Header for Proet de loi modifiant:1° la loi du 16 mars 2009 sur l’eutanasie et l’assistance au suicide:2° la loi modifiée du 24 juillet 2014 relative aux droits et obligations du patient

Proet de loi modifiant:1° la loi du 16 mars 2009 sur l’eutanasie et l’assistance au suicide:2° la loi modifiée du 24 juillet 2014 relative aux droits et obligations du patient

Dës Ried hunn ech den 11/02/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Proet de loi modifiant:1° la loi du 16 mars 2009 sur l’eutanasie et l’assistance au suicide:2° la loi modifiée du 24 juillet 2014 relative aux droits et obligations du patient” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wäerten alleguerte stierwen. Mir wëssen et a probéieren et awer esou gutt et geet iergendwéi ze ignoréieren.

Wann ee gesond ass, dann ass dat méi einfach. Da kann ee sech de schéine Saachen am Liewe wid men a sech dorobber konzentréieren, mee wann een dann awer onheelbar krank ass, da kënnt de Moment, wou ee spiert, datt d’Liewen op en Enn geet an een der Tatsaach net weider aus dem Wee ka goen.

An da stellt sech d’Fro, ob ee bis zum Schluss kämpfe wëllt, kämpfe kann oder ob een zu engem selwer bestëmmte Moment aus dem Liewe geet. D’Recht, dës Fro individuell beäntwerten ze däerfen, an d’Recht, insupportabel Zoustänn net erdroen ze mussen, wa keng Chance op Heelung méi besteet, sinn eng grouss Errungenschaft, déi mam Gesetz iwwert d’Euthanasie an d’Assistance au suicide vun 2009 festgehale gouf.

Leider huet sech awer an der Praxis séier gewisen, datt d’Recht, selwer entscheeden ze kënnen, wéini ee sengem Liewen am Fall vun enger schlëmmer Krankheet oder no engem Accident en Enn setze wëllt, och wann et um Pabeier Bestand hat, an der Realitéit Aschränkungen ënnerlouch. Well am Ge setz vun 2009 net explizitt festgeluecht war, datt en Doud duerch eng Assistance au suicide oder Eutha nasie net als Suicide dierft consideréiert ginn, gouf et an der Praxis zum Beispill Problemer mat de Lie wensversécherungen.

Ech denken, datt mer eis alleguerten eens sinn, datt d’Entscheedung, engem onerdrobare Leed en Enn ze setzen, zwar am Kader vun de Méiglechkeeten, déi de Patient huet, als fräiwëlleg muss verstane ginn, mee trotzdeem keng Entscheedung ass, déi e Mënsch wierklech fräiwëlleg geholl hätt, wann et em och fräigestanen hätt, nees gesond ze ginn. Et steet also ausser Fro (veuillez lire: Et kënnt also net a Fro), enger Persoun, déi hiert Leed net méi er droe konnt a vun der Méiglechkeet vun der Euthana sie oder der Assistance au suicide profitéiert, ze ënnerstellen, se hätt hirem Liewen aus komplett fräie Stécker en Enn gesat, soudatt eng Liewensver sécherung net méi misst gräifen!

Mir freeën eis duerfir, datt mer mat dësem Gesetz haut all Onkloerheeten an dësem Beräich aus dem Wee raumen a kloer festhalen, datt en Doud duerch eng Assistance au suicide oder eng Euthanasie, wat d’Kontrakter betrëfft, déi e Patient agaangen ass, gläichgestallt muss gi mat engem natierlechen Doud. Et ass net am Sënn vum Gesetz vun 2009, wa Persounen um Enn vun hirem Liewen an hirem Choix ageschränkt ginn duerch d’Suergen ëm d’fi nanziell Ofsécherung vun hirer Famill!

Mir begréissen dëse Projet duerfir ausdrécklech a ginn och eisen Accord zu der Upassung iwwert d’Méiglechkeet, Membres suppléants an d’Com mission nationale de contrôle et d’évaluation ze nennen an zur Prezisioun iwwert d’Personne de confiance. Merci!