäiten.

Zweetens ergëtt sech esou awer och de Risk, de Wäert vun enger kultureller Produktioun ze verzerren, andeems d’Valeur vun engem Wierk u senger Verkaf barkeet bemooss gëtt. Wat mat engem Wierk méi Profitt ka generéiert ginn, wat besser. Esou kënnen Iddien, Erliefnisser, Gedanken, Gefiller an Inspiratiou nen, déi eigentlech onbezuelbar sinn, reduzéiert ginn op de Profitt, dee sech mat hinne generéiere léisst.

An dat däerf a mengen Aen net sinn.

D’Kulturschafend sinn natierlech, wéi jiddwereen, Deel vun der Gesellschaft an der Natioun, an där se liewen. Mee an hirem Beruff huele se d’Roll vun engem kritesche Beobachter an a beweege sech esou an engem Kader, deen, jo, gläichzäiteg an der Gesellschaft, mee awer och deelweis ausserhalb vun der Gesellschaft ass, wann een e Bléck vu bausse op d’Mëssstänn werfe wëllt, well et nëmmen aus dëser hybrider Positioun eraus méiglech ass, der Gesell schaft e Spigel virzehalen.

Wa mer Ziler viséieren, déi d’Konscht méi verkafbar maache sollen, wa mer d’Weiderverwäertbarkeet vun enger Schëpfung favoriséieren, well esou aus enger Produktioun ëmmer nees Profitt ka gezu ginn ouni nei Ausgaben oder Zäitinvestissementer, wa mer d’Qualitéit vun engem Wierk duerch de Präis, deen et um Maart erzile kann, bemoossen, da verzerre mer de Kär vun der Kultur.

Selbstverständlech brauchen och Kulturschafender Suen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen an hiert Liewe gestalten ze kënnen. Hei stellt sech awer d’Fro, ob dat nëmmen iwwert de Wee vun enger Ekonomiséie rung vun der Kultur ka goen. Ech weess, datt eis Re gierung, wat d’Theema Grondakommes a Copyright ugeet, ëmmer e wéineg, et kann ee soen, retizent as, an dofir gesäit de Kulturentwécklungsplang jo och keng innovativ Neiusätz fir d’Kulturfinanzéierung vir, mee bleift bei de klasseschen Outilen an Aiden, déi een eeben esou aus der Maartwirtschaft kennt.

Mee dat ass u sech e bëssen traureg, well et an ei sen Aen eng verpasste Chance ass, Kulturschafend vun hirer Maartofhängegkeet ze befreien. E Grond akommes hätt ville Kënschtlerinnen a Kënschtler an dëser Kris e weidert Sécherheetsnetz kënne bid den a géif de Kulturschafenden et erlaben, hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen, ouni permanent Angscht virun der Prekaritéit an den domat ver bonnenen Iwwerleeungen, wat sech verkafe léisst a wat net. A virun allem och virun der Suerg, datt, wa se vu staatleche Subventiounen ofhängeg sinn, dann op eemol vläicht awer eng Partei kéint un d’Rudder kommen, déi zwar dervunner schwätzt, datt d’Kultur soll fräi sinn, mee a Wierklechkeet d’Kënschtler op d’Geriicht zitt. A wat géif als Éischt do gestrach ginn? Ma natierlech d’Subside vun deene Kënschtle rinnen a Kënschtler, déi hinnen net géife passen.

Gläichzäiteg kéint e modernt CopyrightGesetz d’Rechter vun den Auteure schützen, se finanziell entlounen an hir Wierker fir d’Gesellschaft méi zou gänglech maachen.

Ech begréissen do och explizitt, datt mer an der Re form vun den Droitd’auteuren d’BestsellerKlausel nach eng Kéier wäerten ukucken, well och do ass, mengen ech, op europäeschem Plang vill Aarbecht geleescht ginn, datt e Kënschtler, wa säi Wierk grousse Succès huet, net kann duerch Knebelver träg ausgebeut ginn.

Mir hunn haut nei Viraussetzungen, fir Texter, Musek, Biller a Filmer weltwäit ze verbreeden, ze consom méieren, awer och ze besëtzen. An do muss ee sech dann awer d’Fro stellen, wéi dat och mat deenen neien Technologien ass. An ech mengen, deen ak tuellsten Hype si jo déi NonFungible Tokens oder kuerz NFTen. Wat sinn NFTen? Ma fir jiddwereen, dee sech fir Blockchain & Co. interesséiert, dat ass eng Aart a Weis, wéi ee kann e Stéck Konscht besët zen, ouni de physeschen Objet ze besëtzen.

Esou gouf zum Beispill deen éischten Tweet rezent fir 3 Milliounen Dollar verkaaft. E GIF vum Nyan Cat dat ass déi Kaz, déi e ReebouSchwanz, Ree bouFuerz, wéi een et dann och nennt, huet, an déi permanent duerch d’Géigend flitt gouf fir e puer Dausenden Euro verkaaft; net de Fichier per se, mee d’Recht, sech als Eenzegen Eegentemer vun deem Fi chier ze nennen. Dir gesitt, dat verlaangt scho mol en intellektuelle Sprong, fir iwwerhaapt als Eenzegen Eegentemer vun engem digitale Fichier kënnen ze sinn, dee gläichzäiteg nach fräi am Internet zirku léiert. Mee nichtsdestotrotz hunn hei Leit Weeër fonnt, fir d’Kultur nach méi ze ekonomiséieren.

Et stellt sech also d’Fro, wéi mer an Zukunft mat esou Tendenzen ëmginn. Sinn dat nei Chancë fir Kënschtlerinnen a Kënschtler oder ass et eng Gefor? Ass et eng Gefor, datt hei aus eppes, wat fir jiddwereen als allgemengt Kulturgutt zougänglech misst sinn, op eemol e Spekulatiounsgutt gëtt? Datt mer hei also net nëmmen e Spekulatiounsgutt aus Kultur maachen, mee tout au contraire, fir déi Tokens ze „minen“, also ze produzéieren, gëtt esou vill Stroum verbraucht, wéi Serbien an engem Joer als Land produzéiert. Dat ass en immense Klimaim pakt, fir digitalen Eegentum iergendwou ze transfe réieren. An dann ass et nach net emol Eegentum, da sinn et op eemol nëmmen nach Rechter u Kultur!

Et muss ee sech also hei bei esou technesche Froen, bei esou Froen, op déi Lëtzebuerg ganz wéi neg Afloss huet , d’Fro stellen, wéi mir als Politik, mee och, wéi dee ganze Secteur an Zukunft domad der ëmgeet.

Mir mussen engersäits jiddwerengem d’Chance ginn, fir eng finanziell Sécherheet ze hunn; mir mussen awer och jiddwerengem d’Chance ginn, fir weiderhi fräi kulturschafend ze sinn.

Déi ganz Ängschten an all déi Virwërf, déi een der Kultur heiansdo ka maachen, der Konscht heiansdo ka maachen, däerf een net dorop reduzéieren, sech nëmmen hei op de Kulturentwécklungsplang anze schéissen. De Kulturentwécklungsplang ass e Plang. Dat huet de Meritt, datt mer eng Pist hunn, e Plan de route hunn, e bëssen eng Anung hunn, wou d’Entwécklung kéint higoen.

De Problem vun esou engem laangfristege Plang, wéi et hei de Fall ass, ass deen, datt e forcement e bësse konservativ ausfält. E fält e bësse konservativ aus, net well dat d’Intentioun war, mee einfach, well ganz vill an ech mengen, ech hunn dat elo grad mat den NFTe bewisen Verännerungen einfach en cours de route kommen a sech d’Fro stellt: Wéi reagéiere mer dorobber? An ze waarden, bis et e Kulturentwéck lungsplang 2.0 gëtt, ass, mengen ech, ze laang gewaart, well bis dohin huet eis déi digital Revolu tioun laang mat der Dampfwalz iwwerrullt.

Ech denken awer, datt et e gudde Plang ass. Ech denken, datt de Kulturentwécklungsplang a ville Punkten déi richteg Jalone setzt. Ech denken do zum Beispill un de Punkt 16 iwwert de Plan d’action fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter an alle Beräi cher vun der Kultur, un den Observatoire des poli tiques culturelles am Punkt 3 oder och un de Code de déontologie fir konventionéiert Strukturen, well hei mussen déi kommend Jore genotzt ginn, fir op dëse wichtege Punkte weiderzekommen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ofschléissend wëll ech nach festhalen, datt d’Piraten den Usaz, d’Kulturpolitik duerch en dynameschen a reegelméisseg evaluéierte Plang ze koordinéieren an ze organiséieren, ganz positiv fannen an absolutt ën nerstëtzen. Wéi esou oft hätte mer eis just e wéineg méi Courage gewënscht beim Festleeë vun den Ziler, mee dat iwwerrascht no dësem Discours war scheinlech keen.

Ech soen Iech Merci.