Header for Projet de loi autorisant l’État à participer au financement de la troisième phase du programme de dépistage à grande échelle dans le cadre de la pandémie de Covid19

Projet de loi autorisant l’État à participer au financement de la troisième phase du programme de dépistage à grande échelle dans le cadre de la pandémie de Covid19

Dës Ried hunn ech den 11/03/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi autorisant l’État à participer au financement de la troisième phase du programme de dépistage à grande échelle dans le cadre de la pandémie de Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, Mond op, Stäbchen eran a schonn ass et geschitt. De Covidtest geet an de Labo an d’Resultat, hoffentlech negativ, kritt ee per SMS. Wat fir den Eenzelnen nëmmen e puer Mi nutte vu sengem Liewen an Usproch hëlt, kascht, op d’Gesamtpopulatioun gekuckt, awer Stonnen a Stonnen un Organisatioun an Auswäertungsaar becht. An dës muss finanzéiert ginn.

Dofir ass et wichteg, datt mer haut e Budget stëm men, deen et erlaabt, och wärend enger drëtter Phas vum LargeScaleTesting Persounen op eng Covid19Infektioun kënnen ze testen. De Large ScaleTesting kann eis net nëmmen hëllefen, Infek tiounsketten ze briechen, mee e kann an dëser drët ter Phas och derzou bäidroen, méi Informatiounen iwwert d’Wierksamkeet vun den Impfstoffer ze ge wannen.

Ech huelen et dofir direkt virewech: D’Piraten wäer ten dëse Projet ënnerstëtzen an haut fir eng Verlän gerung vun der Finanzéierung vum LargeScale Testing stëmmen. Dat awer net, ouni eng Rëtsch Kriticken un der Ëmsetzung ze formuléieren. D’Covidpandemie hält un an déi schläichend Fort schrëtter, déi mer bei den Impfunge maachen, loos sen een net gleewen, datt eng kollektiv Immunitéit zäitno erreecht ka ginn. Dofir wäert och weiderhi musse getest ginn. Datt mer de LargeScaleTesting ganz allgemeng ënnerstëtzen an dofir och zou stëmmen, de Projet weider ze finanzéieren, soll awer net verstane ginn als ee „Weider sou!“

Déi zweet Phas vum LargeScaleTesting, déi be kannterweis jo am September 2020 ugefaangen hat, huet gewisen, wou d’Problemer leien, déi elo an dëser drëtter Phas ze léise sinn. Grad wat den Transport vu Personnes à mobilité réduite ugeet, koum et an de leschte Wochen a Méint zu inakzep tabelen Ausgrenzungen: Well den Adapto Persou nen net duerch de LargeScaleTesting féiert, gou fen eng ganz Rei Persounen, déi sech aleng net de placéiere konnten, vun der Participatioun un de Covidtester ausgeschloss. Dat war eng Situatioun, déi an engem Land, an deem jiddwereen dee sel wechten Accès zu Servicer aus dem Gesondheets beräich soll hunn, inakzeptabel war an ass. Ech freeë mech dofir, datt dëse Mëssstand rezent konnt behuewe ginn, wat d’Regierung jo och viru Kuerzem an der Äntwert op eng vu menge parlamentaresche Froe confirméiert huet.

E weidere Problem, dee sech am Hierscht gewisen hat, ass deen, datt eis Testcapacitéiten zwar recht héich sinn, …

(Interruption)

… et kënne bis zu 53.000 Tester pro Woch gemaach ginn wäre mer nëmme mat den Impfungen esou séier! , mee d’Ekippen, déi un der Auswäertung vun den Tester an un dem Tracing bedeelegt sinn, kom men awer scho vill éischter un hir Grenzen.

Et gouf Wochen, an deene Leit, déi a Kontakt mat positiv geteste Persoune waren, eréischt esou spéit vun der Santé doriwwer informéiert goufen, datt se nach deeglaang hirem Alldag nogaange sinn, ob wuel se eigentlech doheem hätte solle bleiwen, do heem hätte misse bleiwen. Wa mer net just teste wëllen, fir statistesch Informatiounen ze kréien, mee och wierklech Infektiounskette wëllen ënner briechen, ass et dofir wichteg, wärend der kommen der Phas ze garantéieren, datt den Tracing och bei enger héijer Presenz vum Virus an der Populatioun nach ëmmer fonctionéiert.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, niewent de bekannte Problemer wäert déi kommend drëtt Testphas awer och vun neien Erausfuerderunge gepräägt sinn, Erausfuerderungen, mat deene mer bis elo net konfrontéiert waren. Esou gëllt et, an deenen nächste Méint duerch d’Teste vu verschiddene Per sounegruppen net nëmmen d’Ausbreedung vum Virus am Bléck ze halen, mee och Informatiounen iwwert d’Wierksamkeet vun de säit Kuerzem zum Asaz kommenden Impfstoffer ze sammelen. An och d’Opkomme vu private Schnelltester muss sënnvoll an d’Teststrategie integréiert ginn.

Wat awer opfält, ass, datt d’Schnelltester aus dem Sport net an de Rapporte vun der Santé opgefouert ginn, dat, obwuel se iwwert de MyGuichet musse gemellt ginn. Déi selwecht Fro wäert sech also och an Zukunft nach beim Projet vu Schnelltester an der Schoul stellen.

Dofir hunn ech hei, Här President, eng Motioun mat bruecht, déi d’Intentioun huet, dëse Mëssel ze be hiewen an och d’Resultater vu Schnelltester an den offizielle Statistiken opzelëschten.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Wat d’Dauer vun der nächster Phas betrëfft, ass eng Lafzäit bis Juli virgesinn, déi, falls néideg, awer bis September ver längert kéint ginn, « […] si la situation épidémiolo gique le justifie ou/et si l’immunité collective n’est pas atteinte d’ici là. » Esou steet et am Text. Well ech och wann ech mer et wënsche géif ganz grouss Zweifel drun hunn, datt mer bis Juli duerch genuch Impfungen eng Immunité collective er reecht hunn, denken ech, datt mer realistescher weis fir dës drëtt Phas mat enger Lafzäit bis September musse rechnen. Dat bedeit awer och, datt warscheinlech mindestens nach bis den Hierscht ganz vill ëffentlech Gelder an de Large ScaleTesting mussen investéiert ginn.

Wéi gesot, mir stinn hannert der Iddi, d’Pandemie och duerch eng ambitionéiert Teststrategie ze iw werblécken an anzedämmen. Gläichzäiteg fuerdere mer awer, datt dës käschtenintensiv Campagne transparent muss gefouert ginn. Et geet hei drëms, wéi staatlech Gelder an zweestelleger Milliounen héicht verwennt wäerte ginn. An do ass et wichteg, de Biergerinnen a Bierger zum Schluss mat klore Rapporten oppenzeleeën, wat wierklech mat de Sue geschitt ass, a wiem seng Täsch se gefloss sinn.

Wa mer haut dëse Projet stëmmen, steet schliisslech nach net fest, wéi vill Tester schlussendlech duerch gefouert ginn, well net gewosst ass, wéi vill Per sounen der Invitatioun nokomme wäerten. Esou ass et also och nach net kloer, wéi vill Tester analyséiert ginn a wat déi Phas hei schlussendlech reell kascht.

An och d’Budgetsposten, déi administrativ a logis tesch Aarbechten ëmfaassen, si fir d’Ëffentlechkeet schwéier ofzeschätzen, well d’Regierung bis elo keng Detailer zu den Ausgabe publizéiert. Dofir hale mir et fir extreem wichteg, datt no all Phas e Compte rendu muss ëffentlech gemaach ginn, deen am Detail déi eenzel Ausgaben opféiert an et de Biergerinnen a Bierger am Land esou erlaabt ze kontrolléieren, wat mat hire Steiergelder geschitt ass.

Ee Käschtepunkt, deen engem zum Beispill direkt an d’Ae spréngt an deen och schonn ugeschwat gouf, ass dee vun der Hotline vum LST, déi eleng vu Mäerz bis Juli Käschte vun iwwer enger Millioun Euro soll verursaachen. Dat ass op den éischte Bléck nëmme schwéier ze verstoen. An hei misst definitiv nach méi transparent gekläert ginn, wéi eng Käschten hei aus wéi enge Grënn ufalen. Ass et Loyer? Ass et Ekipement? Sinn et Personalkäsch ten? Bref, mir wëssen et net.

An och an der Chamberskommissioun krute mer nëmmen ee Montant pro Appell, deen eng gewës sen Unzuel vun Appeller iwwerschreit, matgedeelt. Wat dobäi opfält, ass iwwregens, datt et, au con traire, wéi et bei villen anere Produiten ass, déi ee keeft, wou de Präis, wat ee méi keeft, erofgeet pro Unitéit, bei den Appeller ëmgedréit ass: Déi éischt 3.000 gi mat enger Flatrate bezuelt an duerno gëtt et progressiv méi deier pro Unitéit. Do stellt ee sech awer d’Fro, wat déi Käschte genau verursaacht. Op Nofro, wéi dat opgeschlësselt gëtt oder opge schlësselt misst ginn et gëtt ëmmerhi mat ëffent leche Gelder vun enger privater Firma duerchgefou ert , gouf et just d’Verspriechen, dat nozekucken. Ech stinn haut hei an ech hunn déi Äntwert net.

Et misst also och méi kloer kommunizéiert ginn, mat wéi enge Soustraitanten zesummegeschafft gëtt. An net nëmmen, mat wéi eng Soustraitanten, mee mat wéi enge Soustraitanten dës Soustraitan ten nach eng Kéier schaffen. Well mir mierken hei, datt mer net nëmmen déi grouss BigFouren oder Arendt gouf genannt als Soustraitant direkt vum Staat hunn, mee datt dës Firmen nach eng Kéier Soustraitanten hunn, soudatt et nach manner iw werschaubar gëtt, wien dann elo hei wierklech d’Geld vum Contribuabel fir e Service a seng eegen Täsch stécht.

(Interruption)

Mir brauchen Transparenz, wann et ëm d’Notzung vun ëffentleche Gelder geet.

Den Optrag … an do kommen ech dann op déi Helpline, déi haut scho fir e bësse Gerumouers ge suergt huet, d’Helpline vaccination, en Optrag, dee schlussendlech fir bal néng Milliounen Euro un ee vun de Big Four gaangen ass, dee fir vill Froe ge suergt huet, well net kloer ass, wéi sech déi héich Zomm rechtfertege léisst, an deen dann, knapps geet et lass, vun engem Ustuerm iwwerrascht ass.

Bref, mir schwätze vill vun Transparenz, mir brau chen hei einfach méi Kloerheet, net nëmmen, mat wiem mer schaffen, net nëmmen, firwat mer mat deene schaffen, mee mir brauche virun allem eng Transparenz, wéi vill déi eenzel Prestatioune kon kreet kaschten a wéi déi Präisser zustane komm sinn. Grad wa mer an enger Procédure négociée sinn wat mer hei waren, well d’Argument ugefouert gëtt, datt jo soss kee Prestataire ze fanne wär , grad dann, wa mer also net iwwer e Marché public fueren, ass et immens wichteg, datt mer eng méi héich Transparenz vun de Präisser a vun de Käsch ten hunn, well soss ginn d’Fënsteren an d’Diere fir Abusen opgemaach.

Här President, ech komme sou lues zum Schluss, mee net ouni nach e leschte Punkt unzeschwätzen: deen awer dach wichtege Punkt vum Dateschutz de Schutz vu persounebezunnenen Daten, deen och erëm mat de Soustraitanten zesummenhänkt! D’Regierung léisst d’Invitatioune fir de LargeScale Testing nämlech vun engem Soustraitant printen. Op den éischte Bléck seet ee sech: Majo, natier lech! Eng Dréckerei, déi dréckt Contenu. Mee op deene Bréiwer stinn awer och d’Adressen drop vun deene Leit, déi invitéiert goufen.

(Interruption)

Dat heescht: Déi Firma weess, wie wéini invitéiert gouf.

(Interruption)

An do stellt sech d’Fro … an dat ass net kloer op Nofro hin, an de Kolleeg Marc Goergen hat déi Fro an der Kommissioun gestallt, wéi dee Soustraitant déi Informatioune kritt. Well da stellt sech nämlech d’Fro: Huet dee Soustraitant potenziell d’Méiglech keet, sech do eng Datebank ze schafen? Mir kennen d’Kontrakter net. Ech ginn dovun aus, datt et e gudde Kontrakt gëtt. Ech hoffen et! Mee ech hunn en net gesinn. A mir wëssen net, a wéi engem For mat e se kritt. Dat alles bereet eis dann awer e bësse Bauchwéi. A mir hoffen, datt mer do an Zu kunft awer nach méi kloer Äntwerte kréien, fir datt dee Bauchwéi dann hoffentlech ewechgeet.

Dat gesot, den LST ass wichteg: D’wëssenschaft lech Publikatiounen hu gewisen, datt en Infektiounsketten ënnerbënnt, datt en Neiinfektioune ka verhënneren. An dofir wäerten d’Piraten e matstëm men. Mee perfekt ass eppes aneres.

2.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Just vläicht, fir dat ze konkretiséieren, wat an där Motioun steet. Ech si mer absolutt bewosst, datt een déi net kann eent zu eent de PCR-Tester géint- iwwerstellen. Et ass awer de Schnelltest …, ech mengen, et gëtt jo och aner Säiten an deem Rap- port, et kann een dat schonn ënnerscheeden.

Et ass mer wichteg, datt mer haut hei iwwert déi Motioun schwätzen, aus deem ganz einfache Grond: Am Sport si mer elo schonn amgaang, do ginn déi Excellen hin- an hiergeschéckt, déi ginn eropgelueden. Et gëtt sécher nach technesch Pro- blemer, ech wëll do guer net an den Detail goen. Et ass awer esou, datt de Staat selwer wäert an abseh- barer Zäit – dat huet den Educatiounsminister eis jo elo schonn e puermol gesot – mat Schnelltester och an de Schoulen ufänken, wat nach eng Kéier d’Un- zuel vu Schnelltester wäert an d’Luucht schrauwen. A spéitstens do, wou de Staat selwer d’Datenerhie- wung u sech mécht, an net Drëtter, mengen ech, ass et wichteg, datt mer awer als Chamber och soen: Mir wëllen déi Zuelen dann och gesinn.

Ech mengen, mir schwätze vill vun Transparenz. Dat hei si wichteg Zuelen, well herno hu mer Positi- ver, déi wäerte warscheinlech iergendwéi am Rap- port gemellt ginn – well ech ka mer net virstellen, datt mer e Positiven, dee mer mam Schnelltest fan- nen, net mellen -, mee op där anerer Säit melle mer net, wéi vill Leit mer getest hunn. Dat heescht, d’Po- sitivitéitstauxe si vill méi schwéier ze rechnen, a grad do.

Et wier och vläicht hëllefräich, wa mer géifen d’Un- zuel vun de Schnelltester vis-à-vis vun de Positivi- téitstauxe weisen, fir och e bëssen déi Angscht ze huelen, déi awer heiansdo erëmgeeschtert, datt et do ganz vill falsch Positiver géif ginn. Ech hunn et jo elo am Sport selwer erlieft: Et si ganz vill Tester gemaach ginn iwwert de Weekend a virun de Week- ender. An esou vill Positiver sinn do net hannen erausgefall, datt ee géif soen, do wäre vill falsch Positiver derbäi.