Header for Projet de loi concernant la participation du Luxembourg à l’augmentation spéciale temporaire du capital appelable de la Banque africaine de développement

Projet de loi concernant la participation du Luxembourg à l’augmentation spéciale temporaire du capital appelable de la Banque africaine de développement

Dës Ried hunn ech den 30/06/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi concernant la participation du Luxembourg à l’augmentation spéciale temporaire du capital appelable de la Banque africaine de développement” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter André Bauler fir den exzel lente mëndlechen a schrëftleche Rapport, deen an deem heite Kontext sécherlech eng Lektür wäert ass, well et kann een et net oft genuch soen: Et geet hei jo ëm eng Garantie an et geet net drëm, datt mer Suen haut debourséieren!

Mat dësem Gesetz solle mer also de Rating vun der Banque africaine de développement oder kuerz BAD ofsécheren. Doduerch, datt Länner wéi d’USA a Kanada riskéieren, bei bal all de grousse Ratings agencen hiren TripleA ze verléieren, mussen déi aner Partnerlänner, déi deen nach hunn, sou wéi Lëtzebuerg, sech elo solidaresch mat deene Grousse weisen.

Ouni d’Hëllef vun de Partnerlänner riskéiert d’Bank nämlech als Konsequenz och hire Rating ze verléie ren an hätt da Problemer, fir déi néideg Prête fir hir Projeten um Marché kënnen opzehuelen.

D’Bank huet bis elo awer nach ni ëm Sue gefrot an an dësem Fall geet et an dat nach eng Kéier, wéi de Rapporter scho gesot huet och net ëm e Prêt, mee ëm d’Stelle vun enger Garantie. Wann ee be denkt, wéi vill Projeten d’Bank trotz Covid weider dreift, dann ass et de Minimum, datt Lëtzebuerg säin Deel derzou bäidréit, fir weider hei en TripleA Rating fir d’BAD opzebauen.

Projete wéi dee fir 2025 uviséierten „Desert to Power“, ee vun den ambitiéiste Solaranlagprojete weltwäit, ginn ënner anerem vun der BAD matfinan zéiert. Aleng dëse Projet soll eng Capacitéit vu bis zu 10 Gigawatt hunn. Domat kéinten 250 Millioune Mënsche mat Stroum versuergt ginn, dovun 90 Mil liounen, déi bis haut nach keen Accès zu Elektrizi téit hunn.

Ufangs des Mounts huet d’Bank jo och decidéiert, e Projet am Ruanda mat ronn 85 Millioune matzefi nanzéieren, fir am afrikanesche Land d’Stroumnetz auszebauen. Dee Moment kéinten 80.000 weider Haushalter vun engem Accès zum Stroumnetz pro fitéieren, 80.000 Haushalter, déi haut ganz heefeg op Dieselverstroumung setzen an domadder sécherlech net déi bëllegst a ganz sécher net déi ekologeschst Aart a Weis fir Stroumproduktioun notze kënnen.

D’BAD erlaabt et also heimadder, net nëmmen en Impakt géint de Klimawandel ze hunn, mee si er méiglecht et de Leit och, méi bëlleg un de Stroum ze kommen, dee se brauchen, fir hire Geschäfter nozekommen.

Wann ee bedenkt, datt Dieselstroum an Afrika hee feg dräi bis fënnefmol esou deier ass wéi Solar stroum, da mierkt een, wéi wichteg et ass, datt eebe grad och an deenen entleeënste Regioune Stroumnetzer opgebaut ginn. Duerfir leet d’BAD hi ren Deel bäi.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst sinn nëmmen zwee vu ville weidere Projeten, déi musse weider ënnerstëtzt a gefërdert ginn. D’BAD setzt sech a fir Projeten, déi de Mënsche grad ewéi der Ëmwelt hëllefen. Si huet eng wichteg Missioun, déi net dierf duerch de Rating oder de Ranking vu Ratingsagencë gestéiert ginn. Duerfir sollt Lëtze buerg säin Engagement hei och héichhalen an dës Garantie vu ronn 86 Milliounen (veuillez lire: ronn 68 Milliounen) accordéieren.

Duerfir wäerte mir Piraten dëse Projet och mat stëmmen. Ech soen Iech Merci.