Header for Projet de loi du *** portant 1° dérogation à l’article 27 de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental;2° modification de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire;3° modification de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées

Projet de loi du *** portant 1° dérogation à l’article 27 de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental;2° modification de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire;3° modification de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées

Dës Ried hunn ech den 28/10/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi du *** portant 1° dérogation à l’article 27 de la loi modifiée du 6 février 2009 concernant le personnel de l’enseignement fondamental;2° modification de la loi modifiée du 29 juin 2005 fixant les cadres du personnel des établissements d’enseignement secondaire;3° modification de la loi modifiée du 23 juillet 2016 portant création d’une réserve nationale des employés enseignants des lycées” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ass een, just well ee sel wer schonn eng Kéier eng Schoul vu banne gesinn huet, e gudde Pedagog? Warscheinlech net. Et gi sécher e puer Leit, déi mat gewëssen Talenter fir e bestëmmte Beruff gebuer ginn. Mee fir déi meescht ass et eréischt eng propper Ausbildung, déi een op de berufflechen Alldag preparéiert an domadder och ausstatt, fir dësen Alldag ze meeschteren.

Dee kuerze Stage vu véier Wochen, dee bis ewell néideg war, fir dierfen am Fondamental viru Schoul klassen ze stoen, war sécherlech ni eng vollwäer teg Ausbildung, mee et war awer ëmmerhin emol eng Fortbildung.

Mat dësem Gesetz sollen elo bis um Enn vum Joer awer kënne Leit de Poste vun Enseignanten iwwer huelen, ouni derfir ausgebilt ginn ze sinn an ouni datt se am Viraus an engem Stage hir Aptitude fir de Beruff gepréift hätten.

Ech wëll Iech d’Iwwerraschung net huelen, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mee mir wäerten dësem Gesetz net zoustëmmen. Den droende Personal mangel am Bildungssecteur, deem dëst Gesetz verschëlt ass, koum alles anescht wéi onerwaart. De Minister wëllt eis zwar gleewe loossen, datt een all déi aktuell Ausfäll net hätt kënne viraussoen. Mee wéi kann et sinn, datt eng Fro, déi sech all Schoulmeeschter an all Joffer iwwert de Summer gestallt huet, nämlech d’Fro, wéi et an de Schoulen am Wanter mat enger Covidwell weidergoe soll, eise Ministère elo iwwerrascht?

Firwat gouf net schonns vill éischter zousätzlecht Personal rekrutéiert, wat da virum Asatz um Terrain nach hätt kënne forméiert ginn? Firwat gesäit e ganze Secteur wärend Méint eng Katastroph kom men, wärend de Minister dovun näischt matkritt an einfach emol alles op sech zoukomme léisst?

(Interruption)

Déi aktuell Noutlag bréngt eis elo an eng Situatioun, an där mer eis entscheede mussen, ob mer wëllen, datt eis Kanner vu Persounen eduquéiert ginn, déi keng Formatioun hunn an am Virfeld och net op pedagogesch Kompetenzen iwwerpréift gi sinn, oder datt Klassen temporaire mussen zougemaach ginn, well et u Personal feelt. Ech mengen, Pescht a Cholera ass do den treffenden Ausdrock.

Ma ech soen Iech ganz éierlech: Ech kann et awer besser mat mengem Gewësse vereebaren, datt am Fondamental Klassen temporaire, dat heescht wärend e puer Wochen, doheembleiwen an do mat hire Famillje léieren a spillen an digital mat der Schoul verbonne bleiwen, bis en Ersatzschoul meeschter oder eng Ersatzjoffer vu véier verschid denen Enseignanten aus véier verschiddenen Zyk len ugeléiert a bewäert ginn ass, esou wéi dat bis elo jo de Fall war.

Muss wéinst engem Congé de maternité eng Titu laire vun enger Klass an der Primärschoul ersat ginn, da soll et mat dësem Gesetz méiglech ginn, datt hir Klass bis zum Enn vum Joer vun engem neie Chargé iwwerholl gëtt, dee keng pedagogesch Formatiounen an och emol net e Stage an enger Schoul gemaach huet. Dann ass eng Persoun ouni Ausbildung op eemol responsabel, fir enger ganzer Klass Liesen, Schreiwen a Rechne bäizebréngen. A wa se dat net gutt mécht, jo, da kann een net vill maachen.

Dat Schlëmmst heibäi ass schliisslech, datt d’Schoulen opgrond vun de Contrats à durée déter minée, déi mam Ministère ënnerschriwwe goufen, näischt maache kënnen, wa se feststelle sollten, datt ee vun hiren neie Chargéë wierklech Problemer hätt, den Ufuerderunge vum Beruff gerecht ze ginn. Si kënne just waarden, datt de Kontrakt ausleeft. Soulaang et also net zu enger Faute grave kënnt, wäert kee gekënnegt kréien. Wat de Schoulen dann nach bleift, ass d’Méiglechkeet, esou Persoune vun engem Posten op deen nächsten ze schiben an der Hoffnung, datt néierens een ze grousse Schued ent steet. Mee dat ass natierlech och alles anescht wéi zefriddestellend.

Mir fannen et dofir onverantwortlech visàvis vun de Kanner an och visàvis vum Léierpersonal, wat sech duerno ëm déi nei Chargéë wäert këmmere mussen, d’Viraussetzung vun engem eigentlech souwisou schonns vill ze kuerze Stage elo ganz sträichen ze wëllen. Dat ass, mengen ech, ze kuerz gekuckt. Da wär et besser, den Drock aus dem System ze huelen an d’Schoulen temporaire nach eemol zouzemaachen an den Unterrecht à distance erëm zum Asaz kommen ze loossen, wärend neit Personal forméiert ka ginn.

An ech wëll domat guer net soen, datt ech mengen, datt alleguerten déi Leit, déi elo solle rekrutéiert ginn, komplett inkompetent wären. Op kee Fall! Mee ouni kuerz Formatioun an ouni Stage, deen ee mat enger Mindestleeschtung bestoe muss, kann einfach net ausgeschloss ginn, datt mer Leit an ei sen Educatiounssystem eraloossen, déi net fir dëse Beruff gemaach sinn.

Ech weess, datt de Minister ëmmer esou schéi seet, datt als Éischt natierlech wäerte Leit rekrutéi ert ginn, déi e Bachelor an de Sciences de l’éduca tion hunn. Dat héiert sech gutt un. Mee wéi vill Leit kënnen dat da scho sinn? Wéi vill Leit, léif Kollee ginnen a Kolleegen, déi net Enseignant sinn an och net zum aktuelle Pool vun de Suppleantë gehéieren an awer en Diplom an de Sciences de l’éducation hunn an och eigentlech an enger Schoul schaffe wéilten, mee fir dës Rentrée iergendwéi net rekru téiert goufen, gëtt et dann?

Sécher net genuch, fir dem aktuelle Besoin vun dësem Gesetz vun 300 Pleintempse gerecht ze ginn. Mir kommen also net derlaanscht, Persounen ouni pedagogesch Ausbildung mat engem Secon dairesofschloss ze rekrutéieren. E Minimum u Formatiounen an e Stage, wärend deem d’Kandida ten iwwerpréift kënne ginn, ass dann awer eng Min destviraussetzung. Dofir kann ech den Accord vun de Piraten zu dësem Text haut leider net ginn.

Ech soen Iech villmools Merci.