M. Sven Clement (Piraten). Très bien!
M. Sven Clement (Piraten). Här Presi dent, léif Kolleeginnen a Kolleegen, e grousse Merci als Alleréischt gëllt der Madamm Om budsman, dem Claudia Monti, an hirer ganzer Ekipp, déi hei wierklech mat engem exhausti ven Aktivitéitsbericht dach gewisen hunn, wéi d’komplett Bild vum Ombudsman a vun hirer Aarbecht ass. Si stinn all Dag am Déngscht vun eise Biergerinnen a Bierger a leeschten en Déngscht, deen déi wéinegst vun eis heibanne warscheinlech komplett op den éischte Bléck kéinten erkennen.
Ech wëll och mengem Parteikolleeg a Rap porter villmools Merci soe fir säin exzellente schrëftlechen a mëndleche Rapport. An ech hunn et schonn ugeschwat: De Rôle vum Om budsman ass immens wichteg am Land. D’Bier gerinnen a Bierger brauchen eng Persoun, déi sech mat hinnen zesummesetzt an zesumme mat hinnen no Léisunge fir hir Problemer sicht. Si brauchen eng Institutioun, déi sech fir se asetzt an am Zweifel op der Säit vum Bierger an net op der Säit vum Staat steet, wa se sech vun enger Verwaltung falsch behandelt fillen. D’Leit hei am Land brauchen Erklärungen, mat deene se eppes kënnen ufänken, an eng Ins tanz, un déi se sech wende kënnen, wa se fil len, datt hinnen Onrecht widderfuer ass. An dat an enger Sprooch, déi se verstinn, an enger Sprooch, déi vläicht net ëmmer ganz tech nesch ass, wéi dat vläicht vu Beamten a Form bréiwer gäre benotzt gëtt, mee enger Sprooch, déi sech direkt u si adresséiert.
D’Institutioun vum Ombudsman dréit d’Roll vum Opklärer a fërdert esou d’Bild vun engem transparente Staat. Et ass natierlech evident, datt den Ombudsman an dëser Roll onange neem ass. Ma dat muss en och sinn, wann d’Géigeparteien onasiichteg sinn. Et ass fir kee schéin, Feeler ze maachen. Ma nach méi schwéier ass et, dës Feeler och zouzeginn. Ma nëmme wa mer e Feeler agesinn, kënne mer aus deem Feeler léieren an eis verbesseren. Ënnert dësem Liicht gëtt d’Roll vum Ombudsman ëm eng weider Funktioun erweidert: En ass nämlech de Feelermelder an eisem System an dréit esou zur Verbesserung vun de Verwaltunge bäi.
Mir bedaueren allerdéngs, datt eenzel an ech betounen „eenzel“ Gemengeverwaltungen 2018, wéi den Ombudsman a sengem Rapport schreift, net kooperativ waren. An ech mengen, dat gouf vun alle Virriedner hei ugeschwat. Vläicht ass et wierklech un der Zäit, „name and shame“ ze maachen, wann et esou weidergeet. Mir Piraten ënnerstëtzen deen „name and shame“, well wann eng Gemeng emol net kapa bel ass, der Institutioun vum Ombudsman ze äntwerten, oder carrement seet: „Ma wie bass du, fir mech dat ze froen?“, an domadder den Ombudsman behandelt wéi e klengt Schoul kand, ma dann ass et an eisen Aen dach nëmme fair, wa mer déi Verwaltungen, déi sech net un d’Gesetzer halen, och mam Numm nennen. Awer net ze vergiessen: Déi Gemengen, déi am Déngscht vum Bierger exemplaresch gutt ge äntwert hunn a mam Ombudsman zesumme geschafft hunn, och déi missten am nächste Rapport erwäänt ginn.
(Interruption)
Well esou kann een och déi belounen, déi exemplaresch sinn. Et geet net nëmmen drëm, déi schwaarz Schof ze fannen, et gëllt och fir ze weisen, wien d’Institutioune respektéiert.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Marc Goergen sot et schonns a sengem Rap port, all Land brauch gutt fonctionéierend Ver waltungen, ob um nationalen Niveau oder um lokalen Niveau. Verwaltunge sinn e Bindeglidd vun enger Panoplie vu Prozesser, ob an der Wirt schaft, am Sozialen oder an der Ekologie. Eng Verwaltung kann duerch e schlechte Fonction nement dozou bäidroen, dass d’Wirtschaften in effizient gëtt, d’Sozialhëllefen net zurzäit bei deene richtege Leit ukommen oder Ëmwelt schied opgrond vu schwéiere Feeler kënne ge schéien.
Vill Staaten op dëser Welt hu Problemer, déi ënner anerem duerch schlecht fonctionéierend Verwaltungen ausgeléist ginn. Gutt Verwal tunge sinn eng Konditioun, fir datt e Land wéi en Auerespill gutt fonctionéiert. D’Verwaltung ass en Zännrad am System, un deem vill aner Zännrieder matdréinen. Fir datt déi Verwal tunge gutt fonctionéieren an domadder d’Lie wensqualitéit vun eise Biergerinnen a Bierger erhéijen, brauch et eng Reaktivitéit. Et brauch e Bewosstsäin, fir Feeler anzegestoen. An ech wëll guer net hei déi eenzel Feeler nach eng Kéier kritiséieren. Ech mengen, meng Virried ner hunn dat alleguerte gemaach, jiddwereen op seng Aart a Weis.
Wat net däerf sinn, ass, de Kapp an de Sand ze stiechen. Vill ze heefeg, an dat geet och aus dem Rapport vun der Institutioun vum Om budsman ervir, hu mer Verwaltungen, déi eréischt op e puermol nohaken hi reagéieren. Glécklecherweis reagéieren déi meescht. Gléck lecherweis kënnt et meeschtens zu enger Satisfaktioun, ob dat bei de Steieren ass, déi sech traditionell e bësse méi „zéi“ ginn, wann et drëm geet, fir eng Léisung ze fannen, a wou jo och schonn ugeschwat gouf, datt een do vun enger gewëssener Diskretioun kéint Gebrauch maachen, fir heiansdo e bësse méi flexibel ze sinn, wéi dat an der Vergaangenheet gehand haabt gouf, bis hin zu Ministèren, déi, vläicht well se manner Kontakt mam Bierger hunn, guer keng Remarke kruten.
Ech mengen, béides weist, datt et net schwaarz a wäiss gëtt, et gëtt déi verschiddenst Ausprägungen. An ech menge souguer kënnen ze soen, datt et net esou ass, datt et ëmmer d’Ins titutioun vun der Verwaltung ass, déi et de Biergerinnen a Bierger schlecht wéilt, mee datt et heefeg och um Zwëschemënschleche läit. A sou muss een dann natierlech och verstoen, datt, wann ee sech un eng Verwaltung adres séiert, ee sech och ëmmer iergendwéi un de Mënsch, deen do als Beamten déi Demande traitéiert, adresséiert an een deementsprie chend och eng gewësse Retenue sollt fleegen. Déi Retenue ass, mengen ech, net ëmmer ginn. A wann ee sou de Rapport vun dem Ombuds man liest, da fënnt een heiansdo zwëschent den Zeilen eraus, datt vläicht deen éischte Re fus och dorunner louch, datt sech onkloer aus gedréckt gouf, datt vläicht eng Base légale net ganz kloer ernimmt gouf, op déi ee sech wollt beruffen, vläicht och, well d’Biergerinnen an d’Bierger dat net ëmmer wëssen.
An dofir ralliéieren ech mech hei och nach eng Kéier un d’Fuerderung vun e puer vu menge Virriedner, déi gesot hunn, et wär gutt, wann nieft dem Recours virun de Geriichtsbarkeete mer an Zukunft och géifen an de Bréiwer op den Ombudsman hiweisen, wa mer nämlech de Leit virun engem Recours administratif um Verwaltungsgeriicht direkt géife soen: „Et gëtt och e Wee fir ze mediéieren, fir vläicht“ net onbedéngt méi séier an der Zäit, mee vläicht méi onkomplizéiert „zu deem ze kommen, wat Der wëllt, nämlech datt Der Iech fair be handelt fillt.“
Mir sollten dee Wee goen an domadder net nëmme Geld spueren well um Verwaltungs geriicht brauch een en Affekot, dat kascht e bëssen eppes , mee virun allem och eis Verwal tungsgeriichter entlaaschten, soudatt déi Fäll, déi dann och no der Interventioun vum Om budsman net kënne geléist ginn, déi néideg Zäit an och déi néideg Reaktivitéit op de Ver waltungsgeriichter hätten.
Déi eenzel Etappe musse fir d’Biergerinnen an d’Bierger vereinfacht ginn. Aus deem Grond ass et fir eis och evident, datt een d’staatlech Servi cer, wou een nëmme kann, weider digitaliséiert. Well och do, wou keng Bréiwer méi kënne ver luer goen, wou Prozesser méi reiwungslos ofla fen, gëtt den Ombudsman hoffentlech manner gebraucht a kënnt et hoffentlech zu nach man ner Recoursen, well verschidde Saachen einfach fonctionéieren.
Et seet ee sou gären: „D’Fonction publique fonctionéiert.“ Ma genee wa se net fonctionéi ert, da kënnt den Ombudsman an d’Spill. An u sech wär et dach schéin, wa mer deen Exercice, dee mer haut hei maachen, an deenen nächste Joren ëmmer weider ofbaue kéinten, well d’Fonction publique besser fonctionéiert.
Da wollt ech awer nach ganz kuerz op d’Kom munikatioun agoen, well wann een nom Om budsman sicht, da mierkt een, datt den Om budsman haut keng Presenz op deene Platt formen huet, wou déi meescht Leit ënnerwee sinn. Ech schwätzen do vun de soziale Me dien. Do wär et fir eis eng Pist, fir d’Instituti oun Ombudsman méi no bei d’Biergerinnen a Bierger ze bréngen, well déi allerwéinegst Leit sech virstelle kënnen, wat dann den Ombuds man am Alldag mécht a wou en de Biergerin nen a Bierger konkreet kann hëllefen. Eppes ass awer sécher: D’Institutioun vum Ombuds man ass net méi ewechzedenken aus eisen Institutiounen.
Här President, zu gudder Lescht wëll ech awer nach eng Kéier op d’Recommandatioun 51 vum Ombudsman agoen, déi den Ombuds man jo och a sengem Rapport opgeworf huet a wou et virun allem ëm seng Kompetenze geet. Et wär wichteg, d’Fonctioun vum Ombudsman och op déi Organisatiounen auszewäiten, déi mat enger ëffentlecher Missioun beoptraagt ginn. Well als Deputéiert vun de Piraten kréie mir vun de Leit geschriwwen, déi vereenzelt Problemer mat esou Servicer hunn. Mir Piraten deelen dofir d’Positioun, fir mat deene concer néierte parlamentaresche Kommissiounen en Austausch ze organiséieren, fir op dës Iddi an zegoen.
Dat gesot, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, nach eng Kéier e grousse Merci un den Ombudsman, déi ganz Ekipp, fir déi Aar becht! An ech hoffen, wéi gesot, datt an Zukunft ëmmer manner Fäll bei Iech um Büro landen.
Ech soen Iech Merci.