Daughter and dad playing guitar

Fir eng fair a modern Familljepolitik

Dësen Artikel gouf als Tribune Libre ënnert der Rubrik Zu Gast am Lëtzebuerger Land verëffentlecht.

6 Auer moies: De Wecker schellt! Opstoen, duschen an undoen. D’Kanner waa- kreg maachen, undoen, Moieskaffi preparéieren, Zänn wäschen. Schong a Jackett undoen. An den Auto klammen. Trafic! Schantjen op der Haaptstrooss. Kanner an d’Crèche bréngen. Ee Kuss —Äddi a schnell weider. A nach méi Trafic! Parking sichen. An elo schnell op de Bus. Weider an den Tram. 9 Auer. Endlech am Büro. Aacht Stonne schaffen, 30 Minutte Paus. 17.30 Auer: Elo séier erêm an den Auto. Trafic! Nach schnell an d’Crèche an da séier heem, ma netze séier, soss gëtt et deier. !essen, duschen, spillen. 20 Auer: Kanner an d’Bett bréngen. Schlofe goen. 6 Auer: Moie Wecker …

En typeschen Dagesoflaf vun enger Mamm oder engem Papp zu Lëtzebuerg. Et ass festzestellen: Fir d’Famill bleift net vill Zäit. Wien sech awer mat Häerz ëm d’Erzéiung vu senge Kanner këmmere wëll, dee muss Konzessioune manchen: Entweder Suen oder Zäit fir déi, déi engem wichteg sinn. Wien sech fir d’Suen entscheet, entscheet sech fir méi Aarbechtszäit a stellt säi Familljeliewen hannen un. Wien sech fir méi Familljenzäit entscheet, entscheet sech och fir manner Aarbechtszäit an doduerch och manner Akommes.

Oft ass et awer esou, dass ee Stot mat Kanner ouni zweet fest Akommes finanziell net iwwert d’Ronne könnt. A grad déi héich Logementspräisser droen dozou bäi, dass Famillje quasi gezwonge ginn, enger weiderer bezuelter Aktivitéit nozegoen, amplaz hir Zäit a Léift zu Gonschte vun hirer Famill a Kanner anzesetzen.

Ënnert döse Viraussetzungen ass de Choix fir Elteren aus Käschtegrënn oft schnell getraff: Béid Elterendeeler gi schaffen, d’Kand geet an eng betreite Struktur, Punkt. D’Regierung verdeedegt döse „Choix” mat der fester Iwwerzeegung, dass béid Elterendeeler sollen „d’Recht hunn”, schaffen ze goen.

Doheem bei der Famill bleiwe steet fir dès Regierung net zur Debatt. Wie wëll, kann op de Congé parental „plus” zeréckgräifen, dee vun der Familljeministesch als Zauberformel presentéiert gëtt, fir Aarbecht a Familljeliewen ënnert een Hutt ze kréien. Allerdéngs: Wat nëtzt et engem Elterendeel, eemol am Liewe kënnen op sechs Méint Congé parental zeréckzegräifen, wann een op mannst weider zéng Joer den uewe beschriwwene Liewensrhythmus bäibehale muss?

Fir d’Piraten ass eppes kloer: Déi jëtzeg Familljepolitik bitt keng zefriddestellend Léisung un, fir den Zäit-oder-Geld-Dilemma resolut unzegoen. Ganz am Géigendeel: D’Eltere kréien de Choix ewechgeholl. Mir sinn der Meenung, dass Lëtzebuerg eng modern a fair Familljepolitik brauch. Eng Familljepolitik, déi eng Léisung fir den Zäit-oder-Geld-Dilemma sicht. Eng Familljepolitik, bei der d’Elteren d’Méiglechkeet kréien, méi Zäit an d’Erzéiung vun hire Kanner z’investéieren.

D’Zukunftskeess huet ee Budget vu ronn 1,2 Milliarden Euro. Ma dës Suen kéinten anescht agesat ginn: De Congé parental kéint méi breet opgestallt ginn, fir de Familljen iwwer Jore méi Zäit fir sech ze offréieren, d’Familljenallocatioune kéinte gestaffelt no Akommes verdeelt ginn, an zu gudder Läscht kéinten d’Sue vum Chèqueservice Accueil méi un d’Eltere verdeelt ginn, amplaz un d’Crèche-Fabricken.

Eitere sinn ass eng vun de schéinsten, mee och eng vun de schwéiersten Aufgaben, déi een am Liewen erwaart. Elteren hunn haut a ville Fäll weder Zäit fir hiren Nowuess nach Geld, fir dés Aufgab adequat ze bewältegen. Eng fair a modern Familljepolitik géif et ville Familljen erméiglechen, erëm Zäit fir dat Essentiellt ze fannen: d’Léift fireneen.