Geld sténkt? Meng Finanzen & Participatiounen

Deputéiert verdengen am Verglach zum Duerchschnëttsloun vun 6.104,25 € brutto pro Mount vill. An am Verglach mam Mindestloun vun 2.776,05 souguer ganz vill Geld. Am verglach mat enger Staatscarrière am A1 (Ufankspaie: 340 Punkten = 7.208,09 € brutto) gëtt dat ganzt awer séier rem nuancéiert. De Problem ass awer a mengen Aen net d’Geld wat en Deputéierte fir säi Mandat an der Chamber verdengt mee d’Niewenaktivitéiten déi bei verschiddenen dat villfacht ausmaachen.

Ganz am Ufank gouf et guer kee Loun fir Deputéiert, wat dozou gefouert huet datt nëmmen déi “notabel”, déi, déi sech Politik als Hobby leeschte konnten an der Chamber sutzen. Dat huet sech déi läscht Joer geännert an déi aktuell Indemnitéit erméiglecht et jidderengem onofhängeg vun engem Patron oder engem aanere Salaire säi Mandat z’executéieren. Wou de Problem ass, ass wann Deputéierten nierft hirem Mandat méi verdengen wéi duerch hirt Mandat, an däer ginn et eng ganz Rëtsch. Ech selwer sinn der Meenung datt eng gewëssen Niewenaktivitéit néideg ass fir net ganz Beruffsgruppen (Dokteren, Affekoten, Entrepreneuren, …) aus der Politik auszeschléissen, well dës jo an der Aktivitéit musse bleiwen oder soss wann se net ërëmgewielt ginn, virum Näischt stinn. Trotzdem setzen ech mech fir e Vollzäitmandat als Deputéierten an, wou déi Froen gereegelt musse ginn.

Zu Lëtzebuerg ass et verbueden als Partei en Don vun enger Firma unzehuelen an all Donateur iwwer 250 € pro Joer muss der Cour des Comptes gemellt ginn. Deputéiert dierfe keng Kaddoen iwwer 150 € unhuelen.

Meng Finanzen

Ech probéieren op dëser Säit an op menger obligatorescher Deklaratioun vis-à-vis vun der Chamber esou transparent wéi méiglech iwwert meng Finanzen opzeklären. Souwuel wat Akommes wéi och Participatiounen ugeet. Ech suivéieren dobäi d’Reegele vun der Haute Autorité pour la transparence dans la vie publique aus Frankräich well d’Lëtzebuergesch Reegelen trotz Drock vu menger Säit relativ simpel sinn. Ech probéieren mäi Patrimoine mindestens eemol d’Joer à jour ze setzen. Kontostänn sinn op dem läschten Arrêté de Compte vum 31.12.2021 baséiert.

Chamber

Basisremuneratioun & Jetongen

D’Basisremuneratioun an der Chamber setzt sech aus zwee Deeler zesummen déi am Walgesetz Artikel 126 festgehalen ass. Dat sinn 375 Punkten oder aktuell 7.739,04 € brutto. Je no Deputéierten ass d’Hallschent steierfräi a gëtt dann och net fir d’Pensiounsberechnung benotzt. Vue datt ech jonk sinn cotiséieren ech awer op de Maximum an d’Pensiounskeess, iwwregens an déi “normal”, d’CNAP.

Zousätzlech zu eisen Indemnitéite kréie mir (wa mer eligibel sinn) eng Allocation de Famille vun 29 Punkten (614,81 € brutto) wéi all Staatsbeamten och.

Do dernieft kréie mer Jetons de Présence ausbezuelt (15 Punkten zum Index 100 = 131,55 € brutto) fir Sëtzungen un deene mir deelhuelen. Dëst ass och am Artikel 126 festgehalen wou och steet: “Il est payé un seul jeton de présence par demi-journée.“.

Congé politique & Cotisations sociales

Deputéiert déi Indépendant sinn, wéi ech, hunn d’Recht op e Congé politique vun aktuell 5.552,10 € pro Mount (Index 877,01) deen integral ze versteieren an ze cotiséieren ass nodeems een seng Käschten konnt ofsetzen. Steierlech gëtt et als “Revenu d’une activité indépendante” ugesinn.

Doriwwer eraus kënne mir 607,35 € pro Mount (N.l. 877,01) u cotisations sociales fir d’Pensioun rembourséiert kréien, dofir musse mir noweisen datt mir mindestens dat duebelt dovunner cotiséiert hunn. Dëse Montant gëtt eemol d’Joer ausbezuelt.

Personal & Saachleeschtungen

All Deputéierten huet d’Recht op e Bureau no bei der Chamber sou wéi dem Montant vun 340 Punkten (6.825,37 € + Charges Patronales) fir Personal. D’Sue fir d’Personal muss den Deputéierte virstrecken a kritt et uschléissend vun der Chamber rembourséiert. D’Gesetz schreift och kloer wien een nët astellen dierf, fir esou Abusen ze verhënneren:

Le député ne peut pas demander l’indemnisation des frais à lui accrus du fait de l’engagement de son conjoint, du partenaire avec lequel il vit dans un partenariat déclaré au Luxembourg ou à l’étranger, du partenaire avec lequel il vit en communauté de vie ou de ses parents, enfants, frères ou soeurs.

Doriwwer eraus kréien Deputéiert um Ufank vun hirem Mandat e Laptop an eng Imprimante vun der Chamber gestallt.

Reeskäschten

Wann en Deputéierte op Dengschtrees geet, muss déi vum Bureau vun der Chamber autoriséiert ginn a gëtt dann entspriechend dem Chambersreglement rembourséiert. Dëst genee esou wéi am Privatsecteur oder beim Staat.

Deplacementer fir d’Chamber am Land ginn mat 0,30 € pro Kilometer rembourséiert.

Wa mir am Ausland sinn, kréie mir kee Jetong wéi zu Lëtzebuerg, mee eng Indemnitéit vun 90 € pro Dag. Reesdeeg (wou keng Reunioune sinn) kréie mir 50 €. D’Chamber bucht den Hotel dee mir virstrecken a rembourséiert kréien, dobäi hu mir wéineg Choix fir Abus ze verhënneren. Des Weidere kréie mir Käschte fir Roaming a Wifi sou wéi Taxien am Ausland rembourséiert sou laang mir d’Rechnungen areechen.

D’Chamber bucht eis Reesen direkt iwwert e Reesbureau a mir Deputéiert gesinn normalerweis de Präis vun eisen Ticketen net. Ech hunn awer d’Regelen aus eisem interne Reglement erausgesicht déi hei drënner stinn:

– au tarif première classe et taxes accessoires en cas de voyage en chemin de fer;
– au tarif classe affaires et taxes accessoires en cas de voyage en avion dont la durée jusqu’à la destination finale dépasse les deux heures ;
– au taux kilométrique de 0,30 EUR en cas de voyage en automobile, étant entendu que les frais d’automobile ne peuvent pas dépasser les frais du billet d’avion.

Règlement intérieur concernant les frais de mission à l’étranger

Meng berufflech Aktivitéit

Vue datt d’Chamber legal gesinn en Hallefdagsparlament ass, kéint ech nach e Salaire aus de Betrieber kréien déi ech matgegrënnt an opgebaut hunn. Deen beleeft sech aktuell op manner wéi 10.000 € brutto pro Mount. Dëse Salaire deckt meng Activitéit als Gérant vun AccountTech SARL, FACTURE.LU SARL, SALARY SA, TAXX.LU SARL a Clement & Weyer Consulting SARL of. Ech hunn an dësem Kader och en Plugin-Hybrid Auto zur Verfügung.

Patrimoine

Meng Erklärung zum Patrimoine man ech konform zum franséische Modell vun der HATVP an ech verëffentlechen d’Daten eemol d’Joer.

Immeubles bâtis et non bâtis

Zesumme mat menger Fra sinn ech Proprietär vun engem Haus dat fir 697.690,51 € ttc op engem Terrain dee menger Fra gehéiert gebaut gouf.

Valeurs non côtées em bourse

EntrepriseTypeUndeelValeur
Clement & Weyer Consulting SARLPart’en50%181.423,29 €
RoomMate S.A.Part’en0,67%24.687,74 €
Valeur zum 31.12.2021 laut Bilan 2021

Zu menge Participatiounen well ech uginn, datt ech nëmmen direkt Parten a Clement & Weyer Consulting SARL hunn, dës awer Participatiounen an anere Firmen huet. Dofir hei e klenge Graphique deen dat erklärt. Meng ganz Deklaratioun vun der Chamber fënnt een hei:

Assurances vie

SouscripteurEtablissementValeur
Sven ClementFoyer Vie10.387,03 €
Sven ClementLalux5.449,81 €
Valeur zum 31.12.2021

Comptes bancaires & produits d’épargne

NummEtablissement & TypeSolde
Sven ClementBGL – Compte Courant63.248,27 €
Sven Clement & C.N.BGL – Compte Courant commun682,81 €
Sven Clement & C.N.BdL – Compte Courant commun4.129,31 €
Sven Clement & C.N.Schwäbisch Hall – Bausparvertrag10.110,49 €
Valeur zum 31.12.2021

Comptes courants de société

Zum 31.12.2021 schëllegt AccountTech SARL mir nach 58.655,91 € déi ech der Firma geléint hunn.

Scholden

CréancierNatur & ObjetMontantMensualitéitenReschtmontant
BGL BNP ParibasCEDIES
Studieprêt
44.243,40 €377,28 €
10 Joer
21.862,61 €
BdLHypothéikeprêt350.000 € geléint
1,1% Taux Fixe
3.084,68 €
10 Joer
283.395,48 €
Valeur zum 31.12.2021