Header for Projet de loi autorisant l’État à participer au financement de la deuxième phase duprogramme de dépistage à grande échelle dans le cadre de la pandémie de Covid19

Projet de loi autorisant l’État à participer au financement de la deuxième phase duprogramme de dépistage à grande échelle dans le cadre de la pandémie de Covid19

Dës Ried hunn ech den 21/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi autorisant l’État à participer au financement de la deuxième phase duprogramme de dépistage à grande échelle dans le cadre de la pandémie de Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hu reegelméisseg den nämmlechte Problem wéi d’Kolleege vun déi Lénk, wou ech mer muss d’Fro stellen: Soll ech op villes vun deem, wat virdru gesot gouf, reagéieren oder net? Ech entscheede mech haut dergéint, …

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). … well ech mengen net, datt mer eis mat eenzelnen Aus soe mussen ophalen, wann et ëm d’Gesond heet vun eis all geet.

Här President, déi aktuell Infektiounszuele maa chen eis Piraten Suergen an ech mengen, datt et och kengem aneren heibannen anescht geet. Et ass an deene leschten Deeg vill geschwat ginn iwwer méi streng Mesuren, iwwert den Echo op eis Infektiounszuelen aus dem Ausland an esou weider an esou fort. An och meng Virriedner hu jo illustréiert, datt am Ausland tatsächlech eis Zuele fir Besuergnis gesuergt hunn.

Ech mengen, datt déi Diskussioun, ob d’Tester oder ob de LargeScaleTesting dorunner schold ass, e bësse laanscht d’Theema ass, well éischtens erfëllt Lëtzebuerg seng Obligatioune visàvis vu senge Bierger, an zwar esou gutt, datt mer net nëmmen eis Biergerinnen a Bier ger testen, mee mir teste souguer jiddwereen, deen heihinner schaffe kënnt. An domadder si mir e gutt Stéck besser drun, fir e Virus ze bekämpfen, wéi e Land, wat einfach d’Aen zoumécht virun der Realitéit, datt ee Frontalie ren huet, wéi ee Land, wat d’Aen zoumécht virun den Indicateuren, déi eng zweet Well kënnen indizéieren.

Lëtzebuerg huet duerch de LargeScaleTesting haut e Virwarnsystem, dee vill méi performant ass, wéi dat an anere Länner de Fall ass. A wann ech d’Zuele liesen, datt d’Saarland annoncéiert, se hätten ee Positiven an engem Dag gehat bei der duebeler Awunnerzuel vu Lëtzebuerg, wärend mir pardon, fir et einfach emol esou ze soen e puer Meter Loftlinn dovun der awer e puer méi hunn, a gläichzäi teg och e puer Saarlänner hei zu Lëtzebuerg positiv getest goufen deen Dag, da stellt ee sech d’Fro, ob mer net an deene ganzen Tests trategië méi Europa bräichten.

Mir bräichte méi Europa, wann et drëm geet, déi Resultater ze integréieren. Mir bräichte méi Europa, wann et drëm geet, ze realiséieren, datt e Staatsbierger vun deem engen och kann an engem anere Land positiv oder negativ ge test ginn. Mir brauchen e System, an deem mer de Lëtzebuerger, deen zu Pärel wunnt, net als Nonresident vläicht kategoriséieren, a gläichzäiteg awer de Frontalier, deen de gan zen Dag zu Lëtzebuerg ass, datt mer deen awer och als Nonresident um Enn kategoriséieren. Déi ganz Kategoriséierung an Natioune mécht an deem heite ganz spezifesche Kontext kee Sënn. An ier elo eng Fro vun dohannen aus dem Eck kënnt: Ech schwätze vun dësem spezi fesche Kontext! Et geet ëm Mënschen. Et geet ëm Mënschen, déi krank kënne sinn. An et soll eis egal sinn, ob dat een ass, deen an Däit schland wunnt, a Frankräich, an der Belsch oder zu Lëtzebuerg. Wat wichteg ass, ass, datt mer Infektiounsketten ënnerbannen. A fir dat ze maachen, hëlleft just eppes: testen, testen an nach eemol testen!

A wa mer da genuch getest hunn a mir fannen déi eenzel Infektiounen, da muss een hir Kon takter tracéieren, fir och sekundär Infektiounen ze fannen. An och do si mer u sech gutt ekipéi ert.

Här President, een, dee behaapt, datt déi héich Infektiounszuele vum LargeScaleTesting géife kommen, dee benotzt TrumpRhetorik, dee be notzt Rhetorik, fir Leit Angscht ze maachen, fir de wëssenschaftleche Fakten net an d’Gesiicht ze kucken.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Well um Enn vum Dag, an dat huet de Kolleeg Marc Baum hei gesot, ass d’Prevalenz bei de LargeScale Tester relativ stabill. Wou d’Infektiounszuelen an d’Luucht ginn zu Lëtzebuerg, dat ass bei de symptomatesche Fäll, ass bei deenen, déi tracéiert ginn. A genau déi géife mer war scheinlech och anescht fannen. De LargeScale Testing hëlleft eis eebe grad, déi ze fannen, déi an anere Länner duerch d’Masche falen, déi do duerch d’Netz ginn an déi da potenziell erëm méi Leit infizéieren.

Den ECDC, oder op Franséisch Centre euro péen de prévention et de contrôle des mal adies, huet a senge Lignes directrices festgeha len, datt eng grouss Testcapacitéit am Interessi vun enger epidemiologescher Iwwerwaachung, der Fréierkennung an dem Traçage läit. Dat si ganz vill komplizéiert Wierder an engem Saz, fir ze soen: „Wie méi test, dee bekämpft d’Krank heet méi effikass.“

Elo ass et esou, datt mer zu Lëtzebuerg dank dem État de crise kuerzfristeg e LargeScale Testing kruten an och duerch eng kreativ Aus leeung vun de Marchépublicken, datt een engersäits e Marché public oder, besser gesot, eng fräihänneg Ausschreiwung mécht fir 39 Komma eppes Milliounen an dann en Don vun Testequipementer, hu mer et fäerdegbruecht, fir de LargeScaleTesting séier op d’Schinnen ze bréngen. Dat kéint een elo kritiséiere wéinst der Form. Am Fong ass et awer dat, wat mer gebraucht hunn.

Am Fong ass et dat, wat eis erméiglecht huet, déi zweet Well, déi op eis zourullt, matzäiten ze erkennen, ier vläicht och aner Länner se erken nen. Dat heescht, mir sinn u sech gutt opge stallt mam LargeScaleTesting. Wat schued ass, an och dat gouf haut schonn ugeschwat, ass, datt um Enn vun dësem Mount den LST, de LargeScaleTesting, am éischte Programm aus leeft an datt mer u sech vun dem 27. Juli bis den 31. August haut nach kee Programm hunn.

D’Madamm Ministesch huet eis de Moien an der Kommissioun nach eng Kéier drop hige wisen, datt d’Verhandlungen do gutt stinn. An ech hoffe wierklech, datt déi Verhandlungen aboutéieren an datt mer weider kënnen testen, net nëmmen am Interêt vun deene Leit, déi schaffe ginn, mee virun allem och am Interêt vun deene Leit, déi engersäits an d’Vakanz wëlle fueren, well op ëmmer méi Plaze brauch een en Test.

An do, an deem Kontext wéilt ech dann awer trotzdeem eng Fro opwerfen, wou de Kolleeg Engelen schonn op där richteger Pist war, mee wou ech awer nach eng weider Fro hunn. Dat ass déi vum „nonaccredited test“. An do ass meng ganz konkreet Fro un d’Madamm Mi nistesch herno: Wat kéint dovunner de poten ziellen Impakt sinn op Länner, déi deen Test froen?

Stelle mer eis vir, ech reesen an e Land, wou den Test gefrot gëtt, an do steet drop, datt et en net akkreditéierten Test ass, dee gemaach gëtt. Sinn eis diplomatesch Institutiounen esou opgestallt, fir deene Länner, déi haut Tester froen, ze erklären, firwat dee Saz dropsteet? A wann net, brauche mer net vläicht eebe grad e Certificat, deen dat nämmlecht attestéiert, wat um offizielle Labosresultat steet, mee dee Saz net drop huet?

Ech weess, datt dat um offizielle Labosresultat warscheinlech muss dropstoen op Basis vun enger Obligation légale. Et muss een awer do eng pragmatesch Léisung fanne fir déi Leit, déi beim Reesen esou en Negativtest musse vir leeën a potenziell riskéieren, hei refouléiert ze ginn.

Dat Zweet ass, ech schwätze vum Teste virum Reesen. An ech begréissen do absolutt d’Flexi bilitéit an d’Vitess, mat där d’Regierung et er méiglecht huet, datt Residenten an och Netre sidenten, well et geet iwwert d’Matricule, déi reese wëllen an e PCRTest brauchen, dee kënnen ufroen iwwert de LargeScaleTesting. Ech hunn awer e klenge Bemoll, an dat hunn och d’Fuerscher e puermol gesot, datt mat de Retouren aus de Vakanze potenziell natierlech och de Virus erëm importéiert gëtt, dat ofhän geg vu wou d’Leit kommen. Deementsprie chend ass ee vun de Pilieren am LargeScale Testing, dee virgesinn ass, d’Ported’entréeë vu Lëtzebuerg. De Kolleeg Gusty Graas huet dovunner geschwat. En huet gefuerdert, datt et och eventuell op Autobunnsraststätten oder op anere Plazen, wou ee mam Auto ukënnt, ugebuede gëtt, fir ze facilitéieren.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech erlabe mer, hei am Numm vun de Piraten eng Motioun ze deposéieren, wou mer d’Re gierung invitéiere géifen, fir jiddwerengem, deen aus der Vakanz erëmkënnt, respektiv Leit, déi op Lëtzebuerg areesen oder um Retour aus dem Ausland sinn, d’Méiglechkeet ze ginn, iwwer en änleche Formulaire wéi dat elo fir déi, déi ausreesen, de Fall ass, fënnef Deeg no hirer Erëmarees kënnen en Test unzefroen an deen ze maachen, dat am Sënn vun, datt se sech sel wer mellen, fir getest ze ginn, fir esou Infekti ounsketten, déi eventuell am Ausland entstane sinn, ze briechen. Genau dat proposéiere mer aus deem ganz einfache Grond, well et irrealis tesch ass ze mengen, datt mer just iwwert de Sampling vum LargeScaleTesting déi Leit alle guerte géife fannen an et och soss dateméisseg ganz schwéier gëtt, fir erauszefannen, wien da gereest ass.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Dann, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer eppes aus der Coronakris léieren, dann ass et, datt d’Situatioun vun haut op muer ka wéi d’Zeitung vu gëschter, deelweis souguer changéieren. An dëser Zäit ass näischt esou al d’Zeitung vun haut, wéi mer haut gewuer goufen.

A wa mer haut nach op enger rouder Lëscht stinn, da sti mer muer vläicht schonn op enger grénger Lëscht, well aner Länner eis ëm eis Teststrategie beneiden. Mir Piraten plädéieren derfir, an dëser Fro e kille Kapp ze behalen an eis op d’Rigueur vun eiser Lutte géint d’Pande mie ze konzentréieren. Dat Wichtegst ass, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt mer kohärent, trei zu eisem Prinzip „Gesondheet steet un éischter Plaz“ bleiwen.

Mir Piraten hoffen och, datt duerch dës zweet Phas nach ganz nei wichteg zousätzlech Infor matioune séier kënne gedeelt ginn. D’Ma damm Ministesch huet eis dat de Moien an der Kommissioun versprach.

An ech hunn och de Moien an der Kommi s sioun gesot: Mir hunn haut méi Informatioune wéi bei der éischter Well. Mir hunn haut méi Informatioune wéi um Enn vun der éischter Well. Loosst eis deen Echange weider aus bauen! Loosst eis faktebaséiert, evidenzbaséiert Decisiounen huelen an esou dës Pandemie zesumme weider bekämpfen, och mam Large ScaleTesting!

An duerfir stëmme mir dëse Projet mat Houfert mat. Ech soen Iech Merci.

b.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Ech maachen et ganz kuerz. Ech wollt just nach eng Kéier op déi zwee Invitten agoen.

Dat eent ass, de Leit, déi op Lëtzebuerg aree sen oder um Retour aus dem Ausland sinn, d’Méiglechkeet ze bidden, fir sech gratis am Kader vum LargeScaleTesting testen ze loos sen. Ech hu mech elo grad beléiere gelooss vun der Madamm Ministesch, datt deen Term elo ze ersetze wär, LargeScaleTesting. Dat géife mer natierlech maachen.

A falls et e Problem gëtt mat de Leit, déi aree sen, do ass et eis wichteg, an der Motioun drop hinzeweisen: Leit, déi fir eng länger Dauer areesen, also net een, dee fir een Dag oder fir fënnef Deeg zu Lëtzebuerg ass, mee fir Leit, déi sech méi wéi zwou Wochen zu Lëtzebuerg ophalen, fir deementspriechend d’Infektiouns ketten ze briechen.

Ech sinn do ganz gäre bereet, falls do eng gutt Textpropositioun vun de Kolleege kënnt, déi soss net kéinte matstëmmen, ganz gären déi Modifikatioun och ze maachen.

An dann natierlech déi Testcampagne och ze promouvéieren, datt mer de Leit wierklech d’Méiglechkeet ginn, dat och wouerzehuelen. An optimalerweis geet dat jo deelweis iwwert d’Reesveranstalter, fir deenen och un d’Häerz ze leeën, och wann et Selbstfahrerreise sinn, och wann et Busreese sinn, déi eeben net op der Gare oder um Findel ukommen, fir de Leit do d’Méiglechkeet ze ginn, sech testen ze loossen.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). Et ass souwisou esou virgesinn.

M. Sven Clement (Piraten). Här Di Bartolomeo, et stee t souguer an der Motioun am zweete Considerant, datt et am Projet de loi, dee jo elo eestëmmeg gestëmmt gouf, …

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). Jo.

M. Sven Clement (Piraten). … virgesinn ass, um Flughafen an op der Gare ze testen.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP). Dat ass och mäi Punkt.

M. Sven Clement (Piraten). Dat ass ee vun de Consideranten. An ech mengen, dofir sollte mer dat Ganzt méi breet maachen. Dat ass e bëssen d’Propos, déi dës Motioun mécht.