Header for Projet de loi concernant l’Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse

Projet de loi concernant l’Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse

Dës Ried hunn ech den 25/06/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi concernant l’Institut étatique d’aide à l’enfance et à la jeunesse” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Här Pre- sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Grond- iddi, datt de Stat sech ëm Kanner këmmert, déi Hëllef brauchen, ass ze begréissen. Ech mengen, de Rapporteur, den Här Baum, huet en exzellente mëndleche Rapport, haaptsäch- lech och iwwert d’Geschicht vun där ganzer Entwécklung vun deem Institut, dat mer elo haut solle stëmmen, ofgeliwwert.

D’Fro stellt sech awer, wou déi genau Plaz, an ech mengen, dat huet de Kolleeg Galles och gesot, wou déi konkret Plaz vun deem neien Institut da soll sinn.

Ass et tatsächlech, wéi am éischten Exposé des motifs ugefouert, eng complementaire Struk- tur, déi uschléissend dunn zu enger supple- mentairer Struktur gouf, fir da schlussendlech nom leschten Avis complémentaire vum Stats- rot dann nach eng Kéier d’Form ze wiesselen an elo erëm zousätzlech derniewent soll exis- téieren, nieft de privaten Akteuren?

Et stellt sech och d’Fro, firwat hei net am Vir- feld méi intensiv mat de privaten Akteuren, déi et um Terrain ginn an déi och scho laang um Terrain aktiv sinn, diskutéiert gouf iwwert d’Méig lech keeten, wéi een dat kéint maachen. Et huet een e bëssen d’Gefill, datt de Stat mengt, e kéint et besser wéi de Privatsecteur. Mä da stellt sech awer d’Fro: Wat ass da mat deenen „aarmen“ Kanner, déi weiderhi privat betreit ginn, par rapport zu deenen, déi et bes- ser hunn, well se vum staatleche Kannerheem betreit ginn?

Dat ass eng Fro, op déi ech keng Äntwert fonnt hunn am Text. Genausou wéineg wéi ech eng Äntwert drop fonnt hunn, wéi déi Assurance qualité, déi am Text esou héichgeschriwwe gëtt, soll da selwer garantéiert ginn. Och datt den Institut selwer exempt ass vum Agrement, wéi de Statsrot dat dunn ugeroden huet, ass fir mech e bëssen: Wie kontrolléiert d’Kontrolle- ren?

Ech mengen, dat si Froen, déi ee sech hei stelle muss, op déi ech trotz dem opmierksame Liese vun de Procès-verballen, trotz dem Liese vum Exposé des motifs keng konkret Äntwert fonnt

hunn. An duerfir wäerte sech d’Piraten och an dësem Projet enthalen.

Villmools Merci.