fbpx
 

Questions ParlementairesE-Santé – Kruten d’Patronen Infoen iwwert d’Krankheete vun hire Salariéeën?

July 7, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/07/doctor-writing-a-prescription-for-her-patient-GZXFGAY.jpg

Duerch de Confinement gouf am Kader vun de Sécherheetsmesure géint d’Covid-19-Pandemie d’Telemedezin staark ausgebaut. Op ee Coup huet d’CNS et méiglech gemaach, datt Patienten an d’Medezinner iwwer Telefon oder Video hier Consultatiounen konnten ofhalen. Assuréeën, déi wéint engem Krankheetsfall net konnte schaffe goen, kruten doduerch hire Certificat d’incapacité de Travail direkt iwwert een automatesche Mail vun der Plattform eSanté zougeschéckt.  Direkt e puer Persounen hu mech drop opmierksam gemaach, datt am PDF-Unhang am Mail och de “Code Diagnostic” vum Certificat ze gesi war an am Mail kee weideren Exemplar ugehaange war, wou de Code Diagnostic fir de Patron onsiichtbar war. De Secret médical tëscht Patient an Doktor ass an dësem Fall net respektéiert, well de Patron mam Code Diagnostic kann erausfannen, wéi eng Krankheet säin Employé huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnen d’Ministere confirméieren, datt de Code Diagnostic bei deenen automatesch erstalltenen Dokumenter ëmmer um PDF ze gesi war? 

  2. Ass oder war fir d’Ministeren dës Praxis konform mam Secret médical?

  3. Gouf dës Faille behuewen a falls jo, wéini?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2488

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.