Farmer with a tablet in the fields

Digital Dierfer och zu Lëtzebuerg

Dësen Artikel gouf als Tribune Libre ënnert der Rubrik Zu Gast am Lëtzebuerger Land verëffentlecht.

De Klimawandel ass do. Mir si matten dran. Wa mir, wéi zanter Wochen, mat iwwerall Rekordtemperaturen hunn (50 Grad an Indien, 45 Grad a Spuenien, méi wéi 35 Grad bei eis), wann d’Potkaape schmëtzen an d’Gletscheren ofbriechen, wéi kierzlech am Südtiroul, da muss ee sech Froe stellen. A mir Piraten stellen eis vgl Froen! Mir froen eis z.B. wéi mir eis Wirtschaft an eis Gesellschaft weiderbrénge kënnen ouni d’Natur nach méi ze zerstéieren, ouni den CO2–Ausstouss weider an d’Luucht ze dreiwen an ouni eis Stied an Dierfer nach manner liewensfrëndlech ze maachen.

Eng vun de Pisten besteet dodran, eis Kommunikatiounstoolen besser anzesetzen a verstäerkt op d’Digitalisatioun ze setzen. Wat dat betrëfft, musse mir nach e gutt Stéck besser ginn. Ech denken do haaptsächlech un de ländleche Raum mat sengen sëllegen Dierfer – Lëtzebuerg zielt der bal 6000). Si stinn net esou am Mëttelpunkt wéi eis gréisser Agglomeratiounen, mee och si waarden op Impulser, an heibäi denken ech net un eng onkontrolléiert Urbaniséierung oder un d’Proliferatioun vun Aktivitéitszonen.

Virun e puer Wochen hunn ech an der Press vun engem klengen Duerf aus dem Bayresche Wald gelies, Spiegelau. 180 km nordöstlech vu München geleeën, ronn 20 km vun der tschechescher Grenz ewech, 3 855 Awunner, 40 Quadratkilometer grouss, manner wéi 100 Awunner pro Quadratkilometer. Eng ländlech Gemeng, mat vill Bësch, enger gesonder Natur an engem „doucen” Tourismus. Wat mécht Spiegelau besonnesch? Et handelt sech anscheinend em dat „digitalst” Duerf an Däitschland!

Déi meescht Awunner vu Spiegelau si beschtens tëschent sech a mat der Baussewelt vernetzt. Sämtlech Dierfer a Quartieren (33 un der Zuel) sinn un d’Glasfasernetz ugeschloss an d’Gemeng zielt 8 WLAN-Hotspotten. D’Massen an d’Biergerversammlungen ginn online iwwerdroen. Eng speziell Schoul-App erlaabt et den Elteren hir krank Kanner direkt ofzemellen an Accès op all relevant Informatiounen iwwert de Schoulbetrib (Elterebréiwer, Kontaktdaten, Aktivitéiten) an hir Kanner (Presenzlëschten, Schoulresultater, Zensuren) ze kréien. D’Schüler ginn op hiert digitalt Liewen virbereet a kënnen esouguer en „digitale Führerschäin” maachen.

D’Dokteren consultéieren wa gewënscht per Videokonferenz. Sämtlech Donnéeén vun an iwwert d’Gemeng stinn online zur Verfügung, och Informatiounen iwwert d’Wieder, Verkéiersproblemer an Infrastrukturaarbechten. Formulairen kann een net nëmmen eroflueden, mee och ausgefëllt zeréckschécken an et kritt een direkt eng Äntwert, wann een eng Fro stellt. D’Gemengeverwaltung bitt OnlineWeiderbildungscoursen un. Wat ass am PAG virgesinn? Wéi funktionnéiert e PAP? Wéi kann ech mech virun Iwwerschwemmmunge schützen? Wou kann ech matschwätzen, wou net? Dat alles wäre Froen, déi zu Lëtzebuerg bestëmmt groussen Uklang géife fannen!

Interesséiert Biergerinnen a Bierger Mnnen un „digitale Stammdëscher” deelhuelen, ouni sech ze deplacéieren — net nëmmen zu Covid-Zäiten eng flott Approche. Natierlech ginn et och gutt equipéiert Coworking-Räimlechkeeten. D’Awunner vu Spiegelau huele vill manner den Auto, verléiere manner Zäit am Stau, a polluéiere manner d’Ëmwelt.

Wéi ass et dozou komm? Spiegelau huet um Pilotprojet „Digitalt Duerf” vun der Regierung deelgeholl. Vill Suen si gefloss, mee et huet sech rentéiert, net zulescht well de Buergermeeschter den Dossier zur Chefsaach erkläert huet a vill Biergerinnen a Bierger matmaachen. Avis aux amateurs!