Header for Débat sur le programme gouvernemental

Débat sur le programme gouvernemental

Dës Ried hunn ech den 12/12/2018 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Débat sur le programme gouvernemental” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Dir Dammen an Hären, léif Kolleeginnen a Kolleegen, léif Regierung, als neieMember vun der Chamber wëll ech kuerz soen,datt d’Aart a Weis, wéi haut de Moie mat verschiddeneRiedner ëmgaange gouf, dach ebësse bedauerlech ass. Ech hat mer erhofft,datt hei am héijen Haus, wéi et esou gäre genanntgëtt, en aneren Toun gefleegt géif gi wéideen, deen ech am Lycée an an der Primärschoulkennegeléiert hunn.

(Interruptions et hilarité)

Ech mierken, et geet genausou weider, wéi etde Moien ugefaangen huet. Mä mir solle jo netiwwer eist Behuele schwätzen haut, mir solleniwwert de Programm an iwwert d’Ried vumHär Statsminister vu gëschter schwätzen.

De Programm, deen de Statsminister gëschterhei op der Tribün virgestallt huet, huet sech fireis net wéi e Regierungsprogramm ugehéiert,mä éischter wéi e Wahlprogramm. E Wahlprogramm,deen den eegene Wieler soll erklären,datt et dach eng gutt Iddi soll sinn, an derDräierkoalitioun weiderzefueren. A well et sechwéi e Wahlprogramm unhéiert, fanne mir Piratennatierlech eng ganz Rëtsch positiv Aspekteran dësem Programm erëm.

Ech verstoppen et net: Et gi ganz vill positivAspekter. Keen hei am Haus wäert wahrscheinlechdergéint sinn, datt de Mindestloun ëm100 Euro netto klëmmt. Kee vun eis wëlltengem Wieler Suen ewechhuelen. Dat heescht,dat ass eng super Iddi.

Den Däiwel stécht awer natierlech, wéi esouoft, am Detail, wéi et ëmgesat gëtt a wou déiSuen tatsächlech ukommen. Ech si ganz frou,datt een am Regierungsaccord net nëmmegréng, rout a blo Fiedem kann erkennen, wéidat vun deene verschiddene Riedner haut deMoien an haut de Mëtten erzielt gouf, mä echerkennen och en deelweis mofe Fuedem dranerëm, an dat ganz ouni mat an der Koalitiounze sëtzen. Duerfir felicitéieren ech och derRegierung ausdrécklech, well gutt Iddie si guttIddien, egal wie se herno ëmsetzt.

Dës gutt Iddien, déi och an eisem Wahlprogrammstoungen, sinn nieft dem ticketlosenëffentlechen Transport méi Transparenz, ebessere Schutz fir Whistleblower, en aktiivtBegleede vun der Digitaliséierung, fir datt allBierger vun de Resultater vun den neien Technologiëprofitéiere kann a keen ofgehaangegëtt.

Dëse Luef un d’Regierung ass awer konditionella ganz enk domadder verbonnen, wéi d’Annoncenaus dem Regierungsprogramm schlussendlechëmgesat ginn. Et gëllt opzepassen – andoranner läit eise Rôle als Deputéiert -, datt déischéin Annoncë vu gëschter muer net e vergëfteKaddo sinn, mä datt se esou ëmgesatginn, datt se engem Maximum vun de Biergerinnena Bierger konkret eppes bréngen.

Beim ticketlosen ëffentlechen Transport ass datgutt ze illustréieren. Wann den ëffentlechenTransport vun 2020 u gratis soll sinn, da gëlltet, eng Hällewull un Detailer ze klären. Et ass fireis Piraten kloer, datt eng gutt Fuerderung netzu enger Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounevum Personal féieren dierf, dattweider och muss an d’Mataarbechter investéiertginn an datt d’Qualitéit vum ëffentlechenTransport, en tant que tel, besser muss ginn.

Duerfir wäerte mir dëse Prozess vun haut u biszum finale Vott vun engem Projet de loi aktiv,kritesch, mä konstruktiv begleeden.

Dës Regierungserklärung huet sech och ageschriwwenan d’Kontinuitéit vun der Zweckrationalitéit,fir all sougenannt sozial Moossnamëmmer engem ekonomeschen Hannergrondënnerzeuerdnen. Ech loossen elo emol dohigestallt,ob den ticketlosen ëffentlechenTransport eng sozial Moossnam ass, mä ochd’gratis Kannerbetreiung oder méi Sproochecoursësi bei dëser Regierung a mengen Aekeng sozial Mesure, fir de Leit ze hëllefen, mä eMëttel, an dat huet den Här Statsministergëschter gesot, fir Lëtzebuerg nach méi attraktivze maache fir gréisser auslännesch Firmen,soudatt schlussendlech souguer aus soziale Mesurennach en ekonomesche Benefiss soll gezuginn.

Heiansdo muss ee sech drun erënneren, dattmir ewell en immens attraktiivt Land hunn agrad an Zäite vu gudder Konjunktur net allMoossnam duerch ekonomesch Begrënnungenhannerluecht muss ginn. Heiansdo géif et eisemLand och guttdoen, einfach emol sozialVerantwortung ze iwwerhuelen, amplaz d’Attraktivitéitvu Lëtzebuerg ëmmer an de Mëttelpunktze stellen.

Nom Liese vun deenen 246 Säite Regierungsprogramm- ech hunn héieren, dat wär engimpressionnant Zuel, ech wënsche merheiansdo léiwer Qualitéit amplaz Quantitéit,ewéi mer och schonn an engem Debat op RTLan der leschter Woch konnten diskutéieren -hate mir eis virgëschter dach Hoffnunge gemaach,d’Regierung géif net nëmme Quantitéitofliwweren, géif net nëmmen nach eng Kéierdéi Mesuren duerleeën, mä se géif ganz ënnertdem Motto vun Transparenz an Oppenheetkommunizéieren, wat d’Pond Kiischte géifkaschten a wou d’Suen derfir sollen hierkommen.

All eenzelt Versprieche gouf opgelëscht, wéi beiden zéng Geboter. Et ass iergendwéi en Trendhaut, datt jiddwereen iergendeppes Biiblecheszitéiert, …

Une voix.- Dat ass modern.

M. Sven Clement (Piraten).- … mä umEnn vum Dag wore mir esou schlau wéi virdrun.Keen ee Wuert huet den Här Statsministera senger Ried derfir benotzt, fir eis ze soen,wat dësen ambitiéise Plang d’Land déi nächstfënnef Joer kaschte wäert.

Dobäi ass et genee dat, wat eis erméiglechegéif, an aller Éierlechkeet de Meritt vum Regierungsprogrammze analyséieren, amplaz eismussen un der Form ofzeschaffen.

Wann d’Regierung seet, datt d’Oppositioun alsÉischt d’Fro nom Finanzement opwerft, dannass dat net, well mir „Polit-Nerds“ sinn, déiganz gären Zuelen diskutéieren an iwwerallwëllen en Hoer an der Zopp fannen, mä welleis d’Gesondheet vun de Statsfinanzen umHäerz läit. Nëmme wann eis Statsfinanze gesondsinn, hu mer politesch e Gestaltungsspillraum.An ech mengen, dat ass eppes, wou mereis gréisstendeels eens sinn.

Jo, eis Statsfinanze gesinn allen Indicateuren nostabill aus. Eis relativ Statsschold par rapportzum PIB ass réckleefeg. A mir kéinte mengen,et wär gutt geschafft ginn. Datt awer eis absoluttStatsschold an deene leschte véier Joer ëm11,23 % geklommen ass, dat ass vläicht mannerpositiv. Dat heescht, och hei konnte merhaaptsächlech vun enger gudder ekonomescherEntwécklung profitéieren, fir esou déizouhuelend Statsschold a relative Wäerter méikleng ze rechnen.

A grad wann d’Regierung esou een ambitiéisena wahrscheinlech deiere Regierungsprogrammannoncéiert, musse mer d’Fro no der Finanzéierungan nom Käschtepunkt mat Nodrockstellen, …

Plusieurs voix.- Très bien !

M. Sven Clement (Piraten).- … well: Wéisoll ee Prioritéite bestëmmen, wann een dePräis vun der Stee net kennt?

D’Erklärung vu gëschter léisst eis haut an engerSituatioun zréck, wou mer zwar ewell iwwertd’Faarf vun der Tapéit vun engem fiktiven Hausdiskutéieren, mä nach net emol wëssen, ob mireis den Terrain, fir dat Haus drop ze stellen,iwwerhaapt leeschte kënnen.

Bei Dramschlässer an Dramhaiser – oder ochDramprogrammer – muss een eben ëmmer oppassen datt ee sech net ruinéiert huet, wanneen da bis d’Rechnung kennt. Duerfir mussemir als kritesch, mä konstruktiv Oppositioundrop insistéieren, datt keng Bewäertung vuninhaltleche Propositioune méiglech ass, bis netoch kloer ass, wat dës kaschten.

Sécherlech kënne mir iwwert déi theoreteschméiglech politesch Meritte vu verschiddenePunkte schwätzen – an erlaabt mer, datt echdat am Rescht vu menger Riedezäit och maachewäert. Trotzdeem bleift d’Finanzéierung deSchlëssel zur Ëmsetzbarkeet vun all dësen Annoncen.An hei muss d’Regierung nach eemolan d’Nohëllef, fir der Chamber dann, an domadderoch alle Biergerinnen a Bierger, kloerduerzeleeën, wéi dëse Programm finanzéiertsoll ginn a wat déi eenzel Moossname kaschtewäerten.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, deFong vun dësem Regierungsprogramm bitt,nieft ville gudde Punkten, leider méi wéi genuchPunkten, déi een, souguer ouni de Käschtepunktze kennen, scho kritiséiere kann.

Esou erstaunt eis zum Beispill immens, datt dësRegierung offensichtlech kee Vertrauen an hireege Biergerinnen a Bierger huet, well aneschtkann ech mer net erklären, datt bal iwwerall opSaachleeschtunge gesat gëtt amplaz op Sozialtransferen.Et gi genuch Studien, déi beweisen,datt et besser fir d’Stéit a fir d’Ekonomie ass,wann d’Biergerinnen an d’Bierger fräi iwwerhire Budget entscheede kënnen, …

M. Étienne Schneider, Ministre de l’Économie.-Dann nennt eis emol eng!

M. Sven Clement (Piraten).- … wéi si engHëllef vum Stat asetze wëllen.

Heiansdo ass et eben net d’gratis Maison relais,déi enger Famill hëlleft, mä deeselwechte Montant,deen dës Mesure de Stat pro Kand kascht,géif bei enger Famill vill méi Effekt ausléisen avill méi Fräiheet an der Liewensplanung loossen.

M. Étienne Schneider, Ministre de l’Économie.-Dann nennt eis emol eng!

M. Sven Clement (Piraten).- Mir géifen eis …Här Schneider, Dir hutt herno 120 Minutten alsRegierung – mir Piraten, mir hunn e bësse méiwéi eng hallef Stonn, fir hei ze schwätzen.Deementspriechend géif ech Iech dann all déiFroe gären no Ärer Riedezäit beäntwerten.

M. Étienne Schneider, Ministre de l’Économie.-Dir kritt der gär vu mir. Da sot mer dat!

M. Sven Clement (Piraten).- Mir géifen eisvun enger liberaler a progressiver Regierungméi Vertrauen an hir eege Biergerinnen aBierger erwaarden, wéi d’Regierungskoalitioundat hei mécht.

Och am Beräich vun der Digitaliséierung humir d’Gefill, datt et hei méi Schein wéi Seingëtt an datt d’Parlament, genee wéi d’Bevëlkerung,duerch nei Titelen, wéi ee Minister fir Digitaliséierung,irritéiert sollt ginn, amplaz dattdéi wierklech Problemer am Beräich vum Digitalenugaange ginn.

Et ass luewenswäert, an d’Regierung wäert andësem Punkt op eis Stëmmen ziele kënnen, firadministrativ Prozeduren ze digitaliséieren anze vereinfachen. Dat dierf natierlech net opd’Käschte vu Mënschen ouni Computer goenoder mat manner IT-Fäegkeeten – dëst ass awere Constat, dee generell gëllt. Mir mussen derfirsuergen, datt keen duerch d’Digitaliséierungofgehaange gëtt.

Déi ugekënnegt Moossname kléngen allgemengdann awer e bëssen dënn. An engemLand, wou et matzen an der Haaptstad eeMount dauert, fir en Internetuschloss ze kréien,an et um Land natierlech net besser ausgesäit,an engem Land, wou mer beim Fiberausbaunach ëmmer net d’Enn vum Tunnel gesinn,wou nëmmen de Minimum vun de Gemengebeim „Wi-Fi 4 EU“-Projet consideréiert gouf,ouni emol eng anstänneg Kommunikatiounsinfrastrukturze hunn, sollte mir net déi wierklechkeetsfernAmbitioun hunn, fir eis als modernan innovativ duerzestellen.

Eng Digitaliséierungsstrategie ouni e konsequenten Ausbau vun der Kommunikatiounsin frastruktur kann a wäert net fonctionnéieren.

Duerfir begréissen – an ech soen, et stinn epuer gutt Saachen am Programm – mir ochausdrécklech déi ugekënnegt Moossnamen,wéi zum Beispill d’„5G“-Strategie vun der Regierung.Mir mussen awer kritiséieren, datt Lëtzebuergum Enn vun 2017 eréischt just 57,1 %vun allen Haiser a Residenzen un de Fiberreseauugeschloss huet. Do gëtt et also nach eganzt Stéck Aarbecht, a mir hoffen, datt déi Aarbecht och weidergeet, egal ob mer anZ ukunft wëlle 5G oder net. Well wa mer dateent géint dat anert ausspillen, da gi merinsgesamt an eise Kommunikatiounsreseaueméi schwaach.

Eng aner Tendenz, déi ech hat, wéi ech der Riedvum Statsminister zum Thema Digitaliséierungnogelauschtert hunn, wor iergendwann opzestoenan „Bingo“ wëllen ze ruffen, well esou villWierder si gefall, déi zwar zesummegereit guttMessagen duerstelle sollen, gutt klengen, mä,wann een awer hannert hir Fassad kuckt, sedach séier e Mangel u Substanz weisen.

Grad an dësem zukunftsweisende Feld – watnet nëmmen als Chefsaach erkläert gouf an domadderbeim Statsminister ugesidelt gouf, mäoch nach als ee vun zwee Ressorten en delegéierteMinister derbäikrut, dat weist jo, dattd’Regierung dat Thema eescht wëllt huelen -hätt ee sech dach vill méi Inhalt an Detailererwaarde kënnen, wéi nëmmen eng Kette vuschwéiere Wierder, déi, fir sech geholl, nachkeng Strategie sinn.

Certes, eng administrativ Reform a méi staatlechDemarchen, déi ee kann online maachen,sinn eng gutt Saach. A mir freeën eis op denDepot vun den néidege Gesetzesprojeten, firnach méi administrativ Prozeduren och digitalméiglech ze maachen. Wéi ech virdru sot, gëlltet awer, keen op der Streck ze loossen. A gradan engem Land, wat sech fir d’Digitaliséierungprett wëllt maachen, musse mer och dobäi oppassen,datt keen, opgrond vu sengem Choixvu Computer, Betribssystem oder Software, diskriminéiertgëtt an datt och oppe Léisungekompatibel mat de staatleche Servicer sinn.

Duerfir fuerdere mir, datt d’Regierung nachméi konsequent op oppen a fräi Software setzt.An duerfir hunn ech och haut dëse Messagederbäi, datt amplaz, Här Bettel, Är Zäit domadderze verschwenden, fir Siri op Lëtzebuergeschwëllen ze iwwersetzen, kéint d’Regierung eProgramm maachen, fir „Open Source“-Programmerze ënnerstëtzen, fir hir Logiciellen opLëtzebuergesch ze iwwersetzen. Dat ass vill méieinfach, geet vill méi séier a mir mussen eis netan de Login vun iergendenger kommerziellerFirma beginn.

Am Géigesaz zum Här Statsminister mengenech och net, datt mir eng Smart Nation musseginn, well dat géif bedeiten, datt mir haut engDumb Nation wieren. Fir eis sinn déi nächstSchrëtt an der Digitaliséierung net d’Benotzevu Buzzwords, mä villméi de Wandel hin zuenger cleverer Gouvernance.

Dacks huet den Här Statsminister eis gëschtergesot, datt vun de Gemenge méi Efforte verlaangtginn, souwuel beim Logement wéi ochbeim Klimaschutz oder bei de kommunalen Infrastrukturen.Dës Fuerderung kléngt an eisenOueren hypokritt, well déiselwecht Regierungskoalitiouneng Gemengefinanzreform op deWee bruecht huet, déi eng Rëtsch Gemengenun de Rand vun hire Finanzéierungscapacitéitebruecht huet. Wann ee méi Efforte vun deGemenge fuerdert, da muss een och erklären,wéi d’Gemengen dësen Aufgaben nokommesollen – dat heescht, wéi si vum Stat ënnerstëtztsolle ginn.

Mä wéi bei esou ville Punkte bleift d’Regierungstomm, soubal et ëm Konkretes am Regierungsprogrammgeet.

Och am Beräich Active Ageing – erëm esou enAnglicisme, deen de Wee an de Koalitiounsaccordan an d’Ried vum Här Bettel fonnt huet- fuerdert d’Regierung vun de Gemenge weiderEfforten, ouni ze erklären, wou déi néideg Ressourcësollen hierkommen a wéi se sollenausgesinn.

Duerfir feelt dann an der Konsequenz awer ochall Wuert doriwwer, wéi d’Regierung wëlltgéint d’Altersaarmut virgoen a wat sech hannertdeem schéinen englesche Begrëff vumActive Ageing an der Realitéit verstoppe soll. Fireeler Leit ass dës Regierungserklärung engVirwëlztut, wou een haut nach net weess, obee schlussendlech eng positiv oder eng negativIwwerraschung wäert erauszéien.

An de Beräicher Wirtschaft an Aarbecht erkennteen dann dat wierklecht Gesiicht vun der Regierung.Amplaz de Mënsch an de Mëttelpunktze stellen, ass all Moossnam an dëser Regierungserklärungëmmer op d’Diversifikatioun,d’Attraktivitéit an d’Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie ausgeluecht.

Une voix.- Très bien !

M. Sven Clement (Piraten).- Do dernieft ass ze fäerten, datt, sollt dëse Programm finanzéierbar sinn, dëst nëmme mat nach méi Wirtschaftswuesstum ka goen.

D’Piraten deelen d’Meenung vum Här Berger,datt Wuesstum – wéi mir haut héieren hunn -eng Viraussetzung fir Gerechtegkeet soll sinn,definitiv net!

Une voix.- Très bien !

(Interruption par M. Eugène Berger)

M. Sven Clement (Piraten).- Sécherlechbitt wirtschaftleche Wuesstum e finanzielleSpill raum, deen och der Gerechtegkeet zeguttkommekann. Mä jiddwereen, dee schonn engKéier gesinn huet, wéi e Kand säi leschteKichelchen deelt, weess, datt Gerechtegkeet akengster Weis Wuesstum oder Räichtum zurViraussetzung huet. Gerechtegkeet muss anenger Demokratie villméi absolutt bedéngungslossinn.

De Produktiounswuesstum däerf och net opd’Käschte vun Déiere goen, an duerfir hättemir eis e puer méi konkret Mesurë fir den Déiereschutzerwaart. En éischte Schrëtt ass sécher,wéi d’Regierung ugekënnegt huet, sech op europäeschemPlang anzesetzen, fir datt d’Déierentransporterbesser reglementéiert ginn. Mäoch national sinn an dësen Dossiere weiderEfforten néideg.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen,Wirtschaftswuesstum ass net per se schlecht.Mir géifen eis awer wënschen, datt nieft dereng wirtschaftlechen Aspekter och mënschlechAspekter héichgehale ginn, well mir dierfennet vergiessen, datt am Kär vun der Wirtschafthannert all Betrib, jo, hannert all Aktivitéitëmmer Mënsche stinn. Ob dat elo de Patronvun engem klengen Handwierksbetrib ass,de Selbststännegen, Ugestallten, déi de ganzenDag an engem Büro verbréngen, oder Mënschen,déi kierperlech schaffen, fir d’Wirt schaftum Dréinen ze halen: Mir vermësse konkretMesuren, fir dësem Réckgrat vun eiser Ekonomiekonkret ze hëllefen.

Ech wëll zwee Beispiller gi vu Moossnamen, déiop den éischte Bléck gutt kléngen, mä an derRealitéit kee bis wéineg Impakt wäerten hunn.Déi éischt ass d’Eropsetze vun der Tranche vunde 15 % Besteierung bei klengen a mëttelstännescheBetriber. Dës Moossnam kléngt wonnerbaran huet all Support vun de Piraten, firesou duerchgesat ze ginn.

Une voix.- Très bien !

M. Sven Clement (Piraten).- Leider gräiftse ze kuerz. Vill ze vill kleng a mëttelstänneschBetriber erreeche guer net déi Benefisser, déinéideg wären, fir hei vun den Ännerungen amGesetz ze profitéieren.

An den Ae vun de Piraten wär et also bessergewiescht, wann ee wierklech de ganz klengeBetriber hätt wëllen hëllefen, fir op Steierkreditterze setzen, op méi ofsetzbar Chargen zesetzen, amplaz hei hinzegoen a just iwwertd’Besteierung vum Benefiss nozedenken. ZumBeispill eng Propos, déi mer och an deenennächste Wochen a Méint wäerte weider verfollegen,wär et, d’Steierkreditter fir d’Kreatiounvun neien Aarbechtsplaze méi interessant zemaachen.

Eng zweet esou Moossnam ass dann d’Visiounvun engem duebele Lycéesofschloss. Dëse Modellwäert sécherlech méi Leit erlaben, fir sechfir en Handwierk ze interesséieren. Mir denkenawer och hei, datt de Problem haut net umNiveau vum Bac läit oder vum Accès zumHandwierksberuff, mä datt eis Wirtschaft insgesamtde Problem huet, datt mir am Contrairenet méi wëssen, wéi mir d’Leit, déi zum Beispilld’Schoul ofgebrach hunn, kënnen opfänken anhinnen eng Aarbecht offréieren.

Um Héichpunkt vun der Industrialiséierunggoufen et Beruffschancë fir jiddwereen, onofhängegvun der Qualifikatioun, well beiVollbeschäftegung oder quasi Vollbeschäftegunggëtt et normalerweis Plaze fir jiddwereen.

Deem ass haut leider net méi esou. Fréier konnteen ëmmer nach, esou d’Anekdot vu mengemBop, bei d’ARBED goen an den Haff kieren ando no an no de Goût un der Aarbecht fannen,no an no iwwer intern Promotiounen oder engintern Ausbildung an der Léierbud weider eropkommenan esou tatsächlech no an no enganer Aarbecht fannen.

Et ass gutt, méi Méiglechkeeten an der Ausbildungze schafen, mä et däerf net vergiess ginn,datt eigentlech net nach méi theoreteschtWësse gebraucht gëtt, mä Leit, déi sech konkretgewäertschätzt fille fir hir Kompetenzen anengem bestëmmte Beruff.

Dir gesitt, grad am Beräich vum Aarbechtsmaartass et wichteg, de Mënsch an de Mëttelpunktze stellen. Duerfir vermësse mir an dësemRegierungsprogramm och eng kloer Aussodozou, wéi eng voluntaristesch Usiidlungspolitikvu Betriber kéint ausgesinn, déi Firmen unzitt,déi e Besoin un den aktuell op der ADEMageschriwwene Mënschen hunn. Hei kéint eenen Zeeche setzen, datt och an engem modernen,an engem digitale Land weider all Mënsch gebraucht gëtt, weider all Mënsch seng Plaz kafannen.

D’Steierreform, wou endlech déi onsääglechSteierklass 1a ofgeschaaft gëtt, ass eng guttSaach a kann, wa se da richteg ëmgesat gëtt,ville Mënschen am Land eppes Guddes doen.Natierlech ënnerstëtze mir och hei der Regierunghir Initiativ fir e méi faire Steiersystem,dee kee méi benodeelegt opgrond vun engerperséinlecher Situatioun, déi heefeg onverscholltass.

Mä et wonnert mech awer schonns, datt graddéi Parteien, déi elo d’Regierung stellen, nacham Wahlkampf virun e puer Woche gesot analles drugesat hunn, fir d’Iddi vun der individuellerBesteierung an dem Ofschafe vun deSteierklassen ze verdäiwelen an als onrealistesch,jo onbezuelbar duerzestellen. Elo wäertemer gesinn, datt d’Fuerderung vun de Piratenwuel awer finanzéierbar ass – zumindest léisstd’Regierungserklärung vu gëschter dorobberschléissen.

Mech perséinlech freet dëse Gesënnungswandel,well net nëmmen am Wahlkampf, och virdrubei der leschter Steierreform gouf un deSteierklasse festgehalen. Mä elo, no der Analysvun de Wahlresultater, ass d’Iddi op eemol méirealisabel wéi virun de Wahlen. Ech iwwerloossenelo jiddwerengem selwer, d’Schlëss ausdëser Inkohärenz vun der Regierungserklärungmat dem Handele vun der viregter Regierungze zéien.

D’Steierreform misst – en vue vun de Kaddoen,déi dës Regierung wéi mat der Strenz iwwertd’ganzt Land verdeele wëllt – jo och e wichtegenDeel zur Finanzéierung bäidroen. Mäwann ech gëschter der Regierung nogelauschterthunn, soll jiddweree vun der Steierreformprofitéieren. Dat heescht, eng vun degréisste Recettë vum Stat wäert – mir wëssen etnet genau, well mir hu keng Zuelen – wahrscheinlecherofgoen, wärend d’Ausgaben and’Luucht ginn.

(Interruptions)

Elo muss ee kee Mathematiker sinn, fir ze wëssen,wann d’Recetten erofginn an d’Ausgabenan d’Luucht ginn, datt ee kéint e Problemkréien.

Mir sinn absolutt derfir, datt d’Steiere méi gerechtsouwuel op d’Bockele vu Persoune wéioch vun de Betriber verdeelt géife ginn. DësAusso hu mer awer vermësst, well och d’Betribersolle manner Steiere bezuelen. An domadderass fir eis d’Angscht grouss, datt dëse Regierungsaccordan och d’Annonce vun dëserSteierreform um Enn vum Dag éischter wéi denApel aus dem Schneewittchen ass wéi e wierklechenan éierleche Kaddo.

Als Sportler freet et mech, datt d’Regierungweiderhin e Partner vum Sport wëllt sinn an deBesoin vu Bewegung an allen Altersschichtenunerkennt. Leider ass och hei de Programmnees immens nebuléis, wéi da Sport konkretsoll ënnerstëtzt ginn. Grad d’Fro, wéi een d’Besoinevum Spëtzesport mat deene vum Breedesportan Aklang soll bréngen, gëtt guer netthematiséiert. Eng Pist, fir de Breedesport méiaccessibel ze maachen, ass sécherlech de Kannerclubbus.Mä och hei gëtt erëm reng matSloganen agéiert amplaz mat Substanz.

Wéi eng Konditioune mussen d’Veräiner erfëllen,fir dovunner ze profitéieren? Soll dëse Systemnëmmen an der Woch fonctionnéierenoder och weekends fir Kompetitiounen? Oderass et reng Symbolpolitik, wou iergende Busmat engem Sticker „Kannerclubbus“ bepechtgëtt?

Wärend d’Veräiner sech sécherlech doriwwerfreeën, fir hire jonke Sportler, Scouten oderMusikanten de Wee bei de Veräin ze vereinfachen,vermëssen ech dach Pisten, fir d’Veräinerbesser um administrative Plang ze ënnerstëtzen.Ganz am Contraire. Ginn dach klengVeräiner duerch de Projet vum „Qualité+“ vunder leschter Regierung zwar finanziell super ënnerstëtzt,mä den administrativen Overheadass disproportional zu der Situatioun vu villeklenge Veräiner.

Hei gëllt et nach eng Kéier nozeschaffen an ochkleng Veräiner, déi d’Réckgrat am Breedesportsinn, ze ënnerstëtzen, fir vun alle Moossnamen,déi d’Regierung hinnen offréiert, ze profitéieren.

Bei der Verfassungsreform bedauere mir, dattd’Regierung der Chamber einfach wëllt virschreiwen,datt dës fir e Referendum iwwertd’Verfassungsreform verantwortlech ze sinnhuet. Ech hätt mir hei e bësse méi Respektvirum Parlament erwaart, an net wéi e rengenErfüllungsgehilfe vun der Regierung betruechtze ginn!

(Interruptions)

Um Fong ass et eng gutt Iddi, fir esou e wichtegeProjet wéi …

(Interruption par M. Eugène Berger)

Här Berger, hutt Der eng Fro? Ech kann Iechgären drop äntwerten.

(Interruption)

M. Eugène Berger (DP).- Ech wollt Iechjust rappeléieren, datt et un der Chamber ass,fir iwwert d’Verfassung ze decidéieren, an netun der Regierung.

M. Sven Clement (Piraten).- Déi reagéiertgrad net!

(Interruption et hilarité)

M. Eugène Berger (DP).- Här President,ech wëll just dem Här Clement soen, datt biselo eis Chamber iwwert d’Verfassung decidéiertan disposéiert.

Une voix.- Net d’Regierung?

Une autre voix.- Net d’Regierung!

(Interruptions)

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, echmengen, dat Scharmützel do, dat kënnt Derdann am Verbatim noliesen. Ech hunn … Echhätt mir …

(Hilarité et interruptions)

Um Fong ass et natierlech eng super Iddi,d’Vollek iwwert d’Verfassungsreform ofstëmmenze loossen. An ech mengen, et assimmens wichteg, datt mer dës Ofstëmmungoch am Virfeld gutt preparéieren. Mir solltenaus de Referenden, dës Kéier déi vun der Regierung,vun 2015 geléiert hunn a wëssen, datteen de préférence esou eng Campagne netiwwert de Knéi brécht.

Duerfir sti mir hannert den Engagementer, fird’Verfassung endlech ze moderniséieren,hätten eis awer am Virfeld eng méi grouss Biergerbedeelegunggewënscht. Soit, mir hunn eloe Projet, dee virläit. Mir wäerten deen och matdroenan hoffen awer, datt mer herno beim Referendumnet nëmmen d’Fro „Jo oder Neen?“stellen, mä datt mer vläicht eng Rëtsch méifeinkörneg kënne ginn, well Biergerbedeelegungass net nëmmen, dierfen zu engem fäerdegeProjet jo oder neen ze soen.

A wann ee vu Biergerbedeelegung schwätzt,Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, daschwätzt een och vun informéierte Bierger. A firdatt d’Biergerinnen an d’Bierger gutt informéiertsinn, brauch et professionell Medien anhir Mataarbechter als véierte Pouvoir hei amLand.

Mir deelen d’Opfaassung vun der Regierung,datt mir professionell Medie weider mussenënner stëtzen. An dozou gehéiert net nëmmeneng modern Pressehëllef, mä virun allem e moderntTransparenzgesetz, amplaz vun deemOntransparenzgesetz, wat d’Regierung kuerzvirun der Summerpaus nach presentéiert huet.

Mir widderhuelen eis Fuerderung no engemTransparenzgesetz mat Zänn. E Gesetz, wou eteng Informatiounsflicht gëtt a wou d’Biergerinnenan d’Bierger, d’Journalistinnen an d’Journalisteméi en einfachen Accès op ëffentlechDaten hunn, amplaz dës hanner onnéidegeBarrièren ze verstoppen.

A wann d’Barrièren dann awer bestinn, dannass eis Press, da si mir als Ëffentlechkeet opWhistleblower ugewisen, fir hirem Rôle alsvéierte Pouvoir kënne gerecht ze ginn. DenGeorge Orwell sot eng Kéier esou schéin:„Journalism is printing what someone else doesnot want printed: everything else is public relations.“

An deem Sënn wënsche mer eis eng staarkPress, eng staark Pressehëllef, awer och egudde Schutz fir Whistleblower, soudatt ebenoch déi Saache kënnen ofgedréckt ginn oderdigital publizéiert ginn, déi d’Regierung vläichtléiwer net géif publizéiert gesinn.

Wéi d’Madamm Hansen och de Moie sot, sinndës awer net déi eenzeg Themen, déi d’Biergerinnenan d’Bierger hei am Land interesséieren,well am leschte Sondage, wéi Derrichteg zitéiert hutt, d’Froe ronderëm de Logementan d’Bildung op den éischte Plaze stoungen.

Am Beräich vum Logement ass et leideresou, datt d’Regierungserklärung immens vagbleift. Och wann d’Regierungsparteien elo behaapten,datt hire Regierungsprogramm ganzkonkret wier, da muss ech de Kapp rëselen. Mirbegréissen, datt vill Iddien, wéi zum Beispill deRefokus op locative Wunnengsbau, och aneisem Programm stoungen. Leider vermëssemir hei konkret Piste fir de sougenannten„Mietkauf“, deen an engem Niewesaz erwääntgëtt, awer jonken a manner jonke Familljene séieren Zougang zu bezuelbarem Wunnrauma gläichzäiteg awer och den Zougang zumEegentum géif erméiglechen.

Genausou feele konkret Aussoen zum Dossiervun der Simplification administrative, wann etëm PAP- a PAG-Prozedure geet. An amnämlechten Otemzuch bedauere mer, datt den „quart-taux global“ fir d’Verkafe vun Terrainen den 1.1. Geschicht ass.

E leschten inhaltleche Punkt, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ass d’Bildung. Mir

begréissen et, datt de Wahlresultater vum Här Meisch Rechnung gedroe gëtt an hien duerch

den neie Bildungsdësch soll Hëllef zur Säit gestalt kréien, grad elo, wou säi Ressort sech jo nach vergréissert huet. An der Bildung vermësse mir erëm de mënschlechen Usaz, deen d’Schülerinnen an d’Schüler an de Mëttelpunkt stellt, amplaz vun de wirtschaftleche Resultater vun hire Studien.

Jiddwereen huet ëmmer eng Meenung zur Bildungspolitik, well jiddweree vun eis war jo eemol an der Schoul. A genee mat där Attitüd schéngt déi lescht Jore Bildungspolitik gemaach ginn ze sinn. Mir hätten eis hei, amplaz Chaos duerch iwwerstierzte Reformen a Verännerungen, méi Dialog a manner Top-down- Politik gewënscht. Et bleift ze hoffen, datt de Bildungsdësch net nëmmen eng Alibiveranstaltung ass, mä zu engem richtegen Dialog tëschent alle Betraffene vum Bildungssystem féiert.

Nieft dem rengen Inhalt vun eiser Bildung musse mir awer déi nächst Joren och nach eemol d’Programmer vun den eenzelne Filièren op de Leescht huelen, fir ze verhënneren, datt d’Schülerinnen an d’Schüler an de Schoulofbroch gedriwwe ginn duerch eng ze dicht Taktung vun Inhalter, duerch Stress, jo, duerch Burn-out am jonken Alter. Och Schülerinnen a Schüler brauchen Zäit, fir d’Inhalter ze verstoen an net nëmmen, fir hinnen nozelauschteren.

Do dernieft musse mir natierlech och fir adequate Infrastrukturen am Bildungswiese suergen. Dat geet natierlech net ouni Investitiounen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, fir meng Ried vun haut ze resuméieren, wollt ech nach eemol widderhuelen, datt d’Piraten gutt Iddien ëmmer matdroen, well et geet bei gudden Iddien net drëms, wie se abréngt, mä datt se ëmgesat ginn. Dat verhënnert awer net, datt mir als Piraten och konstruktiv Oppositiounsaarbecht wäerte maachen an d’Regierung regelméisseg un hir Versprieche wäerten erënneren.

Zu konstruktiver Oppositiounsaarbecht gehéiert nun emol, déi verstoppte Fakten opzedecken, der Regierung de Spigel virzehalen an drop ze insistéieren, datt net nëmmen Annoncë gemaach ginn, mä datt dës Annoncë chiffréiert kënne ginn an och finanzéiert kënne ginn.

Dir mierkt, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen op den Ufank vu menger Ried zréck, fir ofzeschléissen. Dës Regierung huet gëschter eng Erklärung ofginn, déi wéi eng Wahlkampfried geklongen huet an am Detail geneesou vag bliwwen ass wéi de Regierungsaccord. Elo ass et un eis, am Numm vun eise Wielerinnen a Wieler den Detail anzefuerderen an derfir ze suergen, datt d’Kaddoe sech net als vergëften Äppel erausstellen.