Informanten, Whistleblower & Quelleschutz

Als Deputéierten ass et meng Roll fir d’Regierung a Verwaltungen ze kontrolléieren, genee wéi Feelverhalen, Geldverschwendung an ähnlech Mëssstänn opzedecken. Fir meng Aarbecht am Déngscht vum Vollék optimal maachen ze kënnen sinn ech och ëmmer nees op vertraulech Informatiounen vun Informanten, Whistleblower a generell gutt informéierte Quellen ugewissen.

Heefeg mussen dës Quelle mir vertraulech Dokumenter zoukomme loossen. Fir dat vertraulech a sécher maachen ze kënnen hunn ech ënnert https://leak.sven.lu eng sécher Plattform baséierend op GlobaLeaks, ënnert Open Source Software, opgesat wou Informatiounen vertraulech, anonym a sécher kënnen iwwermëttelt ginn!

Generell recommandéieren ech ganz sensibel Informatiounen iwwert TOR z’iwwermëttelen, do heescht d’Adress: 7ui3lff2mdprt6hfe6a4nmdmjawryy77d7iiblw43dacrmi3ti53elad.onion

Quelleschutz

Net nëmmen duerch d’Verfassung, mee och duerch den sougenannten « Arrêt Gibérien » (arrêt n° 494/19 vun der Cour d’appel) hunn d’Deputéiert e Quelleschutz garantéiert, deen eis erméiglecht eis Quellen ze schützen an esou d’Regierung besser ze kontrolléieren.

Sécherheet & Anonymitéit

Fir anonym ze bleiwen recommandéieren ech d’Säit op engem separate Gerät per TOR opzemaachen an net mam Aarbechtscomputer drop ze goen. Och wann d’Säit selwer keng Tracen am Browser probéiert z’hannerloossen, kéint e Proxy oder eng Firewall den Accès loggen. Do dernieft sollt een Dokumenter déi een eroplued vun Metadate befreien.

Fir besser ze verstoen wéi de Logiciel fonctionnéiert verweisen ech op en Artikel vum le monde vun 2015 déi zanterhier och GlobaLeaks asetzen: https://www.lemonde.fr/pixels/article/2015/02/12/source-sure-une-plate-forme-securisee-pour-lanceurs-d-alerte_4574820_4408996.html