Header for Projet de de loi modifiant la loi modifiée du 10 juillet 2020 portant prorogation de ladérogation aux dispositions des articles 3, 6, 7 et 9 de la loi du 1er août 2019 concernant les mutuelles

Projet de de loi modifiant la loi modifiée du 10 juillet 2020 portant prorogation de ladérogation aux dispositions des articles 3, 6, 7 et 9 de la loi du 1er août 2019 concernant les mutuelles

Dës Ried hunn ech den 30/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de de loi modifiant la loi modifiée du 10 juillet 2020 portant prorogation de ladérogation aux dispositions des articles 3, 6, 7 et 9 de la loi du 1er août 2019 concernant les mutuelles” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Ech wollt u sech einfach nëmme soen: „Und täglich grüßt das Murmeltier.“ Ech erënnere mech, datt ech gëschter plus/minus ëm déi nämmlecht Auerzäit hei stoung, fir deem nämmlechte Rapporter, dem Georges Engel, Merci ze soe fir säi mëndlechen a schrëftleche Rapport zu anere Projeten, déi hei Saa che verlängert hunn. An dat wëll ech natierlech op dëser Plaz als Alleréischt maachen.

Et ass wichteg, datt mer dat heite verlängeren. Ech muss awer dach e bësse meng Verwonnerung aus drécken driwwer, a wéi enger Prozedur mer elo grad waren. Datt, nodeem eng Motioun rejetéiert gouf, dann nach eng Kéier opgemaach gëtt, fir un där Mo tioun wëllen ze schrauwen. Ech mengen, d’Invita tioun ass ukomm. Ech denken, datt mer wäerten nach méi wéi eng Kéier d’Geleeënheet hunn, fir iw wer Statistiken am Logement ze schwätzen.

Wat deen heite Projet ugeet, ginn d’Piraten hiren Accord. Ech soen Iech Merci.