Header for Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 et modifiant:25° la loi du 15 décembre 2020 relative au climatet portant abrogation de la loi modifiée du 22 décembre 1993 ayant pour objet la relance de l’investissement dans l’intérêt du développement économique et7667 Projet de loi relative à la programmation financière plu riannuelle pour la période 20202024

Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 et modifiant:25° la loi du 15 décembre 2020 relative au climatet portant abrogation de la loi modifiée du 22 décembre 1993 ayant pour objet la relance de l’investissement dans l’intérêt du développement économique et7667 Projet de loi relative à la programmation financière plu riannuelle pour la période 20202024

Dës Ried hunn ech den 16/12/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 et modifiant:25° la loi du 15 décembre 2020 relative au climatet portant abrogation de la loi modifiée du 22 décembre 1993 ayant pour objet la relance de l’investissement dans l’intérêt du développement économique et7667 Projet de loi relative à la programmation financière plu riannuelle pour la période 20202024” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass am Moment schwéier, wann net souguer onméiglech, virauszesoen, wéi déi nächst Wochen a Méint ze maachen an ze packe sinn. Dëst si mer eis alleguerte be wosst a mir hunn dat och am Hannerkapp behalen, wéi mer dëse Budgetstext analyséiert hunn. Ech soen dofir hei dem Rapporter grad wéi dem Minis ter Merci fir hir ausféierlech Erklärungen zu engem Text, deen dach an der Incertitude entstanen ass.

Mee och wann et schwéier ass, musse mer eis Re cettë fir dat kommend Joer andeelen an ofschät zen, wat mer u Sue brauchen, fir eist Land och nach duerch de Rescht vun dëser Pandemie ze bréngen. D’Politik muss och an dëse schwéieren Zäiten e Plang hunn. De Plang vun der Regierung läit elo vir. An och wa mer mat ville Mesuren averstane sinn, esou bleiwen awer Kriticken a Froen op, op déi ech dann hei wëll agoen.

Fir d’éischt wëll ech awer op déi verschidde wich teg a richteg Mesuren agoen, déi mir Piraten ënner stëtzen.

Mir Piraten fannen et gutt, datt ab dem nächste Joer eng elektronesch Steierkaart soll agefouert ginn, déi den Aarbechter net méi muss all Joer un de Patron schécken. Et ass eng kleng Mesure, mee et spuert vill Pabeier, entlaascht d’Steierverwaltung a spuert soumat Suen op allen Niveauen.

Mir fannen et och gutt, datt de Plaffong fir d’Be steierung vum Revenu vu Fotovoltaikanlagen erop gesat gëtt, well mir Piraten si grondsätzlech derfir, datt op all Daach mat südlecher Ausriichtung soll eng Fotovoltaikanlag ubruecht ginn. Hei misst awer och de Staat bei sengen eegene Gebaier mam gudde Beispill virgoen.

Da begréisse mer et och, datt de Logementsbudget erhéicht an de Mobilitéitsbudget héichgehale gëtt.

Ganz positiv ass an dësem Budget och, datt de Jus tizministère e Budget krut, fir Experten ze bezuelen, déi hëllefe sollen, de Gesetzesprojet fir d’Jugend schutzgesetz ze iwwerschaffen, well mir wëssen et alleguerten: Den éischten Entworf war mat enger Rei Dispositiounen, déi offensichtlech géint d’Kan nerrechter verstouss hunn, schliisslech alles anescht wéi zefriddestellend.

Datt de Bildungsminister an e Service spécial inves téiere wëllt, fir et de Kanner aus dem Ausland méi einfach ze maachen, fir an eisem Schoulsystem Fouss ze faassen, kënne mer och grondsätzlech ën nerstëtzen. Mir wëllen awer umierken, datt et wich teg ass, datt dëse Service bei der Integratioun vun de Kanner hëllefe soll an net, esou wéi et zum Bei spill bei verschiddene Centres de compétences de Fall ass, derzou féiert, datt dës Kanner duerno deelweis vum Rescht vun de Schüler getrennt ginn. Dat ass eng Entwécklung, déi eis Suerge mécht, an do sollte mer oppassen, datt mer ënnert dem Deck mantel vun neien a moderne Begrëffer net e Réck schrëtt maachen, wat d’Inklusioun ugeet.

Leider ginn et awer nach vill méi Saachen, mat deene mer net d’accord kënne sinn. Fir d’alleréischt hätte mir Piraten eis gewënscht, datt dëse Budget op méi ofziilt wéi nëmmen de Status quo. No groussen Ukënnegungen um Niveau vum Klima schutz a méi sozialer Gerechtegkeet fält de Bilan hei éischter erniichternd aus. De Finanzminister huet ganz richteg gesot, datt aussergewéinlech Zäi ten och aussergewéinlech Mesuren erfuerderen. Vill Aussergewéinleches gesinn ech hei awer net.

Fänke mer mat der kontroverster Mesure un, der CO2Steier. Mir Piraten fuerdere méi aktiven Asaz vun der Regierung, wat de Klimaschutz ugeet. Dofir si mer am Prinzip och averstane mat enger Steier, déi op dem Ausstouss vun CO2 baséiert. Allerdéngs hätt hei misse séchergestallt ginn, datt dës Mesure net déi Leit trëfft, déi um Enn vum Mount souwisou scho virbäi an hannewidder sinn. Jo, d’Regierung huet ugekënnegt, d’Allocation de vie chère ëm 10 % an de Crédit d’impôt ëm 96 Euro ze erhéijen. Dësen Ausgläich geet duer, fir mat engem Auto, deen am Schnëtt 6,5 Liter op 100 Kilometer géif verbrau chen, 27.000 Kilometer am Joer ze fueren. Een, deen also zu Wolz wunnt an an der Stad schafft, ass domadder net méi wäit gefuer wéi vun doheem op d’Schaff. Do derbäi kommen dann nach d’Traje ten an de Supermarché oder soss enzwousch an net ze vergiessen den Heizungsmazout.

Leit mat Sue kënne sech nei an effizient Autoe leeschten a mussen heefeg och nach manner Kilo metere fueren, well se sech en Haus oder eng Wun neng méi no bei hirer Aarbecht leeschte kënnen. Wiem d’Sue feelen, dee muss dezentral wunnen, kann do oft net vun engem séieren an enk getakten ëffentlechen Transport profitéieren a muss sech mat sengem alen Auto zefridde ginn, well d’Suen einfach net duergi fir en neien. Dës Leit kënne sech och mat den aktuelle Primme keen Elektroauto kafen oder hiert Doheem méi energieeffizient maa chen. Si wäerte weider mat hirem alen Auto bis op d’Aarbecht fueren an och weider mat Mazout hët zen, well eng modern Pelletsheizung en onerreech bare Luxus ass.

Déi Leit, déi elo schonn net iwwert d’Ronne kom men, wäerten duerch déi nei CO2Steier nach méi an d’Struewele kommen. Den Ausgläich, deen d’Regie rung proposéiert an als Sozialmesure verkafe wëllt, geet einfach net duer. Dat nennt een nämlech: mat där enger Hand huelen, wat ee mat där anerer gëtt. Ouni also en appropriéierten Ausgläich, deen net just duergeet, wann een en neien Hybrid fiert, mee och d’Méikäschte beim Heize matabezitt, kënne mer hei net vun enger sozialverträglecher Klima politik schwätzen.

Allgemeng huet d’Regierung Problemer, hir Mesurë sozialgerecht ze gestalten. Wat d’Primmen an d’Subsiden ugeet mengt d’Regierung et oft gutt, mee ënnerstëtzt am Endeffekt awer just déi Leit, déi souwisou scho genuch hunn. Dat geet vun der Primm fir d’Elektroautoen, déi mer schonn e puer mol heibannen ugeschwat hunn, bis zum super reduzéierten TVATaux vun 3 %, wann ee säin Haus besser isoléiert. Dës Mesurë sinn am Fong gutt, mee si hëllefen deene Leit näischt, déi sech keen Eegenheem kënne leeschten an net all fënnef Joer en neien Auto kënne kafen. Ech soen et nach eemol: Mir Piraten stinn hannert dem Prinzip vum Pollueurpayeur a mir si fir eng CO2Steier. Mee dës Steier muss esou konzipéiert sinn, datt se net nach méi sozial Ongerechtegkeeten hei am Land schaaft! Mir wëssen alleguerten, datt mer hei scho genuch Problemer hunn, a kënnen d’Ongläichhee ten dach elo net nach eegenhänneg onforcéiert ver schäerfen. Dofir kënne mer dës Mesure, sou, wéi se hei presentéiert ass, net ënnerstëtzen.

Dat eenzegt, wat eis an dësem Kontext tréischt, ass de Fait, datt d’Präisser vum Mazout, Bensinn an Diesel am Moment duerch d’Coronakris extreem niddreg sinn, also och mat der neier Steier nach net un d’Präisser vu virun der Kris erukommen. Dat gëtt eis Zäit, fir an de kommende Méint hei nach déi dréngend néideg Upassungen ze maachen. A mir hoffen, datt d’Regierung sech hei wäert asiichteg weisen an Entlaaschtunge fir sozial schwaach Me nagen nokommen.

Datt d’Bensinnspräisser aktuell esou niddreg sinn, wäert awer och en Afloss op d’Effektivitéit vun dë se Mesuren hunn. Eigentlech geet et jo dorëms, d’Präisser ze hiewen, fir en Ureiz ze schafen, fir d’Leit derzou ze beweegen, den ëffentlechen Trans port ze huelen oder méi heefeg zu Fouss ze goen, mam Vëlo ze fueren, bref, anescht wéi mam motori séierten Eenzelverkéier ënnerwee ze sinn, fir esou héich Präisser un der Zapsail ze vermeiden. Et ass dofir net unzehuelen, datt dës Mesuren am Joer 2021 schonn e signifikativen Afloss op de Konsum vun de Leit wäerten hunn. Dat bedeit leider awer och, datt den Impakt op d’Klima limitéiert wäert sinn. Mee ëmmerhi wäerten d’Suen aus där neier Steier fir eng effektiv Klimapolitik benotzt ginn, also dat hoffe mer elo emol, genee wësse mer dat nämlech net esou wierklech. Leider ass nämlech nach ëmmer net ganz kloer, wat mat deene Suen herno konkreet gemaach gëtt.

Och d’BCL seet an hirem Avis zum Budget, datt hir d’Detailer zu den Depensë vun der CO2Steier feelen an datt de Budget misst méi detailléiert iwwert déi verschidde Mesuren an hir Konsequenzen opklären. Dat ass näischt Neies, dat bedauere mer all Joer, mee leider probéiert d’Regierung alljoers, mat schéinen Zuelen ze beandrocken, ouni déi konkreet Informatiounen iwwert den Asaz vun de Gelder ze ginn.

Här President, d’CO2Steier ass leider net déi een zeg Mesure aus dësem Budget, déi Deel vun enger ambitionéierter Klimapolitik soll sinn an am End effekt awer nëmmen e limitéierten Effekt op d’Ëm welt, mee dofir awer e groussen Impakt op d’sozial Ongerechtegkeet wäert hunn. Do ass jo nach déi nei Tax d’abonnement fir gréng Fongen.

Mir haten am Oktober déi grouss Diskussioun iw wer méi Steiergerechtegkeet hei am Land. Dee Mo ment sot ech, datt et net ze erklären ass, datt ee bei Fongen nëmme muss een Honnertstel Prozent Steiere bezuelen. Elo huet d’Regierung nogebessert an ab nächstem Joer muss ee vun all Fong dann elo sage und schreibe 0,05 % Steiere bezuelen.

Mee datt elo nëmme keen op der Finanzplaz a Pa nik verfält, datt et vläicht ze vill Steiere géife ginn: Et gëtt am Budget jo elo déi nei Dispositioun, fir Fongen, déi zu 50 % aus grénge Produite bestinn, dann awer nëmme mat ganz, ganz sozialen 0,01 % ze besteieren. Esou sollen dann d’Finanzinstituter motivéiert ginn, fir mat méi nohaltegen Aktien an Obligatiounen ze handelen. Privatleit a Betriber hei am Land musse ronn 3.000mol méi héich Steiere bezuelen op hir Salairen an hire Gewënn. Esou ge säit sozial Gerechtegkeet net aus!

An dann ass jo och nach d’Gefor vum Green washing, och wann eis de Finanzminister do net zoustëmmt a sengen Aen ass et jo Green Promo tion , well wat ass dann iwwerhaapt e grénge Finan zproduit? Ass dat zum Beispill e Produit, deen de Climate Finance Label LuxFLAG kritt huet? Vläicht.

Sechs Produite kruten dee Label, wann ech d’Lëscht vum September vun dësem Joer kucken. Dat kléngt op den éischte Bléck net schlecht. De Problem ass awer, datt dës Produiten ënner anerem vun Investmentfirme wéi BlackRock gemanaged ginn. BlackRock ass weltwäit fir hir mënschen a ëmweltfeindlech Geschäftspolitik bekannt. Si investéiere méi wéi 6 % vun hire Suen an ExxonMobil. Dank dësem Gesetz wäerte BlackRock a Co 50 % vun engem Fong a Pëtrolsfirmen, Kuelekraaftwier ker a Waffe stieche kënnen an trotzdeem nach vun dëser Steiererliichterung profitéieren, soulaang déi aner 50 % ëmweltfrëndlech ugeluecht sinn. Sécher, 50 % Pëtrol si besser wéi 100 %. Mee ass e Fong, mat deem zur Hallschent a klimaschiedegend Fir men investéiert gëtt, wierklech gréng? Fir mech ganz kloer: nee!

Wat mer hei hunn, ass alt nees net méi wéi e Steier schlupflach fir déi Räich, eng Méiglechkeet, fir wei der vun engem extreem niddrege Steiersaz ze profi téiere fir déi, déi sou vill Suen hunn, datt se sech et leeschte kënnen, einfach emol en Deel dovunner net ze benotzen an a Fongen ze investéieren. All deenen anere gëtt gesot, datt elo net de Moment ass fir eng Steierreform. D’Wittfraen a männer, déi, nodeems se hire Partner verluer hunn, méi héich besteiert gi wéi virdrun, musse waarden.

D’Piraten fuerdere säit Joren eng Steierklass fir jid dereen a freeë sech, datt de Budgetsrapporter do där selwechter Meenung ass. D’Steierreform ass dëst Joer net komm. An deemno wéi laang eis de Covid och d’nächst Joer nach wäert an Otem halen, wäert se dann och nach e puer weider Joren op sech waarde loossen. Mee déi Räich kënnen hir Suen a vermeintlech gréng Fonge parken a vun en gem weidere Steierschlupflach profitéieren, e Schlupflach, dat duerch e gréngen Ustrach als Ëm weltmesure duerchgoe soll, mee virun allem eng Mesure fir eis Finanzplaz ass.

Wat allgemeng déi gréng Politik vun der Regierung ugeet, wëll ech hei just kuerz ervirhiewen, datt bis 2024 eng Erhéijung bis op 0,72 % vum PIB um Ni veau vum Defensebudget geplangt ass. Jo, bref, d’Uniforme sinn zumindest gréng.

Här President, d’lescht Joer hat ech wärend menger Budgetsried schonn eemol drop higewisen, datt en héije Budgetsposten net onbedéngt zu enger Ver besserung um Terrain féiert. Deemools hat ech kri tiséiert, datt de Klimafong zwar an de vergaangene Joren ëmmer e grousse Budget hat, mee mat en gem groussen Deel vun de Suen näischt gemaach gouf.

An dësem Budget sinn elo 11 % méi fir de Loge mentsressort virgesinn. Dat ass e gudden Ufank, wann dann och wierklech eppes mat de Sue ge maach gëtt. Ob 11 % duerginn, fir den aktuellen Erausfuerderunge gerecht ze ginn, ass eng aner Fro. Warscheinlech net, mee mir loossen eis gäre vum Géigendeel iwwerzeegen. Mee d’Zuele schwät zen eng kloer Sprooch.

Fir de Fong fir Konstruktioune sinn 2021 insgesamt 150 Milliounen Euro virgesinn. Zum Verglach: Re zent, de Moien, huet een op enger grousser Inter netplattform en eelef Ar Bauterrain zu Ueweraanwe fonnt, dee ronn 2 Millioune kascht. De Staat kéint also higoen an dëst Joer aacht an ee Véierels Hek tar Terrain zu deem Präis kafen, awer näischt méi drop bauen, well d’Sue wiere fort. Soe mer, e géif d’Hallschent dovunner kafen, dann hätt en nach e puer Suen.

Mee an deene meeschte PAGen hu mer dann Densi téitsbeschränkungen. Wa mer net grad um Kierch bierg bauen, si mer da limitéiert op iergendeppes zwëschent 20 a 25 Unitéiten den Hektar. Dat heescht, wa mer och nach déi aacht Hektar hätten a mir géifen all d’Suen investéieren, fir dorop ze bauen, kéinte mer maximal 200 Unitéiten do drop setzen. Ech loossen déi Zuele emol am Raum stoen, fir einfach de Kontext ze ginn, datt 150 Mil liounen zwar gutt kléngt, 11 % besser kléngt, mee et am Endeffekt eng Drëps op e gliddege Steen ass. Dat wier, wéi gesot, en Ufank, awer och nëmmen, wann dës Projete séier géife realiséiert ginn, well, si mer éierlech: Wat d’Plangen an d’Baue vu grous se Bauprojeten ugeet, hu mer hei zu Lëtzebuerg net dee beschte Bilan virzeweisen. Et dauert einfach ëmmer alles ze laang a gëtt duerch Verzögerungen dann awer nach e bësse méi deier wéi geplangt.

Dofir hei nach eemol den Appell, net nëmme schéi Mesuren um Pabeier ze presentéieren, mee se her no an d’Wierklechkeet ëmzesetzen.

Dat zielt och an de Beräicher Mëttelstand an Touris mus, wou de Budget och d’nächst Joer soll héich gehale ginn a wou de Budget fir d’Entwécklung vum Tourismussecteur versiwefacht gëtt. Mir begréis sen d’Ënnerstëtzung vun dëse Secteuren, déi schwéier getraff goufen, an hoffen, datt déi extra Ausgaben herno och wierklech do ukommen, wou se gebraucht ginn.

An dat zielt och am Beräich vun der Digitalisatioun, wou de Budget fir Seminairen a Journées d’études zéngmol méi héich ass wéi nach 2020. Bei esou héije Budgetsposte mussen dann herno och ein fach Resultater ze gesi sinn.

Ech kéint elo nach weidermaachen, mee ech men gen, de Message ass kloer. An alle Beräicher mus sen dës héich Ausgaben de Leit um Terrain hëllefen an et mussen herno och konkreet Resultater eraus kommen.

Grad an der aktueller Situatioun seet d’Politik gä ren, datt se keen am Stach léisst, datt mer solida resch duerch dës Kris ginn. Jo, et goufen eng ganz Rei Aidë fir déi verschidde Secteuren op d’Bee ge stalt mir wäerten déi nächst Deeg der nach e puer ze stëmmen hunn , mee jidderee weess, datt Selbststänneger aus de Beräicher Kultur, Com merce oder Horeca och mat den aktuellen Aiden um Struewele sinn.

Grad, wat d’Kultur ugeet, ass et wichteg, jonke Kënschtler, Museker, Dänzer a Schrëftsteller wä rend dëser Kris Perspektiven ze bidden, wa mer net wëllen, datt mer no der Kris eng ganz Generatioun u jonke Kulturschafende verluer hunn, well hir Exis tenzängschte wärend der Pandemie esou grouss waren, datt se decidéiert hunn, hirer Leidenschaft net méi nozegoen an en aneren, méi sécheren Job ze wielen. Eng Gesellschaft ouni Konscht, Musek a Literatur ass eng Maschinn. Si ka produzéieren, mee si reflektéiert net a si stellt sech net a Fro.

An esou enger Gesellschaft gëtt och de Mënsch zu enger Maschinn an esou wëlle mer net liewen. Dofir ass et wichteg, datt mer an d’Kultur investéieren, an dat besonnesch wärend der Kris, mee och doriwwer eraus. Mir begréissen dofir ausdrécklech all d’Aus gaben, déi a Covidhëllefe fléissen am Beräich vun der Kultur an och an allen anere Secteuren. Mir hunn an dësem Haus fir all dës Mesurë gestëmmt, déi de Betriber an de Privatleit duerch d’Coronazäit sollen hëllefen. A fir eis ass et dann och essenziell, datt net nëmmen de Chômage partiel, mee och aner Covidhëllefen iwwert den 31.12. eraus verlän gert ginn.

Mir stéieren eis awer e bëssen un der Duerstellung, datt dës Covidaiden Investitioune wieren. Dës Hël lefe sinn awer keng Investitiounen, si erhale just de Status quo. Si suergen derfir, datt esou mann wéi méiglech Leit net méi vun hirer Aarbecht liewe kën nen a sou mann wéi méiglech Geschäfter musse Faillite umellen. Ënner enger Investitioun verstinn ech eng Ausgab, mat där een eppes Zousätzleches fir d’Zukunft erreeche wëll. Dat hei sinn Nouthëlle fen. Domat probéiere mer, esou gutt et geet, de Sta tus quo ze erhalen. Kommt, mir sinn do éierlech mat eis selwer! Doriwwer eraus brauche mer an Zu kunft Mesuren, déi méi cibléiert sinn an nach méi spezifesch déi grouss Problemer hei am Land viséieren. D’Investitioune mussen héichgehale ginn a mussen héichgefuer ginn.

Mee nieft Investitioune geet et net duer, Geld aus zeginn, et muss een och derfir suergen, datt d’Staatsfinanze gesond bleiwen. De Finanzminister huet gesot, datt keen déi aktuell Kris hätt kënne virausgesinn. A jo, Här Minister, Dir hutt absolutt Recht! Keen heibannen a warscheinlech och déi wéinegst Leit op der Welt hätte sech dës Pandemie virstelle kënnen. Mee mir wousste jo awer, datt d’Wirtschaft zyklesch ass, datt op gutt Phasen och emol schlechter géife kommen. Dofir hu mer an de vergaangene Joren ëmmer gesot, datt mer eis gewënscht hätten, datt d’Regierung Sue géif op d’Säit leeë fir méi schlecht Zäiten, amplaz mat der Strenz iwwert d’Land ze goen. Elo hätte mer dës Sue gutt gebrauche kënnen. Fir dëse Feeler keng weider Kéier ze maachen, musse mer, soubal et eis nees méiglech ass, ufänken, nees e bëssen eppes op d’Säit ze leeë bezéiungsweis eis Scholden ze re duzéieren. Well déi nächst Kris ass just eng Fro vun der Zäit!

A wéi d’Madamm Hansen och schonn erkläert huet, hu mer hei gesinn, wat mat eiser prozentualer Schold geschitt, wann eis de PIB an de Keller fält, a wéi séier ee kann eisen TripleA a Gefor bréngen. Well just op de klammende PIB ze setzen an esou d’Scholden ze relativéieren, schéinzeschwätzen an zerechnen, ass geféierlech an de Leit Sand an d’Ae gestreet.

Vun der LSAP gouf heibannen de Jeff Bezos an Amazon ugeschwat. Datt de Georges Engel Ama zon hei verurteelt, ass awer e bëssen Duebelmoral. Amazon krut 2003, wéi se hei op Lëtzebuerg komm sinn, en Extradeal, wat d’Steieren ugeet. D’EUKom missioun huet virun e puer Joer decidéiert, datt duerch deen Deal mat der Regierung mindestens 250 Milliounen u Steieren ze mann bezuelt gi sinn. Wann een also dem Bezos säi Räichtum kritiséiert, da muss een och erwänen, wiem de Chef vun Ama zon op d’mannst zum Deel derfir ka Merci soen.

M. Marc Goergen (Piraten). Richteg!

M. Sven Clement (Piraten). Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’sozial Ongerechtegkeeten zu Lëtze buerg klamme weider. Mir gesi momentan net nëm men de Misär vun den Independanten, déi wäerten hire Buttek oder hir Restaurante mussen zoumaa chen, mee och d’Ongerechtegkeet, wat d’Bezuelung vun den essenziell wichtege Beruffer an dësem Land ugeet.

Jo, am Verglach zum Ausland verdéngt eist Santés personal gutt, mee d’Käschten, fir zu Lëtzebuerg wunnen a liewen ze kënnen, sinn och extreem héich. Derbäi kommen haart Aarbechtskonditiou nen an déi doru gebonne gesondheetlech Proble mer, déi net ewechzeschwätze sinn. Dofir brauche mer sou séier wéi méiglech eng grouss ugeluechten Diskussioun iwwert d’Aarbechtskonditiounen an d’Ausbildungsméiglechkeeten am Gesondheets a Fleegesecteur. An dofir soen ech och de Kolleege vun der CSV Merci, datt se dëse Sujet op den Ordre du jour setze gelooss hunn. An ech hoffen, datt mer séier derzou kommen an net erëm duerch iergend wellech Urgencemesuren dru gehënnert ginn, fir driwwer ze schwätzen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëse Budget hätt wéi all Joer kënne genotzt ginn, fir strukturell Veränne rungen unzedreiwen, mee dës Chance gouf net ge notzt. De Budget orientéiert sech nach ëmmer um PIB an un der Croissance vum Land, obwuel ge wosst ass, datt dat, wat dës Zuelen aussoe kënnen, begrenzt ass. Ech kann hei nëmmen der Cour des comptes an hirem Avis zoustëmmen, datt sech d’Politik soll um Bienêtre vun de Mënschen orien téieren an net nëmmen um wirtschaftleche PIB.

Une voix. Très bien!

M. Sven Clement (Piraten). Just well de PIB an engem Land klëmmt, heescht dat schliisslech net, datt et der Bevëlkerung och besser geet. Dat hunn d’Kolleege vun déi gréng virun zwee Deeg op hire soziale Medien an enger Grafik scho ganz gutt er kläert. Ech kann hinnen do also just zoustëmmen, wa se soen, datt d’Erhéijung vum Bruttoinlandspro dukt net onbedéngt zu engem bessere Liewe fir d’Leit féiert. Si sinn ëmmer wëllkomm, sech der Op positioun unzeschléissen, wa se wëlle méi gerecht Budgetsmesuren afuerderen.

Eis Budgetspolitik sollt dofir net prioritär zum Zil hunn, d’Héicht vum PIB ze erhalen an domadder eisen ongerechte System um Lafen ze halen, mee dëse Relanceplang sollt an éischter Linn de Leit dobaussen hëllefen a méi en nohaltegen an inklu sive Gesellschafts a Wirtschaftsmodell virundrei wen.

Do wieren och scho kleng Mesuren duergaangen, fir dësem Zil méi no ze kommen. Eng ganz konkreet Hëllef fir vill Leit dobausse wier d’Méiglechkeet, e Steierabattement anzeféiere fir Leit mat geréngem bis mëttlerem Akommes, wa se wéinst der Pande mie am Homeoffice hu misse schaffen. Aktuell kënne Leit, déi doheem e Raum hunn, dee se aleng fir hir Aarbecht notzen, do also zum Beispill extra e Raum als Büro ageriicht hunn, vu Steiererliichte runge profitéieren. Leit, déi keng Plaz doheem hunn, fir e ganze Raum just fir ze schaffen ze not zen, kënnen dëst net. Dat ass an eisen Aen net ge recht! An an deem Kontext reechen ech dofir hei och eng Motioun an, déi fuerdert, datt och déi Leit, déi keen eegene Büro doheem hunn, vun enger Steiererliichterung kënne profitéieren, wa se vun doheem aus hu misse schaffen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). A wéi mer iwwert déi HomeofficeReegelung oder iwwert den Abatte ment fir de Bureau à domicile recherchéiert hunn, hu mer emol d’Base légale dovunner gesicht. A léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hale mech fir een, dee relativ gutt mat Sichmaschinnen eens gëtt, dee sech am Internet erëmfënnt an deen eng Anung huet, wéi een Informatiounen, déi ëffentlech misste sinn, géif fannen. Et kéint ee jo souguer dervun aus goen, datt alles, wat d’Steiere betrëfft, och um Site vun der Steierverwaltung ze fanne wier. Bref, de Bu reau à domicile, deen een an de Frais d’obtention kann ofsetzen, baséiert op enger Circulaire vum Di rekter vun der Steierverwaltung vun 1998.

Et ass d’Circulaire 1052. An dës Circulaire steet net um Site vun der Steierverwaltung. Si steet och net op Legilux. Et fënnt ee se schlussendlech, wann ee ganz laang sicht, als Upload vun engem privaten Notzer op enger amerikanescher Plattform, fir PDFen ze hosten. Dat musst Der Iech virstellen, wien also wëllt wëssen, wat d’Konditioune sinn, fir säi Bureau à domicile ofzesetzen, muss als Éischt emol wëssen, datt et déi Méiglechkeet gëtt. Da muss e wëssen, mat wéi engen Termen e sicht. An da muss en enger amerikanescher Plattform trauen, datt dat tatsächlech déi richteg Circulaire ass. De User huet och nach derbäigeschriwwen: « Veuillez vérifier si toujours en vigueur. »

Bon bref, mir hunn ugeruff op der Steierverwaltung. (Hilarité)

De Mann um Telefon huet eis gesot, jo, dat wier eng gutt Fro, e géif eis zréckruffen. Et huet zwou an eng hallef Stonn gedauert, léif Kolleeginnen a Kollee gen, bis d’Steierverwaltung eis zréckgeruff huet an eis zu eiser Freed konnt soen: „Jo, déi Circulaire gëllt nach.“ Glécklecherweis hate mer schonn eng Kopie online fonnt, well soss wier et net méi duer gaangen, fir d’Motioun matzäiten ze schreiwen.

Här President, aus deem Grond reechen ech eng weider Motioun an, déi de Minister géif opfuerde ren, d’Steierverwaltung ze instruéieren, all aktuell nach gëlteg Circulairen och op hirem Site ze publi zéieren.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Am virleschte Punkt wëll ech dann awer weider beim Theema Transpa renz bleiwen.

Wéi scho gesot feelen eis nach ëmmer Informa tiounen zur CO2Steier, mee awer och zu den De pensë vun de Fonds spéciaux. Hei huet d’Cour des comptes wéi all Joer et ass e bëssen eng Kassett, déi hänke bliwwen ass , gesot, datt se méi Infor matioune bräicht, fir d’Situatioun kënnen anze schätzen. De Premier sot, et misst een, Zitat: „d’Luucht dohinner bréngen, wou et däischter ass“. Ma ech wier frou, wann dann an Zukunft d’Luucht géif op dës onduerchsiichteg Fonge geriicht ginn, fir datt d’Cour des comptes an Zukunft hirer Aufgab als Contrôleur och ka seriö nokommen.

Fir selwer haut schonn eppes ganz Konkreetes zum Theema Transparenz bäizedroen, hunn ech awer nach eng weider Motioun an déi betrëfft och e bës sen indirekt d’Chamber. D’Chamber an da si mer erëm bei den Internetsitten huet en Internetsite, deen nei gemaach gëtt. A wien d’Avisen zum Bud get sicht, dee muss eng Zäitche sichen. An een, deen am Internet géif nom Budget sichen, lant héchstwarscheinlech, éier en um Chamberssite beim Dossier lant vum Budget, um Site vum Finanz ministère, dem budget.public.lu. Dofir, Här Presi dent, hunn ech eng Motioun matbruecht, déi géif de Finanzministère invitéieren, fir voll Transparenz ze schafen an de Biergerinnen a Bierger, déi sech och fir d’Avise vun der Zivillgesellschaft interesséieren, dës net nëmmen um Chamberssite ze verëffent lechen, mee se och um budget.public.lu zur Verfü gung ze stellen.

M. Fernand Etgen, Président. Merci.

M. Sven Clement (Piraten). Eis Bierger si vill méi interesséiert un der Politik, wéi dat heiansdo duergestallt gëtt. Sécherlech ass déi faméis Poli tikverdrossenheet e Problem, mee dat heescht awer net, datt mer de Leit keng anstänneg an einfach zougänglech Informatioune sollen zur Verfügung stellen, well mer mengen, et géif ee se jo souwisou net kucke goen, oder wann, da wier een Expert ge nuch, fir se do ze fannen, wou se ze fanne sinn. Vill Leit sinn interesséiert a géife sech gären abrén gen, mee hinne feelt leider oft d’Zäit, fir dat ze maa chen. An dofir sollte mir als Chamber, sollte mir als Politiker iwwert d’Chamber eraus et de Leit esou einfach maache wéi méiglech, fir sech ze infor méieren, fir sech ze dokumentéieren.

Ech sinn och doriwwer ganz houfreg a ganz frou, datt de Budgetsrapporter a senger Ried an a sen gem Rapport eis Propos vun engem Biergerrot, dee mer jo och als Proposition de loi deposéiert hunn, opgegraff huet an als eng vu sengen Aktioune pro poséiert huet.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et géi fen nach eng ganz Rei weider Punkte ginn, zu deenen een eppes soe kéint an zu deenen ech och eppes soe wéilt, mee d’Riedezäit vun enger Partei mat zwee Memberen an der Chamber ass begrenzt an de Budget esou déck, soudatt een einfach net op all Punkt agoe kann. An dofir kommen ech dann zum Schluss.

Mir wëssen alleguerten, datt dëst e ganz besonne sche Budget ass an datt 2021 e schwéiert Joer fir Lëtzebuerg an d’ganz Welt wäert ginn. Och wann e Vaccin geschwë prett sollt sinn, esou weess dach awer keen, wéi genau et wäert virugoen. Mir hätten eis virun deem Hannergrond e Budget gewënscht, dee méi ambitionéiert géint d’sozial Ongerechteg keete virgaange wier an och e méi staarke Fokus op ökologesch Aspekter geluecht hätt. Dëse Budget huet zwar e gréngen Ustrach, mee wann een ënnert dës Couche Faarf kuckt, gesäit een, datt do net vill ass, wat zur Erreechung vun eise Klimaziler bäi dréit. Wat een do gesäit, ass méi, wéi de Super räiche gehollef gëtt, fir sech mat falsche grénge Verspriechen de Steieren ze entzéien. Mir kënnen eng Rei positiv Usätz an dësem Budget erkennen, mee déi gi bei Wäitem net duer, fir déi offensicht lech Ongerechtegkeeten auszegläichen, déi mat dësem Budget toleréiert, zementéiert an zum Deel souguer nei geschaf ginn. Dowéinst wäerten d’Piraten dëse Budget net matstëmmen.

Ech soen Iech Merci.