Header for Motion de M. Laurent Mosar et M. Mars Di Bartolomeo invitant le Gouvernement à faire sienne la definition de travail de l’antisémitisme de l’IHRA et à renforcer et soutenir les mesures de sensibilisation et éducatives dans le cadre de la lutte contre toute manifestation d’intolérance et de discrimination, en particulier l’antisémitisme, pouvant mener à des actes de haine et de violence

Motion de M. Laurent Mosar et M. Mars Di Bartolomeo invitant le Gouvernement à faire sienne la definition de travail de l’antisémitisme de l’IHRA et à renforcer et soutenir les mesures de sensibilisation et éducatives dans le cadre de la lutte contre toute manifestation d’intolérance et de discrimination, en particulier l’antisémitisme, pouvant mener à des actes de haine et de violence

Dës Ried hunn ech den 10/07/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Motion de M. Laurent Mosar et M. Mars Di Bartolomeo invitant le Gouvernement à faire sienne la definition de travail de l’antisémitisme de l’IHRA et à renforcer et soutenir les mesures de sensibilisation et éducatives dans le cadre de la lutte contre toute manifestation d’intolérance et de discrimination, en particulier l’antisémitisme, pouvant mener à des actes de haine et de violence” gehalen.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, alsÉischt emol e grousse Merci un d’KolleegeMars Di Bartolomeo a Laurent Mosar fir dës Resolutioun(veuillez lire : Motioun), déi eise volleSupport fënnt.

Mir haten am Ufank e bëssen iwwer eenzelWierder dra gestridden, e bëssen diskutéiert.Ech mengen, dat ass, wat Parlamentarismus,wat Demokratie ausmécht, fir Kompromësserze fannen, mat deenen herno jiddweree liewekann. An dat hu mer hei gepackt.

Et ass e wichtegt Thema, et gouf schonn ugeschwat.Ech perséinlech gehéieren heibannenals ee vun deene wéinegen zu där Generatioun,déi esou just nach Zäitzeie vum ZweeteWeltkrich kannt hunn, déi esou just nachkonnte mat Grousselteren iwwert den Horror,deen Antisemitismus mat sech bréngt, schwätzen.Leider wäerten déi nächst Generatiounendat net méi hunn! Dat heescht, et ass ebe gradelo wichteg, wou e gewëssenen Oubli ufänktstattzefannen, wou online ongenéiert Vergläichergezu gi mat Gaskummeren, mat „Mir solltendo emol Bensinn droppuchen“, datt et dowichteg ass, en Zeechen ze setzen, datt merAntisemitismus net akzeptéieren, net toleréieren.Op Wahlplakater oder Online-Foren, et assiwwerall deen nämlechte Message. Mir mussekloer eis Outilen, déi mer hunn, notzen, fir Antisemitismusze condamnéieren an dann och zepersekutéieren.

Et ass ganz kloer hei, wa mer iwwer Antisemitismusschwätzen, schwätze mer iwwer Haassvis-à-vis vu Judden, deen zu Gewalt oder zuanere Gräueldote ka féieren. Mir schwätzen netdovunner, Israel ze kritiséieren. Et gi legitimmKriticken un all Stat op der Welt a ganz besonneschun der Besiidlungspolitik vum Stat Israel.Dat wäerten och, mengen ech, heibannen déiwéinegst a Fro stellen. Dat heescht awer net,datt mer engem ganze Vollek, enger ganzerReliounsgrupp solle weiderhi soen, majo, Antisemitismusass unter ferner liefen. Dat heitenass e staarkt Zeeche fir de Rechtsstat. Dat heitenass e staarkt Zeechen, fir och all Judd zeweisen, mir akzeptéiere keen Antisemitismus!

An dofir nach eng Kéier e grousse Merci und’Rapporteuren. E grousse Merci un all déi anerFraktiounen, déi konstruktiv un där Motiounmatgeschafft hunn. A mir als Piraten wäertendës Motioun matstëmmen.

Villmools Merci.

Une voix.- Très bien !