fro.lu

Parlamentaresch Froe stellen ass e Privileg vun deene 60 Deputéiert an der Chamber, mee wéi ech d’Pirate matgegrënnt hunn wor fir mech kloer datt Bierger:innen méi misste mat agebonne ginn. Biergerbedeelegung ass fir eis Piraten dofir net nëmmen e Wuert, mir liewen dat och am Alldag. Als Konsequenz hunn de Marc an ech decidéiert zesumme mat der Hëllef vum Thierry (dofir e grousse Merci!), fro.lu an d’Liewen ze ruffen.

Op fro.lu kann all Interesséierten parlamentaresch Froe proposéieren, déi mir dann no an no opschaffen an wann se gutt ausformuléiert sinn och un d’Regierung stellen. D’Äntwert deele mir duerno och rem op fro.lu matt, esou datt jiddereen och iwwert de Suivi informéiert bleift.

D’Iddi hannert dem Projet wor et fir den Accès zur Chamber esou nidderschwelleg wéi méiglech ze gestalten, jidderengem – an net nemmen Lobbyisten – et z’erméiglechen d’Chambersaarbecht transparent ze beaflossen an d’Regierung méi efficace ze kontrolléieren.