fbpx
 

Questions ParlementairesFlüchtlinge faasse Fouss – Nofro

September 13, 20210

A menger parlamentarescher Fro n°4006 hat ech d’Regierung ëm verschidden Zuelen an Informatioune betreffend d’Integratioun vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg gefrot.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op d’Fro 4.2 betreffend d’Sproocheformatiounen (“Deckt d’Offer vun dëse Coursen d’Demande vun de BPIen?”) hunn d’Ministeren net kloer geäntwert. Ech wéilt d’Fro dofir anescht stellen:  Hunn d’Ministeren eng Aschätzung dovunner, wéi vill Flüchtlingen hei am Land tatsächlech Demandeur fir e Sproochecours sinn? Wëssen d’Ministeren, wéi d’Offer op dës Demande zougeschnidden ass? 

  2. Op d’Froe 4.4 & 4.5 äntwert d’Regierung “Am Prinzipp ginn d’Formatiounen mat engem Certificat de Formation ofgeschloss” an “Den Taux de Réussite hänkt vun deenen ënnerschiddleche Sproocheformatiounen of […].” Mir ass bekannt, dass verschidde Sproocheformatiounen de Participanten een Zertifikat ausstellen, egal, ob se d’Kompetenze vum Sproochecours erreecht hunn oder net. Sinn esou Zertifikater, an den Ae vun der Regierung, deen effikasseste Wee, fir den Opbau vun de Sproochekenntnisser ze fërderen? Oder denken d’Ministeren, dass obligatoresch Ofschlossexamen ee bessere Wee wieren?

  3. D’Zil vun de Sproochecoursë fir d’Flüchtlinge muss et sinn, hinnen op eng effikass a schnell Manéier Sproochkompetenzen ze vermëttelen, déi se brauchen, fir hei am Land schaffen ze kënnen. Virun allem bei Flüchtlingen, déi d’laténgescht Alphabet net beherrschen, stellt sech och de Problem vun der Alphabetiséierung. Wéi mer zougedroe gouf, ginn et Fäll, an deene Flüchtlingen och no Joren mat Sproochcoursen nach net mat der Alphabetiséierung ofgeschloss hunn an deemno nëmme schwéier Fouss um Aarbechtsmarché faasse kënnen. Wéi kann d’Regierung dëse Flüchtlingen hëllefen, fir op eng schnell an effikass Manéier Sproochekenntnisser fir d’Schaff-Welt ze sammelen?

  4. Donieft hu vill Flüchtlingen am Land aktuell ee Problem, fir eng eege Wunneng ze fannen. D’Logementskris affektéiert vill BPIen, déi – mat oder ouni Aarbecht – oft keng Wunnméiglechkeet um private Marché zu Lëtzebuerg fannen. Wéi aus dem Bilan vun 2020 iwwert den Asyl zu Lëtzebuerg ervirgeet, sinn 43% vun de BPIen nach ëmmer an enger Wunneng vum ONA logéiert. Wéi wëll dës Regierung an den nächsten 2 Joer dofir suergen, dass dës Leit eng Wunneng zu Lëtzebuerg kënne fannen?

  5. D’Aschreiwungszuele vun der ADEM an der Äntwert vun de Ministere weisen, dass iwwert Joren am Duerchschnëtt nëmme 25% vun den Demandeurs d’emploi Frae sinn. D’Informatiounen aus de Rapporte vum Ausseministère erginn, dass bei de Flux’en am Duerchschnëtt 40% vun de DPIen Frae sinn.  Wéi vill Fraen hei am Land hunn aktuell de Statut als DPI? Wéi vill hunn de Statut als BPI?  Kann een aus den Zuelen erausschléissen, dass sech prozentual manner Frae mat Migratiounshannergrond bei der ADEM aschreiwen ewéi Männer? Falls jo, wat sinn d’Grënn dofir a besteet de Ministeren no een Handlungsbedarf? Falls jo, wat fir Initiativë sinn hei am gaangen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4952

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.