Header for Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’un régime temporaire d’aide de minimis en faveur de certaines entreprises commerciales et artisanales dans le cadre de la pandémie du Covid19

Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’un régime temporaire d’aide de minimis en faveur de certaines entreprises commerciales et artisanales dans le cadre de la pandémie du Covid19

Dës Ried hunn ech den 20/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’un régime temporaire d’aide de minimis en faveur de certaines entreprises commerciales et artisanales dans le cadre de la pandémie du Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Kolleeginnen a Kolleegen, wärend dem État de crise goufen duerch de Règlement grandducal vum 25. Mäerz eng ganz Rei Hël lefe fir Betriber decidéiert. D’Zil vun dësem Pro jet ass et elo, déi verschidden Aiden, déi et gëtt, an engem Gesetz ze fusionéieren, fir d’Aide d’urgence temporaire bäizebehalen an nach e puer weider Méint zur Verfügung ze stellen.

Alles schéin a gutt, kann ee soen. Wieren do net eng Rei Schéinheetsfeeler, déi mer elo, lei der, net behuewen hunn, …

(Interruption)

… ier mer dat Gesetz hei elo stëmmen. Betriber, déi wëllen an de Genoss vun dësen Aidë kommen, mussen hir Demande bis de 15. Juli agereecht hunn.

Här President, de 15. Juli, dat ass schonn net méi laang. Souwuel d’Chambre de Commerce wéi och de Staatsrot kritiséieren dësen Delai dofir och ferm a fuerderen, datt een hei nobes sert an den Delai nach eng Kéier verlängert. Ech mengen, Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wann ee weess, viru wéi engen Erausfuerderungen d’Betriber am Moment stinn, da wier et nëmme fair, hei nozebesseren. Och mir Piraten sinn der Meenung, datt dräi Woche respektiv, wéi de Kolleeg Marc Baum et richteg gesot huet, 15 Schaffdeeg ze kuerz si fir Entreprisen, fir dës Aiden ze sollicitéieren.

Här President, hei kéinte mer méi kulant sinn. A mir hu jo nach virum 15. Juli Chamber a vläicht geschitt nach e Wonner am Interêt vun de Be triber!

Mir gesinn alleguerten, wéi staark d’Kris d’En treprisen trëfft. Mir Piraten gesinn dat dofir än lech wéi d’Chambre de Commerce, déi ver laangt, datt weider Aidë solle geschafe ginn. Wëssend, datt d’Kris eeben esou schlëmm ass, wéi se ass.

Mir gesinn de Moment, wéi Betriber hir Aktivi téiten opginn. Ech mengen, mir sollten dat als Warnsignal gesinn. E Warnsignal, elo net op der falscher Plaz ze spueren. Well seele waren esou vill HorecaFondsdecommercen um Mar ché ze kréie fir esou niddreg Montante wéi am Moment. Seele gouf et esou vill Betriber, déi a Schwieregkeete sinn.

Wien huet missen zoumaachen, an domadder direkt eligibel ass fir déi Aiden, a wien net, do ginn et och nach ëmmer keng méi konkreet Er klärungen. Et gëtt weiderhin op déi bestoend Texter verwisen. A mir wëssen alleguerten an déi Diskussioun ass hei am héijen Haus ge fouert ginn , datt déi net ëmmer richteg oder stringent oder kohärent applizéiert goufen. Et gi Betriber, déi krute vum Ministère op hir Demande fir eng Aide gesot: „Dir sidd net eli gibel. Dir hätt kënnen opmaachen.“ Genau déi selwecht Betriber kruten awer vu Beamte vun der Police oder Douane gesot: „Nee. Dir musst zou hunn!“

Ech hat dozou eng Question parlementaire ge stallt, well et eng Zäit laang d’Gerücht gouf, datt do de Code NACE gegollt hätt. Deem ass net esou, wéi de Minister mer op d’Question parlementaire 2158 geäntwert huet. Mee da froen ech: Wat waren dann déi konkreet Krittäre fir zouzemaachen, wann de Ministère op där enger Säit dat eent seet a Beamten, déi anere Ministèren ënnerstinn, muss ech éierlech soen, eppes anescht um Terrain gemaach hunn? Ech mengen, datt mer do an dësem Text hei hätte kënne méi prezis sinn an net nëmmen déi Konditiounen, déi mer elo festge schriwwen hunn, huelen.

Da muss ee sech natierlech och d’Fro stellen: Wéi kënne mer d’Betriber méi séier ënnerstët zen? Méi séier, well et ginn nach ëmmer keng Limitten, wéi séier de Ministère muss äntweren. Mir krute gesot, datt an deene leschte Wochen déi Äntwerten ëmmer méi zügeg erausgaange sinn an datt d’Beamten do och Heroesches ge leescht hunn, datt dat séier geet deenen och Merci gesot fir hiren Effort , mee nach ëmmer kommen eenzel Dossieren zustanen, déi eeben eng ganz laang Zäit brauchen. Entrepreneuren, déi an der Kris, wou et wierk lech op all Dag an der Tresorerie ukënnt, wo chelaang waarden, fir Aiden ze kréien, an do madder an enger Ongewëssheet sinn. Hei wär et gutt, wann een nach eng Kéier kéint eng Schëpp dropleeën.

Här President, iergendwou ass de Wuerm dran. An awer, mir Piraten begréissen dëse Projet de loi, well et ass absolutt néideg, eis Entreprisen, souwäit et geet, ze ënnerstëtzen. An awer hätte mer eis eebe gewënscht, datt et plazeweis méi wäit géif goen, generell méi Aiden zur Verfü gung géife stoen a generell och d’Krittäre méi kloer wieren a méi oppe wieren, a schlussend lech, datt et natierlech séier geet. Ech weess, dat ass net ëmmer ganz trivial, an och dofir nach eng Kéier: Mir begréissen dëse Projet.

Eng lescht Fro, wou de Minister mer awer vläicht da kann drop äntweren: Wien ersetzt deene Betriber, déi laut dem Ministère hunn dierfen opbleiwen an awer vun de Forces de l’ordre zougemaach goufen, hir Perten, déi iwwert déi Aiden, déi se hei kënne kréien, erausginn?

Ech soen Iech Merci.