fbpx
 

Questions ParlementairesProjet Darwin

November 18, 20200
https://sven.lu/wp-content/uploads/2020/11/bribe-in-his-pocket-P3PERKK.jpg

Laut engem Artikel vum 18ten November vu reporter.lu, gouf et 2018 Pläng vum deemolege Verdeedegungsminister Etienne Schneider, fir d’Direktioun vun der Defense an der Police, esou wei de SREL a Gebailechkeeten op der Cloche d’Or ënnerzebréngen. Laut dem Noriichteportal hätt dëse Projet, dee warscheinlech de Sécherheetsstandarde fir dës Administratiounen net entsprach hätt, de Steierzueler um Enn bis zu 70 Milliounen Euro kascht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gebailechkeeten huet de Staat säit dem 6.12.2013 duerch eng esou genannte Prozedur location-vente kaaft? 

  2. Firwat hunn d’Ministeren no de Walen 2018 decidéiert, déi verschidden Direktiounen net an d’Gebai Darwin op d’Cloche d’Or ze plënneren?

  3. Firwat gouf no de Walen 2018 decidéiert, fir d’Servicer vum Ministère de la Santé an dësem Gebai ënnerzebréngen? Gëtt et eng clause d’achat am Kontrakt tëscht dem Staat an de Besëtzer vum Gebai?

  4. Laut reporter.lu, huet den deemolegen Arméisminister Drock op seng Servicer gemaach, dass de Projet nach virun de Walen 2018 ofgeschloss sollt ginn. Ee Projet, an deen ee Promoteur verwéckelt ass, bei deem den deemolege Minister och privat gelount huet. Gesinn d’Ministeren an dësem Fall een Interessekonflikt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3158

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Sven Clement
Contact
+352 20 60 66
+352 20 60 66 – 66
Sensibilité politique PIRATEN, 22, rue de l’Eau, L-1449 Luxembourg.