Pizza & Politics

Wat ass « Pizza & Politics »

Bei « Pizza & Politics » treffen ech mech mat jonke Menschen fir iwwert alles ze diskutéieren wat iech grad interesséiert, ausserdeem lueden ech iech op Pizza a Gedrénks an.

Et ass d’Alternativ zu steifen Table Rondes, wou souwisou nie genuch Zäit bleift Froen ze stellen, d’Méigklechkeet hannert d’Kulissen ze kucken an och einfach mir all méiglech Froen ze stellen.

Firwat sollt ech laanscht kommen?

Well et déi einfachste Méiglechkeet ass hannert d’Kulisse vun engem Deputéierten ze kucken, mir direkt Froen ze stellen a mat mir iwwert déi Themen ze diskutéieren déi dir um Häerz leien. Ganz ouni laang Rieden oder Formalismen. Mir iessen eng Pizza an drenken eppes derbäi a schwätze mateneen.

Mir ass et wichteg ze verstoen wat iech beweegt a fir mir dat z’erklären muss du keng politesch Erfahrung hunn, du engagéiers dech zu näischt, weder dozou fir mech ze stëmmen, nach Member iergendwou ze ginn. An awer gëtt et Pizza!