Header for Déclaration au sujet des fichiers et banques de données de la Police et de la Justice suivied’un débat

Déclaration au sujet des fichiers et banques de données de la Police et de la Justice suivied’un débat

Dës Ried hunn ech den 10/07/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Déclaration au sujet des fichiers et banques de données de la Police et de la Justice suivied’un débat” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dësen Dossier ass voller Eclaten. Als Éischt d’Opreegung iwwert de Fichier central vun der Police. Uschléissend hu mer eis der Justiz zougewannt an hunn eis iwwert de JUCHA opgereegt. Schlussendlech hat d’Oppositioun gëschter dunn och nach d’Flemm mam Ëmgang vun der Majoritéit mat eis. Dat huet zu dësem Debat gefouert.

(Interruption)

All Virriedner, ob vu lénks oder vu riets, huet fonnt, datt den Dateschutz e fundamentaalt Recht wier. E Recht, wat jo dann och manifestement gëschter vun engem grénge Fraktiounsmataarbechter gebrach gouf, wéi en déi ominéis Foto gemaach huet.

(Interruptions diverses)

Mais soyons sérieux et pas fous, a mir schwätzen iwwert dat heiten Thema.

Une voix.- Wat fir eng Foto?

(Brouhaha, coups de cloche de la présidence et hilarité)

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Jo, zielt eis emol e bëssen …

M. Sven Clement (Piraten).- Dat Recht dierf net …

(Brouhaha général)

M. Fernand Etgen, Président.- Den Här Clement huet d’Wuert!

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. All Virriedner huet dat doten ugeschwat. All Virriedner huet gesot: Et ass e fundamentaalt Recht. An ech hoffen, datt mer haut, wann et dann herno zu de Motioune kënnt, och nach eng Kéier un dat fundamentaalt Recht denke wäerten.

M. Sven Clement (Piraten).- Och sollt d’Transparenz iwwert d’Software, déi de Kolleeg Goergen a senger Question parlementaire un den Här Bausch gestallt hat, net mat Sécherheetsbedenken einfach vum Dësch gewëscht ginn. Well mir gesi rezent, an d’Noriichte si vun haut, datt an Dänemark déi lescht siwe Joer eng Rëtsch Leit onschëlleg veruerteelt goufe wéinst engem IT-Feeler an engem System vun der Police.

Dat heescht, hei geet et net drëm, d’IT-Infrastruktur vum Stat kennenzeléieren, ze wëssen, op wéi enger IP-Adress, hanner wéi enger Firewall sech déi Datebank verstoppt. Mä hei geet et drëm, ze wëssen, mat wéi enger Software gëtt geschafft, firwat gouf déi Software ausgewielt an dann, deementspriechend, datt och d’Chamber kann informéiert driwwer diskutéieren, ob dat dann elo sécher ass oder net.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir sollten eis haut awer net nëmmen op de Fichier central an de JUCHA beschränken, well et geet vill méi wäit. Wéi den Här Bausch ugedeit huet, musse mer och eng Äntwert op de Visu-Pol-Projet fannen. Well einfach ëmmer nëmme weiderfilmen, kann an dierf net d’Äntwert sinn.

Sécherheetsproblemer um Terrain sinn do, dat wäert kee bestreiden, a mir brauche Léisungen. Mais soyons fous: Wéi vill méi Poliziste kéinten haut hiren Déngscht um Terrain leeschten, wa se net, trotz eidelem Casier, vun der Ausbildung ecartéiert gi wieren?

Une voix.- Ooh!

M. Sven Clement (Piraten).- A wa mer schonns iwwer Dateschutz am Grousse schwätzen, da muss ech un eng Fuerderung vun eis rappeléieren, näämlech d’Virratsdatespäicherung ofzeschafen.

Wärend fir am Fichier vun der Police oder vun der Justiz ze landen, e Beamten eppes muss an de Computer tippen, geet et bei der Virratsdatespäicherung duer, en Handy, en Internetzougang oder souguer e Festnetzuschloss ze hunn. Da gi wärend sechs Méint all Metadate gespäichert, wéini ee wou mat wiem wéi laang telefonéiert, SMS, geemailt oder soss kommunizéiert huet op elektroneschem Wee. Bei engem Smartphone mat Internetzougang ass dat souguer nach méi cocasse, well do gëtt bei all Echange vun Donnéeën d’Positioun gespäichert. Wärend sechs Méint kënnt esou e ganz schéine Bewegungsprofill vun deem Eenzelnen heibannen zustanen.

Ech mengen, déi meescht vun eis hunn esou e Smartphone, mat deem mer am Internet sinn, soudatt et u sech eppes Liichtes ass, fir jiddweree vun eis ze retracéieren, wa mer dann ugeklot gi fir eppes, op dat eng Maximalstrof vun engem Joer oder méi steet.

Den Här Bettel – an ech erënnere mech ganz gutt un de Video, wéi en deemools seng Ried hei gehalen huet – huet do ee ganz schéint Beispill genannt, woufir ee scho kann op Virratsdaten zréckgräifen, näämlech engem Deputéierten eng op de Bak ginn. Dorobber steet maximal méi wéi ee Joer Prisong. Deementspriechend, wann een dat mécht, däerf d’Police déi Donnéeën ufroen.

Et sinn nach aner Saachen, déi do drënnerfalen. Säin eegene Bësch unzefänken, fält drënner, gläichzäiteg och Kreditter mat engem ze héijen Zënssaz offréieren. Also sécherlech net nëmmen terroristesch Aktivitéiten, mä Kriminalitéit, éi och anescht kéint a sollt opgekläert ginn.

D’Virratsdatespäicherung baséiert op enger EUDirektiv. Lëtzebuerg huet déi ëmgesat. An déi EU-Direktiv war den Objet vun zwee Arrête vum Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg. 2014 an 2016 huet den EuGH näämlech gesot, dës Virratsdatespäicherung wär contraire zu de Grondrechter vun allen EU-Bierger.

Mir hunn haut gesot, Dateschutz ass e fundamental Recht. Mir hunn haut och gesot, mir mussen dës fundamental Rechter schützen. Wa mer et dann eescht domadder mengen, da sollte mer genau dat maachen, wat de Félix Braz 2014 am Januar, wéi e knapps Minister war, gesot huet, näämlech: „Mir mussen elo séier legiferéieren, fir d’Virratsdatespäicherung ze reglementéieren.“

2014 bis 2019, dat ass a mengen Aen net méi „séier“. An dofir hu mer dann och eng zweet Motioun haut matbruecht, näämlech eng Motioun, an där mer d’Regierung opfuerderen, fir d’Virratsdatespäicherung esou séier wéi méiglech ofzeschafen.

M. Sven Clement (Piraten).- Well wa mer Dateschutz als Grondrecht gesinn, als fundamentaalt Recht gesinn, an dat net nëmmen als Lëpsebekenntnis wëllen hunn, mä do tatsächlech Aktioune wëllen nokomme loossen, da musse mer d’Virratsdatespäicherung, déi vun zwee Arrêten um Kierchbierg als net vereinbar mat eise Grondrechter deklaréiert gouf, endgülteg ofschafen.

Grad en Dag, wou um EuGH um Kierchbierg de Max Schrems fir d’zweete Kéier fir e besseren Dateschutz kämpft, sollte mer dës Arrêten aus 2014 an 2016 endlech ëmsetzen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, erlaabt mer awer, op nach eng Datebank anzegoen, vun där mer haut guer net geschwat hunn, an duerch déi, wéi ech déi éischte Kéier mech domadder beschäftegt hunn, ech dann nach e bësse méi Bauchwéi krut. Well et ass nach eng Datebank, déi et gëtt, wou een näischt anescht muss maachen, wéi an de Fliger

ze klammen, fir wärend sechs Méint an enger Police-Datebank ze landen.

Ech schwätzen hei näämlech vum Gesetz vum 1. August 2018, wat de 26. Juli d’lescht Joer an der allerleschter Chamberssëtzung gestëmmt gouf. Et geet ëm d’PNR-Datebank, déi vun der UIP bei der Police exploitéiert gëtt.

(Brouhaha)

Wie mat där Dräibuschstawenzalot net eppes ufänke kann, erlaabt mer kuerz, et ze erklären.

PNR, dat ass en „passenger name record“. E betrëfft jiddwereen, deen eemol um Findel an e Fliger geklommen ass. Et gëtt doranner stockéiert, wie wéini a wouhinner flitt, mä do derniewent och, mat wiem e geflunn ass, mat wat fir enger Kredittkaart e bezuelt huet, wéi en Hotel e gebucht huet, mat wiem en d’Hotelszëmmer deelt, wat fir een Iessen en ausgewielt huet. Soit, an deem PNR sinn, wann een d’API-Donnéeë consideréiert, déi am Gesetz explizitt erwäänt sinn, eng ganz Rëtsch Donnéeë stockéiert, déi net nëmmen e Réckschloss op Ethnie, op Relioun, op sexuell Orientéierung oder op eventuell sexuell Relatioune mat enger drëtter Persoun schléisse loossen.

Do dernieft ginn dës Donnéeën 48 Stonnen, éier een an de Fliger klëmmt, fir d’éischte Kéier komplett un d’UIP iwwermëttelt. D’UIP ass zwar en Departement bei der Police a gëtt och succinctement am Rapport vun der Police erwäänt. Se fonctionnéiert eréischt säit September. Dat heescht, wie viru September fir d’Lescht geflunn ass, deem seng Donnéeë si sécher.

An an där UIP ass net nëmmen d’Police dran. An der UIP sëtzt nieft der Police och nach d’Douane an de SREL! Majo, do sëtzen déi dräi Richteg zesummen, wann et ëm Dateschutz geet! Wéi solle mer dann den Dateschutz als Grondrecht, als fundamentaalt Recht verstoen, wa lénks a riets nei Gesetzer gemaach ginn, Gesetzer adaptéiert ginn, fir ëmmer méi Daten

ze stockéieren, wou ënnerschiddlech Instanzen drop Zougang hunn a wou de Contrôle immense flou ass?

Et geet duer, fir eng kleng Familljerees ze maachen, fir fichéiert ze ginn. Fichéiert ze ginn, wou drasteet, mat wiem ech gereest sinn, wat ech giess hunn um Vol. An alles, wat nach feelt, ass d’Unzuel vun de Kalzongen oder d’Aart a Weis vun der Ënnerwäsch, déi ech agepaakt hunn oder net agepaakt hunn!

Une voix.- Dat ass interessant.

(Hilarité)

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- D’Piraten haten nëmmen eng Box.

(Hilarité et coups de cloche de la présidence)

M. Laurent Mosar (CSV).- Awer déi richteg!

(Hilarité)

M. Sven Clement (Piraten).- Wéi och mat der Virratsdatespäicherung muss ech hei näischt anescht maachen, wéi eben an de Fliger ze klammen.

Dir gesitt, den Dossier Dateschutz kann an dierf haut net clôturéiert ginn. Ech kéint elo nach stonnelaang iwwer aner Datebanke beim Stat referéieren an domadder beweisen, datt dësen Debat just d’Spëtzt vum Äisbierg duerstellt.

M. Fernand Kartheiser (ADR).- Den Zougang verstaatlechen.

M. Sven Clement (Piraten).- Jo, Här Kartheiser! Ech weess, wat de Stat deelweis mat ganz onséchere Methoden iwwer seng Citoyene späichert. Dat ass eppes, wouwéinst ech viru Geriicht gestallt gouf, well ech op eng Faille de sécurité higewisen hunn a well léiwer op dee geklappt gouf, deen eben d’Faille opgedeckt huet, wéi op deen, dee se verbrach hat!

Well bis haut ass déi Doktesch, déi einfach esou e Post-it mat hirem Passwuert an hirem Username op e Computer gepecht huet, net zur Rechenschaft gezu ginn! Bis haut sinn déi politesch Responsabel, déi d’Medico-Datebank agefouert hunn an zougelooss hunn, datt se oppe just mat engem Username a Passwuert um Internet stoung, net zur politescher Rechenschaft gezu ginn! Bis haut gouf just dee geklaakt, deen eben op d’Faille higewisen huet.

A jo, ech ginn zou, wéi ech et och um Geriicht gemaach hunn: Ech war an där Datebank. Ech war kucken an ech war schockéiert, datt, fir Sport ze maachen, muss stockéiert ginn, ob ech afrikanescher Hierkonft sinn oder net.

An esou Felder wäerten et an enger Rëtsch anere Datebanken och ginn. An dofir musse mir als Chamber déi Aarbecht hei seriö huelen. A mir sollten eis och net mat Sécherheetsbedenke vu wichtegen Donnéeën ewechhale loossen. Mir sollte Screenshots fuerderen! Mir sollten déi Lëscht vun de Felder, déi stockéiert ginn, agesinn an esou kënne genau gesi bei all Datebank, wat tatsächlech stockéiert gëtt an ob dat Sënn mécht.

Dat ass iwwregens och de Kader vun enger Question parlementaire, déi ech dem Här Bettel scho gëschter geschéckt hunn, wou ech nofroen, fir eng Lëscht vun all deenen Datebanken ze hunn, déi de Stat exploitéiert. Soudatt mer eis dann am Hierscht, wa mer dat gutt iwwert d’Summerméint preparéiere konnten, kënnen am Detail domadder beschäftegen, wéi a wat stockéiert gëtt a virun allem, ob dat Sënn mécht, wat mer do stockéieren.

Loosst eis keng Angscht virun där schwéierer Aarbecht hunn, déi den Här Bausch an den Här Braz skizzéiert hunn, fir den Dateschutz als Grondrecht ze stäerken!

Den Här Bausch huet gesot, et wären eng Rëtsch Datebanken, et wären eng Rëtsch Gesetzer ze änneren. Mir missten aacht Gesetzer mam Contrôle des antécédents änneren. Majo, da loosst eis et maachen! Loosst eis dat änneren, wat muss geännert ginn, fir hei de Koup opzeraumen! Loosst eis virun eiser eegener Dier kieren! Loosst eis dës Opportunitéit vun dësem Debat notzen, fir no vir ze goen an zesumme fraktiounsiwwergräifend derfir ze suergen, datt d’Donnéeë vun de Lëtzebuerger Biergerinnena Bierger besser geschützt ginn!

Schlussendlech erlaabt mer awer nach e leschten Dossier opzewerfen, well mir schwätze jo haut vill vu Sécherheet a vun Dateschutz an der Balance dertëscht. An do ass mer nach grad en Text ënnert d’Hänn komm, deen am Moment tëscht dem Conseil, der Europäescher Kommissioun an dem Europäesche Parlament debattéiert gëtt, a wou ech ganz gären d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung géif kennen. An dat ass d’E-Evidence-Reglement.

D’E-Evidence-Reglement erlaabt näämlech an Zukunft, wann et dann duerchkënnt, de Policen Policen aus den EU-Länner Accès op E-Mailen a Cloudspäicher, an dat mat vill manner rechtsstaatleche Garantien, wéi dat haut de Fall ass. Esou huet ënner anerem de wëssenschaftlechen Déngscht vum Däitsche Bundestag gëschter nach eng Publikatioun gemaach, wou se ganz däitlech gesot hunn, datt dësen Text mat den däitsche Grondrechter op informationell Selbstbestëmmung wahrscheinlech net kompatibel wier. Dofir géif mech am Kader vun dësem Debat interesséieren, wéi d’Positioun vun der Regierung ass, wann d’Balance tëscht Dateschutz a Sécherheet muss fonnt ginn.

Wéi d’Kolleegen aus der Oppositioun appeléieren ech dorunner, datt mer haut net einfach e Schlussstréch zéien, mä datt mer dësen Debat als Ufank gesi vun engem méi groussen Debat, vun enger aktiver Aarbecht, vun enger déif gräifender Analys, fir esou den Dateschutz vun alle Biergerinnen a Bierger ze stäerken.

Ech soen Iech Merci.