Header for Projet de loi autorisant la participation de l’État au financement des mesures prises en charge par l’assurance maladiematernité dans le cadre de la crise sanitaire due à la pandémie Covid19 et modifiant la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020

Projet de loi autorisant la participation de l’État au financement des mesures prises en charge par l’assurance maladiematernité dans le cadre de la crise sanitaire due à la pandémie Covid19 et modifiant la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020

Dës Ried hunn ech den 01/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi autorisant la participation de l’État au financement des mesures prises en charge par l’assurance maladiematernité dans le cadre de la crise sanitaire due à la pandémie Covid19 et modifiant la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech mengen, eis ass alleguerte bewosst, datt dëst Gesetz e wichtegt Puzzlestéck ass, fir d’Zukunft vun eisem Sozialsys tem op d’mannst mëttelfristeg ofzesécheren. An ech schléisse mech als Éischt emol de Mercien un de Rapporter u fir säin ausféierleche Rapport, sou wuel schrëftlech wéi och mëndlech. Mee ech schléisse mech awer och de Mercien un d’CNS un, déi hei wierklech exemplaresch gewisen huet, fir wat een e staarke Sozialsystem brauch a firwat et wichteg ass, datt mer net onbeduerft dorunner seeë ginn.

Et ass sécherlech esou, datt d’CNS hei a Virleesch tung gaangen ass an duerfir zu Recht an dat gouf jo och gesot déi Suen hei zréckkritt. Et däerf net op Käschte vun den Assuréë goen, fir eppes opze kommen, wat net vun hinne verscholt ass. Bon, wann een dee Gedankegang weiderspënnt, da kënnt een op eemol op ganz komesch Gedanken. Duerfir bleiwen ech einfach dobäi an ech soen: Et ass wichteg, datt déi Kris hei net einfach nëmmen um Réck vun Eenzelnen ausgedroe gëtt, mee datt d’Solidargemeinschaft, déi mer sinn, derfir opkënnt. A wann ech dobäi sinn, da kënnt mer awer an de Kapp, datt dat heite jo als Éischt emol den Em ployéë gehollef huet, zweetens den Employeuren, fir d’Leit an der Aarbecht ze halen, well et ass ëm mer besser, Aarbecht ze finanzéiere wéi Chômage ze finanzéieren. Mee eng ganz Rëtsch Leit sinn trotz deem ze kuerz komm, an dat sinn nämlech déi, déi net onbedéngt vun engem Krankeschäi konnte profitéiere respektiv déi och do Limitten hunn, an dat sinn natierlech eis Independanten, dat sinn na tierlech eng ganz Rëtsch Patronen aus Betriber, déi deelweis hu missen zoumaachen, déi also wärend enger Fermeture forcement och net kënnen am Krankeschäi sinn.

Deementspriechend hoffen ech, an ech hat dat mat enger Motioun probéiert heibannen, datt mer déi Hëllefspäck, déi ënnerwee sinn, déi d’Regierung scho vollmundesch annoncéiert huet, datt mer déi dann awer elo och zäitno behandelen, datt mer déi zäitno och hei zum Vott kréien, well et vergeet, mengen ech, keen Dag, wou sech net déi eenzel Pa tronen d’Fro stellen, ob et nach esou ka weidergoen oder net. An dat huet zwar mat deem heite Projet, wou d’CNS ausdrécklech nach eng Kéier eng wierk lech gutt Aarbecht geleescht huet, net direkt eppes ze dinn, mee et ass awer e Symptom vun engem grousse Malaise. A mir sollten eis heibannen deene Symptomer net verschléissen an derfir suergen, datt mer ganz séier all den Employéen an den Em ployeuren hëllefen, datt et hei net zu enger grous ser Sozialkatastroph kënnt.

Ech soen Iech Merci.