fbpx
 

Questions ParlementairesD’Ofschlossexamen 2021

February 9, 2021
https://sven.lu/wp-content/uploads/2021/02/writing-an-exam-at-university-PMPZUQJ.jpg

A ronn 3 Méint schreiwen d’Schüler op der 1ère erëm hieren Ofschlossexamen. Wéi schonn d’lescht Joer, wäert dësen och dëst Joer ënnert ganz spezielle Konditioune geschriwwe ginn. D’Primaner vun dësem Joer hunn awer, am Ënnerscheed zu deene vum leschte Joer, schonn dat ganzt Schouljoer iwwer mat engem Schouljoer à la Covid-19 ze kämpfen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Verschidde Schüler dinn sech schwéier mam Homeschooling a sinn dofir am Moment an enger méi schlechter Ausgangspositioun, wat hier Punkte betrëfft, wéi wann se ënnert normale Konditioune geléiert hätten. Ass virgesinn, dass dëst d’Joer méi Prüfunge geschriwwe ginn, fir de Schüler méi Chancen ze ginn, hier Moyenne opzebesseren?

  2. Wat fir Hëllefe stinn de Primaner zur Verfügung, fir Léierschwieregkeeten ze iwwerwannen oder ze reduzéieren?  Op villen Unie ginn et zum Beispill Programmer déi d’Studente kuerz virun den Exame sollen duerch een “ënnerstëtzend” Léieren hëllefen. D’Studente kënnen sech umellen a folgen dann engem kloren Dages- a Wocheplang, dee Schaff- a Pausenzäite festleet a vun “Coachen” begleet gëtt.  Wier esou ee Programm net eng Méiglechkeet, fir déi kuerz Zäit tëscht dem leschte Schouldag an den Examen?

  3. Bléift et bei 6 schrëftlechen Examen an 2 Oralen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3598

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.