fbpx
 

Questions ParlementairesFRO.LU: Accès op d’Patientendonnéeën

September 3, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/09/dentist-office-patient-files-JPPJXRQ.jpg

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Den Artikel 16 vum Gesetz vum 24te Juli 2014 iwwert d’Rechter an d’Fliichte vum Patient, leet am Artikel 16 een Auskonftsrecht (droit d’accès) fir Patiente fest.  “Art. 16. (1) Le patient a un droit d’accès au dossier patient et à l’ensemble des informations relatives à sa santé détenues, à quelque titre que ce soit, par un prestataire de soins de santé ou toute autre instance médicale. […] (3)Le patient a en outre le droit d’obtenir une copie de l’intégralité ou d’éléments du dossier patient. Il peut en demander la transmission au prestataire de soins de santé de son choix. Les copies sont établies sur papier, ou sur un support informatique permettant une consultation ultérieure, au choix du patient et dans la limite des possibilités techniques du prestataire de soins de santé. La contribution aux frais de copie éventuellement mis à charge du patient ne peut excéder le coût de la reproduction et, le cas échéant, de l’envoi.” Dës Dispositioun suergt fir Verwirrung, well, wéi et schéngt, steet se a verschiddene Fäll am Widdersproch mam Artikel 15 Paragraf 3 vum EU-Reglement 2016/679 (GDPR), deen d’Auskonftsrecht an d’Recht op den Erhalt vu Kopië folgendermoosse festleet: “3. Le responsable du traitement fournit une copie des données à caractère personnel faisant l’objet d’un traitement. Le responsable du traitement peut exiger le paiement de frais raisonnables basés sur les coûts administratifs pour toute copie supplémentaire demandée par la personne concernée. Lorsque la personne concernée présente sa demande par voie électronique, les informations sont fournies sous une forme électronique d’usage courant, à moins que la personne concernée ne demande qu’il en soit autrement.” An der Broschür “Les droits des patients” schreift d’Patientevertriedung  “Le patient a le droit de demander copie de son dossier médical auprès de chaque médecin consulté (cabinet médical). Le patient a le droit d’obtenir une copie du dossier de celui-ci à ses frais et contre signature. (Article 16(3) de la loi du 24 juillet 2014 / Code de déontologie des professionnels de santé)” wat ze interpretéieren ass, wéi wann d’Auskonftsrecht fir Patienten nëmme géint Bezuelung ka stattfannen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Muss ee Patient fir den Erhalt vun enger Kopie vu senge perséinlechen Donnéeë souwéi eng Kopie vum Patientendossier administrativ Käschten bezuelen? Falls jo, wéi setzt sech de maximale Montant, deen ee Patient an deem Fall bezuele muss, zesummen?

  2. • Ugesiichts dem Wuertlaut vum Artikel 16 Paragraf 3 vum GDPR, wou steet “Le responsable du traitement peut exiger le paiement de frais raisonnables basés sur les coûts administratifs pour toute copie supplémentaire demandée par la personne concernée.”; • an ugesiichts dem Wuertlaut vum lëtzebuergesche Gesetz, wou steet “La contribution aux frais de copie éventuellement mis à charge du patient ne peut excéder le coût de la reproduction et, le cas échéant, de l’envoi.”; • an de Fall gesat, ee Patient freet net no enger Copie supplémentaire, mee einfach no enger normaler Kopie vu sengen Donnéeën an/oder sengem Patientendossier;  gesäit d’Ministesch ee Widdersproch tëschent den Dispositiounen vum lëtzebuergesche Gesetz an dem GDPR? Falls nee, firwat net?

  3. Plangt d’Ministesch d’Gesetz iwwert d’Rechter an d’Fliichte vum Patient op dësem Punkt unzepassen, fir et méi kloer ze reegelen? Falls jo, wäerten d’Ännerungen a Richtung vun der Gratuitéit fir Kopien oder fir d’A-Rechnung-Stelle vun den administrative Käschte goen?

Fro n°2766

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2766

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.