fbpx
 

Questions ParlementairesNofro zum HORECA Secteur an Failliten

January 18, 20210
https://sven.lu/wp-content/uploads/2021/01/decreasing-chart-made-of-coins-with-white-arrow-ba-9WM5LFS-1280x853.jpg

An hirer Äntwert vum 19ten Juni 2020 op eis parlamentaresch Fro n°2259 soten d’Ministeren: “Wéi ee konkreten Impakt dës Kris awer wäert op de Secteur hunn, kann een zum aktuellen Zäitpunkt nach net kloer soen.” En halleft Joer méi spéit si mir ëmmer nach net duerch dës Kris erduerch, mee éischt Konsequenze vun de Restriktiounen aus de vergaangene Méint fänken un, sech ofzezeechnen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zeechent sech den Impakt vun dëser Kris op den HORECA-Secteur mëttlerweil méi däitlech of? • Falls jo, kënnt dir eis matdeelen, wéi d’Regierung den Impakt op dëse Secteur aschätzt?  • Falls nee, wat sinn déi verschidde Krittären, déi benotzt ginn, fir d’Situatioun am HORECA-Secteur ze evaluéieren, a firwat ginn et aktuell nach keng Resultater?

  2. Wéi vill Betriber aus dem HORECA-Secteur hu Chômage partiel fir de Mount Dezember ugefrot?  Wéi vill Faillitte sinn aus dësem Secteur am Dezember 2020 gemellt ginn?

  3. Wéi vill Firmen hunn zënter dem August 2020 eng Faillite deklaréiert a bei wéi ville Firme gouf zënter dem Ufank vun der Pandemie eng Faillite vum zoustännege Geriicht ausgesprach?  Wéi hunn dës Zuele fir 2019 ausgesinn?

  4. Wann een d’Zuele vun de gemellte Faillite am Zäitraum vun August bis Dezember 2020 mat dem selwechten Zäitraum am Joer 2019 vergläicht, wéi eng Secteure waren am meeschte betraff? 

  5. Wéi vill nei Societéite goufe säit August 2020 gegrënnt?  A wéi enge Secteure goufen dës Firme gegrënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3472

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.