Header for Projet de loi instituant l’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher et portant modification:1° de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État;2° de la loi modifiée du 16 décembre 2008 relative à l’aide à l’enfance et à la famille

Projet de loi instituant l’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher et portant modification:1° de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État;2° de la loi modifiée du 16 décembre 2008 relative à l’aide à l’enfance et à la famille

Dës Ried hunn ech den 11/02/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi instituant l’Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher et portant modification:1° de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires de l’État;2° de la loi modifiée du 16 décembre 2008 relative à l’aide à l’enfance et à la famille” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol wollt ech natierlech der Rappor trice Merci soe fir den exzellente Rapport. Da wollt ech awer och dem Här Schlechter Merci soe fir déi Aarbecht, déi en déi lescht Joren an deem wichtege Feld vum Kanner a Jugend schutz geleescht huet.

D’Piraten freeë sech iwwert de virleiende Ge setzesprojet, duerch deen de Schutz vun de Kannerrechter finanziell a personell Ressourcen zougesprach kritt. Den aktuellen Ombuds Comité fir d’Rechter vum Kand setzt sech zum gréissten Deel aus Persounen zesummen, déi sech dëser Tâche parallell zu enger anerer Aar becht gewidmet hunn, well d’finanziell Mëttele bis elo gefeelt hunn.

Duerch de virleiende Projet ginn elo awer eng ganz Rei nei Poste geschafen, déi sech vollzäit der Protektioun an der Sensibiliséierung an der Matière vun de Kannerrechter a Jugendrechter zouwende kënnen. Dat ass e wichtege Schrëtt. Déi bescht Gesetzer a Konventioune sinn näm lech näischt wäert, wann net kontrolléiert gëtt, ob a wéi dës Reegelen agehale ginn.

Obwuel ee sech eigentlech denkt, datt zu Lëtzebuerg d’Mënschen a ganz besonnesch d’Kannerrechter groussgeschriwwe ginn, hunn déi rezent Diskussiounen ëm d’Reform vum Jugendschutzgesetz gewisen, datt et an eisem Land ëmmer nach Verstéiss géint d’Kanner rechtskonventioun gëtt an datt eng Sensibili séierung vun de betraffenen Acteuren zwén gend noutwendeg ass.

Mir hoffen, datt déi nei Instanz vum Ombuds mann a senge Mataarbechter a Mataarbechte rinnen de Kannerrechter an Zukunft déi Bedei tung zoukomme léisst, déi Lëtzebuerg hinne scho laang hätt misse bäimoossen.

Här President, trotz der Freed iwwert dës Stäer kung vun der Visibilitéit an der Verdeedegung vun de Kannerrechter gëtt et am Kontext vun dësem Gesetzesprojet awer och en extreem ne gative Punkt, iwwert deen ech net einfach ewechkucke kann, och wann dat vun den Au teure vum Text vläicht genee sou geplangt war. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, säitdeem ech an d’Chamber gewielt gouf, ginn ech net midd ze betounen, wéi wichteg et ass, datt d’Gesetzer lieserlech sinn, datt se vun de Leit dobausse kënnen novollzu ginn. Dëst Gesetz dréit zum Krittär vun der Transparenz an der Liesbarkeet awer absolutt erëm näischt bäi!

An dëse Gesetzesprojet huet sech nämlech e klengen Artikel veriert, dee beseet, datt den Of fice national de l’enfance ab elo dann och nach en Direkter an en Adjoint soll kënnen hunn. Dës Dispositioun steet am Zesummenhang mat Kanner, dat ginn ech Iech gären zou, steet awer net direkt am Zesummenhang mat der Mise en place vun engem Ombudsmann fir d’Kannerrechter an d’Jugendrechter, an huet duerfir a mengen Aen an deem Gesetz hei direkt näischt ze sichen.

Wéi soll eng interesséiert Persoun, déi sech iwwert d’Legislatioun am Zesummenhang mam ONE informéiere wëllt, op d’Iddi kom men, datt se tëscht den Artikelen iwwert den Ombudsman fir Kanner an Jugendlecher Dispo sitioune fir eebe genau dës Instanz fanne kéint? Och de Conseil d’État huet a sengem Avis uge mierkt, datt dat eng Virgeeënsaart wär, déi an Zukunft evitéiert misst ginn. D’Entschëllegung, datt et sech hei ëm eng wichteg Dispositioun handelt, déi néideg ass, fir d’Aarbechtsofleef vum ONE ze koordinéieren, kann net einfach erbäigezu ginn, fir e Vermësche vun Theemen, déi direkt an och indirekt näischt mateneen ze dinn hunn, ze excuséieren.

Wann et muss séier goen, da musse mer séier schaffen. Jo! Aus Zäitmangel awer en Duerjer neen ze kreéieren, deen zu gänzlech onliesba ren Texter féiert, ass inakzeptabel. Sämtlech Reegelen, déi den ONE betreffen, hätte sech besser an engem separate Projet erëmfonnt. Déi heite Virgeeënsaart bréngt eis elo an eng Situatioun, an där mir ontransparent Metho den toleréiere mussen, wa mer enger Stäer kung vun de Kannerrechter net am Wee wëlle stoen.

Mir wäerten dëst Gesetz duerfir haut noutge drongen a mat e bësse Bauchwéi wéinst dëser Dispositioun matstëmmen, …

Plusieurs voix. O!

M. Sven Clement (Piraten). … mee net ouni e fermen Appell un eis alleguerten hei an der Chamber, mee virun allem och un d’Regie rungsbänk auszeschwätzen, datt d’Gesetzes texter lieserlech an theemebezu sollte sinn. E Gesetz ass keng Sammelplaz fir allerlee vergies sen Dispositiounen.

Ech soen Iech Merci.