Header for Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises7704 Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance en faveur de certaines entreprises et modifiant:1° la loi modifiée du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique;2° la loi du 24 juillet 2020 visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de : 1° la loi mo difiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ; 2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020 ; 3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ;3° la loi du 24 juillet 2020 ayant pour objet la mise en place d’un régime d’aide temporaire en faveur du commerce de détail en magasin

Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises7704 Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance en faveur de certaines entreprises et modifiant:1° la loi modifiée du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique;2° la loi du 24 juillet 2020 visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de : 1° la loi mo difiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ; 2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020 ; 3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ;3° la loi du 24 juillet 2020 ayant pour objet la mise en place d’un régime d’aide temporaire en faveur du commerce de détail en magasin

Dës Ried hunn ech den 17/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises7704 Projet de loi ayant pour objet la mise en place d’une nouvelle aide de relance en faveur de certaines entreprises et modifiant:1° la loi modifiée du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique;2° la loi du 24 juillet 2020 visant à mettre en place un fonds de relance et de solidarité et un régime d’aides en faveur de certaines entreprises et portant modification de : 1° la loi mo difiée du 4 décembre 1967 concernant l’impôt sur le revenu ; 2° la loi modifiée du 20 décembre 2019 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2020 ; 3° la loi du 3 avril 2020 relative à la mise en place d’un régime d’aides en faveur des entreprises en difficulté financière temporaire et modifiant la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique ;3° la loi du 24 juillet 2020 ayant pour objet la mise en place d’un régime d’aide temporaire en faveur du commerce de détail en magasin” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir hunn an de ver gaangene Méint hei am héijen Haus ëmmer nees héieren, datt déi aktuell Zäiten net einfach sinn, datt mer all Solidaritéit weise mussen, datt een no vollzéie kéint, wéi schwéier et fir d’Horeca, d’Kultur an den Evenementiel ass, an datt dofir gehollef géif ginn.

Dat ass ëmmer schéi gesot an et kléngt och flott no baussen, mee wat gëtt konkreet gemaach? D’Horeca kritt d’Aidë spéit! An dat hätt net missen esou kommen.

Ech hu virun engem Mount an der Plenière schonn eng Resolutioun agereecht, déi gefrot hat, datt ge nau dëse Gesetzesentworf, iwwert dee mer haut ofstëmmen, dee selwechten Dag gestëmmt géif ginn, wéi mer och de Secteur géifen zoumaachen. Ech si mer bewosst, datt dat net einfach gewiescht wär. Ech si mer awer och bewosst, datt mer schluss endlech hei en Text stëmmen, dee mer och éischter hätte kënne stëmmen, éischter hätte misse stëm men, an datt mer och éischter hätte missen d’Betri ber informéieren, wat heimat nämlech erauskënnt.

Well et si vill Betriber dobaussen, an de Kolleeg Marc Baum huet et elo grad gesot, déi kleng sinn, deenen et schwéierfält, esou een Text ze liesen an dann och nach déi richteg Konklusiounen doraus ze zéien. Et war ëmsou méi schwéier fir verschidde Restaurateuren, déi sech den Text dann ugelies hunn. A mir hate selwer hei an der Chamber Diskus siounen doriwwer: Si hunn den Text gelies, nodeem se schonn zougemaach goufen, nodeem se wouss ten: „Mir maachen Takeaway, mir maache Livraisou nen.“ An dunn hu se gelies: „Majo, wann ech zouge maach ginn, da kréien ech 100 %. A wann ech awer net zougemaach ginn, da kréien ech keng 100 %. Da kréien ech just 75 %.“

Ech si lo frou, datt de Minister dat schonn an deene leschten Deeg konnt opklären an och gëschter nach eng Kéier confirméiert huet, datt et tatsächlech esou ass, datt all Restaurant ka vun deenen 100 % Eligibilitéit vu senge Pertë profitéieren. Ech men gen, datt dat ganz wichteg ass. Mee ech mengen, datt een hei en amont besser hätt kënne kommuni zéieren, well grad déi kleng Betriber sech natierlech d’Fro gestallt hunn: „Hu mer dann net am November dee falsche Choix gemaach, fir opzemaachen, zou zemaachen, hallef op ze maachen?“ Dat hätt alles fir vill manner stressvoll Nuechte kënne suergen, wa mer hei besser an en amont kommunizéiert hät ten.

Dofir freeën ech mech natierlech, datt dëse Projet dann elo awer endlech op den Ordre du jour koum an datt mer keng weider Zäit domadder verléieren.

Här President, d’Horeca huet wéinst der sanitärer Kris hir Diere fir de Public zougemaach an däerf als Alternativ dee sougenannten Takeaway oder eng Liwwerung ubidden. Dat ass en déiwen Aschnëtt. Nëmmen 31 % vun de Biergerinnen a Bierger fan nen, datt den Takeaway eng reell Alternativ zum Restaurant ass. Dat sinn iwwer zwee Drëttel, déi do net d’accord sinn. Dat bedeit forcemement, datt d’Zuel vun de Clienten erofgeet.

Schonn éier d’Restauranten hu mussen zoumaa chen, ass wéinst dem Couvrefeu um 11 Auer d’Zuel vu Clienten an der Horeca erofgaangen, well d’Leit owes net méi vill Loscht hunn, an de Restaurant ze goen, wa se sech wärend dem Iessen déi ganzen Zäit gehetzt, gestresst fillen. Dat huet vill Restau ranten a Caféen och du scho Recettë kascht, an net eréischt dunn, wéi se zougemaach goufen.

Dat ass d’Resultat vun enger Decisioun vun der Re gierung an net vun de Restaurante selwer. Dofir ass et och elo un der Regierung hei, fir en dréngend néi degen Ausgläich ze suergen, duerch nei Mesuren an duerch eng Verbesserung vun deenen existéie renden.

Wa mer dem Mëttelstand wierklech richteg hëllefe wëllen, dann ass een éischte wichtege Schrëtt, datt d’Dossiere vun de Leit séier traitéiert ginn. Dofir be gréissen ech d’Aussoen an der Kommissioun, datt se prett sinn. D’Leit mussen nämlech hir Sue recht zäiteg kréien, an net eréischt Méint nodeems se hir Demanden agereecht hunn. Rechnunge musse be zuelt ginn. Salairë musse bezuelt ginn. A soubal et um Enn vum Mount ass, bleiwen net nach zwee Méint Zäit, fir dës Obligatiounen ze erfëllen.

De Salaire direkt bezuelt ze kréien, dat ass e Recht vun all Salarié. An all Salarié sollt och weiderhi säi Salaire pünktlech kënne kréien. D’Fournisseuren, déi net bezuelt ginn, tendéieren dozou, iergend wann net méi ze liwwere respektiv selwer a Proble mer ze kommen, well se hir eege Salairen net méi bezuele kënnen. Soudatt et zu engem Däiwelskrees kënnt. Mir mussen also hei derfir suergen, datt dat heite wierklech séier iwwert d’Bün geet.

Doriwwer eraus ass et och wichteg, datt d’De marchen einfach sinn. Wann d’Leit nämlech net eens ginn, fir d’Formulairen auszefëllen oder net déi richteg Piècen derbäileeën, da verlängert och dat den Delai.

A jo, ech hunn e bëssen d’Gefill, datt deen heite Projet nieft Aidë fir Restauranten an aner Betriber virun allem eng Aide fir ee Secteur ass, deen hei vunner dramatesch wäert profitéieren: Dat sinn d’Fiduciairen an d’Bureaucomptablen! Well, fir nämlech hir Perten ze rechnen an dat och nach mo natlech ze maachen, wat vill Betriber an der Ver gaangenheet guer net gemaach hunn, musse se elo duerch dëst Gesetz quasi eng Clôture mensuelle maachen anstatt eng Clôture annuelle vun hire Kon

ten. Dat féiert bei de Fiduciairen, Bureaucomp tablen zu engem Méiopwand, well grad d’Zilgrupp vun dësem Gesetz mécht normalerweis hir Kontabi litéit net selwer, mee huet déi zu engem groussen Deel externaliséiert. Soudatt mer, dat kann een u sech positiv kucken, mat dësem Projet hei direkt zwou Mécke mat enger Baatsch schloen: Mir hëlle fen der Horeca an de klenge Betriber a mir hëllefen dem Secteur vun de Kontabelen a Fiduciairen.

Bref, ech kommen awer nach zréck op d’Aarbechts plazen. Esou wéi d’Chambre des Salariés hunn och mir gemierkt, datt d’Konditioun, datt kee Personal däerf entlooss ginn, fir vun den Hëllefen ze profi téieren, net méi onbedéngt erfëllt muss ginn. Dës Dispositioun gouf einfach gestrach. Dat ass an ei sen Aen e Feeler. Laangfristeg wäert et nämlech méi deier ginn, an dat huet d’Vertriederin vun der LSAP och virdrun hei gesot, eng héich Unzuel u Per sounen am Chômage ze finanzéieren, wéi elo den Entreprisë mat appropriéierte Subsiden ze hëllefen, fir esou Aarbechtsplazen ze erhalen.

Mir hoffen also, datt sech d’Patronen, déi vun dë sen Aidë profitéieren, och wa se legal net dru ge bonne sinn, awer zumindest eethesch a moralesch dru gebonne fillen, fir kee Salarié ze entloossen op grond vu Schwieregkeeten, déi duerch dës Aidë combléiert ginn. Et ass nämlech wichteg, datt och do net herno e schrecklechen Effekt um Aarbechts maart entsteet.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, jiddereen heibannen huet d’Chance, en Akommes ze hunn, wat vun der Pandemie net affektéiert ass, mee d’Entrepreneu ren am Land mussen zum Deel mat groussen Differenze vun hirem Chiffre d’affaires auskommen, wärend d’Unzuel vun hiren Employéen an d’lafend Käschten awer d’nämmlecht bleiwen a souguer nach wäerte klammen. Mir hu jo schliisslech och decidéiert wärend der Pandemie, de Mindestloun eropzesetzen, an dat war och richteg a wichteg fir all déi Salariéen, déi vum Mindestloun musse lie wen. Mee dat ass awer och eng weider grouss Erausfuerderung fir den HorecaSecteur, e Secteur, deen eebe grad vill Employéen huet, déi um Min destloun schaffen. Dofir musse mer elo deenen En treprisen, déi opgrond vun de steigende Salairen zousätzlech belaascht sinn an dës Ausgaben eleng net stemme kënnen, duerch d’Kris hëllefen. An dat gëtt mam Projet 7718, dee mer haut jo och nach behandelen, gemaach.

Ech schléisse mech och nach den Aussoen an och der Motioun vun der CSV un, datt mer et géifen duerchaus begréissen, wann de Seuil vun der Diffe renz vu 40 % op 30 % erofgesat géif ginn. Mir wël len awer dësem Projet hei net am Wee stoe just wéinst dem Seuil. Deementspriechend kann ech Iech soen, datt mer eisen Accord zu dësem Projet ginn, net ouni awer drop hinzeweisen, datt et drëm geet, e propper a Musek ëmzesetzen, ouni onnéi deg Problemer ze schafen.

Ech soen Iech Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Merci och dem Här Delles fir verschidde vun deenen Erklärungen. Ech hunn net gesot, datt jiddweree muss eng Fiduciaire hunn, fir déi De mande ze maachen. Dat ass vläicht falsch verstane ginn. Ech hu just gemengt, datt et en Heemount fir d’Fiduciairen a fir d’Bureaucomptabele gëtt, well awer eng ganz Rëtsch Betriber op déi Servicer zréckgräife mussen.

Dat Zweet ass: De Minister huet gesot, et wär nach net kommunizéiert ginn. An dat ass faktesch falsch. Et gouf eng Pressekonferenz vun der Re gierung, wou déi Aiden hei virgestallt goufen. A bei dëser Pressekonferenz gouf leider an dat ass dat, mengen ech, wat ech wierklech bedaueren d’100 %Klausel fir Fermeturen net ernimmt. Et gouf och an hire Rechebeispiller, déi gewise goufen, net gewisen, wat dach awer fir e puer schloflos Nuech ten am Secteur gesuergt huet, well jiddwereen na tierlech fir sech gerechent huet.

Ech mengen, d’Beispill, dat gewise gouf, war dat schlechtméiglechst Beispill, dat ee konnt weisen. Et war nämlech fir eng „moyenne ou grande entre prise“ mat nëmme 70 % eligibelen …, also mat 75 % eligibel als éischt, an da 70 % dovunner, déi dann och rembourséiert ginn. Soudatt ganz vill Leit, déi net dovunner betraff waren, sech awer Suerge ge maach hunn.

An ech menge vläicht, wann ech dat ka matginn: Déi nächste Kéier, wann esou Aiden annoncéiert ginn, vläicht e bësse méi realitéitsno och deene Klengen, déi eeben net d’Gesetz liese ginn, kommu nizéieren! Dat géif deenen hëllefen an, mengen ech, e puer gro Hoer erspueren.