Header for Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des résultats de la 24e Conférence des parties à la Convention-cadre des Nations Unies sur les changements climatiques dite COP24 à Katowice en Pologne

Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des résultats de la 24e Conférence des parties à la Convention-cadre des Nations Unies sur les changements climatiques dite COP24 à Katowice en Pologne

Dës Ried hunn ech den 18/12/2018 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet des résultats de la 24e Conférence des parties à la Convention-cadre des Nations Unies sur les changements climatiques dite COP24 à Katowice en Pologne” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi eng Schlëss kënne mer aus de Verhandlunge vun der COP24 zéien? Wat déi inhaltlech Punkten ugeet sécherlech net allze vill Positives. Den Accord, dee fonnt ginn ass, ass e Minimalkonsens. Ëmmerhin e Konsens. Dat war an der leschter Zäit net ëmmer ganz einfach a mir hunn et bei aneren UN-Texter gesinn, datt et wierklech ëmmer méi schwéier gëtt, fir mat deene meeschte Länner e Konsens ze fannen. Dofir si mer dann awer frou, datt hei e Konsens konnt fonnt ginn, datt mer eenheetlech Mindeststandarden hunn.

Leider wäert déi vun de Wëssenschaftler aus verschiddenste Länner gefuerdert Grenz vun enger Äerderwäermung vu maximal 1,5 Grad wuel trotz dësem Accord depasséiert ginn. „Wisou?“, kann ee sech do froen. Ma well mer ganz generell zwar all de Planéit rette wëllen,

ganz konkret awer net bereet sinn, fir selwer grondleeënd ëmzedenken. Allze heefeg gëllt dach d’Ausso: „Not in my backyard“, net a mengem Gaart, net a Vue vu mengem Haus! Op kee Fall sollen do Wandanlagen oder Solarpanneauen hikommen, well doduerch kéint jo d’Valeur vu mengem Haus erofgoen.

Mir mussen also als Éischt och d’Akzeptanz vu Moossname stäerken, déi laangfristeg d’Klima schützen. Dat geet nëmme mat de betraffene Biergerinnen a Bierger zesummen a sollt op kee Fall vun uewen erof diktéiert ginn.

Keen huet eis dëst méi däitlech virun Ae gefouert, an et gouf haut scho vill zitéiert, wéi d’Greta Thunberg, deem seng Ried iwwer Nuecht an der ganzer Welt bekannt ginn ass. Hatt huet eis – an ech ziele mech dann do mat derbäi – ale Leit gewisen, datt e puer Wierder vun engem jonke Meedchen heiansdo de Problem besser reflektéiere wéi all d’Verhandlungspabeiere vun UN-Gremien zesummen.

Mir mussen eis an dësem Dossier ganz konkret virun Ae féieren, wat et bedeit, net ze änneren. Eleng sech op Mindeststandarden ze eenegen, dat geet net duer, fir dëse Planéit ze retten. A wéi d’Aktiviste gäre soen, gëtt et kee Planéit B! Mir mussen also am Interêt vun der Weltbevëlkerung, am Interêt vun alle Biergerinnen a Bierger derfir suergen, datt dëse Planéit A am beschtméiglechen Zoustand un déi nächst Generatioune weidergi ka ginn.

Eng Pist, déi mir als Piraten opzeechne wéilten, ass, fir net nëmme d’Handele vun den haitegen Entscheeder, eist Handelen, ze änneren, mä fir och op déi nächst Generatiounen ze setzen, datt och dës kënne weiderhin iwwert d’Zukunft vun eisem gemeinsame Planéit matschwätzen.

Mir wëllen net, datt et dozou kënnt, datt jiddwereen, deen no eis kënnt, just nach d’Klimakrise verwalte kann an dat Bescht doraus mécht, mä datt een tatsächlech nach Gestaltungsspillraum behält. An dofir musse mer hei zu Lëtzebuerg méi ambitiéis si wéi nëmmen d’Mindeststandarden, déi elo festgehale goufen.

Aus dësem Grond fuerdere mir dann och vun der Regierung e kloren Aktiounsplang, net nëmmen iwwert d’Reduktioun vun eisen Emissiounen, mä en Aktiounsplang dofir, wéi mer doriwwer erausgoend d’politescht Engagement an d’Fuerderunge vu Kanner a Jugendlechen

am Beräich vum Klimaschutz stäerken an ënnerstëtze kënnen.

Villmools Merci.