fbpx
 

Questions ParlementairesDresscode an den Schoulen Nofro

October 26, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/10/cheerful-teenagers-in-the-skatepark-X77JEJ5.jpg

A menger Fro n°2864 vum 21ten September, hat ech beim Här an der Madamm Ministeren nogefrot wéi et hei am Land mat Dresscoden an de Lycéeën ausgesäit. Ënnert anerem wollt ech wëssen, wéi vill Schoulen am Land ee Code Vestimentaire fixéiert hunn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Ministère Kenntnis doriwwer, wéi vill Schoulen een Dresscode hunn? 

  2. An der Äntwert op d’Fro n°2864 hunn d’Ministeren, ënnert Anerem, geschriwwen: “D’Rechter an d’Flichten aus dem Code de vie bezéien sech ausdrécklech a gläichermoossen op béid Geschlechter.” No menger Fro hu verschidde lëtzebuergesch Medie beim Direkter vum Lycée nogefrot a Folgendes gemellt: “Besonnesch fir jonk Meedercher wier dëst villäicht heiansdo néideg, well Si sech villäicht net bewosst wieren, wéi verschidden Tenue vun anere Leit opgeholl géifen. Ausserdeem, esou den Direkter, wiere mam “net weise vun der Ënnerwäsch” nach méi d’Jonge gemengt, bei deenen d’Boxe méi wéi nëmmen e bësse Vue op de Kalzong géifen zouloossen. ” Deelt d’Regierung an dësem Sënn d’Opfaassung vum Direkter vum Dikrecher Lycée, wouno verschidden Deeler vum Code Vestimentaire, wéi zum Beispill d’net weise vun der Ënnerwäsch, dann dach awer méi ee Geschlecht viséieren ewéi een anert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3045

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.