Initiativen

LEAK.sven.lu

Fir menger Aufgab, d’Regierung ze kontrolléieren a Mëssstänn opzedecken, besser nozekommen a meng Quellen an Informanten ze schützen, hunn ech d’Plattform leak.sven.lu lancéiert fir esou sécher, vertraulech an anonym kënnen ze kommunizéieren.

Dir fannt hei nach méi Informatiounen

FRO.lu

Ënnert fro.lu, eng Initiativ vun der Sensibilité Politique Piraten, kann all Biergerin a Bierger, ob Member vun de Piraten oder net eis Iddien fir parlamentaresch Froen matdeelen. Dës Plattform erlabt et domadder als Wieler:in méi Afloss op d’Parlament ze hunn an Äntwerten ze kréien, wou dat fréier net méiglech war.

Méi Informatiounen sinn hei ze fannen

Pizza & Politics

Pizza & Politics ass e labbert Format fir sech mat mir an aneren iwwert Politik z’ënnerhalen an dobäi Pizza z’iessen an eppes ze drénken. Et geet drëms ze weisen datt hannert de Kulissen och just mat Waasser gekacht gëtt an datt Politik accessibel fir jiddereen ass. Ech probéieren dëst ab 2023 mindestens eemol de Mount stattfannen ze loossen. Du fënns méi Informatiounen op der passender Säit!