Header for Projet de loi instituant un registre des bénéficiaires effectifs et portant1° transposition des dispositions de l’article 30 de la directive (UE) 2015/849 du Parlement européen et du Conseil du 20 mai 2015 relative à la prévention de l’utilisation du système financier aux fins du blanchiment de capitaux ou du financement du terrorisme, modifiant le règlement (UE) n° 648/2012 du Parlement européen et du Conseil et abrogeant la directive 2005/60/ CE du Parlement européen et du Conseil et la directive 2006/70/CE de la Commission ;2° modification de la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le Registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises

Projet de loi instituant un registre des bénéficiaires effectifs et portant1° transposition des dispositions de l’article 30 de la directive (UE) 2015/849 du Parlement européen et du Conseil du 20 mai 2015 relative à la prévention de l’utilisation du système financier aux fins du blanchiment de capitaux ou du financement du terrorisme, modifiant le règlement (UE) n° 648/2012 du Parlement européen et du Conseil et abrogeant la directive 2005/60/ CE du Parlement européen et du Conseil et la directive 2006/70/CE de la Commission ;2° modification de la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le Registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises

Dës Ried hunn ech den 18/12/2018 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi instituant un registre des bénéficiaires effectifs et portant1° transposition des dispositions de l’article 30 de la directive (UE) 2015/849 du Parlement européen et du Conseil du 20 mai 2015 relative à la prévention de l’utilisation du système financier aux fins du blanchiment de capitaux ou du financement du terrorisme, modifiant le règlement (UE) n° 648/2012 du Parlement européen et du Conseil et abrogeant la directive 2005/60/ CE du Parlement européen et du Conseil et la directive 2006/70/CE de la Commission ;2° modification de la loi modifiée du 19 décembre 2002 concernant le Registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten).- Merci, Här President. Et deet mer leed, datt ech nach eng Kéier ganz kuerz intervenéieren. Ech mengen, grad bei där Traçabilitéit, wann et ëm den ateschutz geet, wann et ëm d‘Transparenz geet, dat si klassesch Themen, déi mir haten, hunn an och weider wëllen héichhalen.

Et ass awer hei esou: Mir hunn haut en Associatiounsgesetz, wa mer just iwwert d’ASBLe schwätzen, vun 1928, wou am Artikel 10 drasteet, datt d’Associatiounen obligéiert sinn, all hir Membere mat Numm, Virnumm, Domicile an Nationalitéit all Joer um RCSL ze deposéieren, an: « le public peut en prendre connaissance ». Ech hu mech eng Kéier amëséiert, um RCSL nozekucken, wivill ASBLen dann där Obligatioun nokommen. Mir hunn och eng Question parlementaire dozou gestallt. Op den éischte Bléck sinn et der net vill. Och do gëtt et keng Traçabilitéit. Dofir hu mer eng Proposition de loi agereecht, fir dat ze änneren.

Mä mir mussen eis bewosst sinn, déi Donnéeën, iwwert déi hei geschwat gëtt, déi si mëttlerweil ewell ëffentlech oder missten et, laut engem Gesetz vun 1928, sinn. Et wonnert mech, datt kee vun deenen Affekoten, déi sech elo esou fir den Dateschutz hei opgereegt hunn, sech där Fro schonn ugeholl huet. Si haten elo 90 Joer Zäit, fir dat ze maachen! An deenen 90 Joer ass deen Artikel net geännert ginn. Do stellen ech dann d’Éierlechkeet wierklech a Fro, mat där hei op eemol den Dateschutz 2018, kuerz viru Chrëschtdag, entdeckt gëtt, fir a Wierklechkeet d’Bénéficiaire-économiquë vun Entreprisë virun dem Public, deen e legitimmen Interêt huet, fir se ze kennen, ze verstoppen!

Mir däerfen net vergiessen: Wou kënnt déi Iddi hier, datt mer iwwerhaapt e Conseil d’administration ëffentlech maachen? Ma dat huet e ganz einfache Grond: fir datt mer am Geschäftsbetrib kënnen novollzéien, wien iwwerhaapt d’Recht huet, fir e Veräin oder fir e Betrib ze ënnerschreiwen. Well wann ech eng Commande unhuelen als Entrepreneur vun enger ASBL an do huet iergende Member ënnerschriwwen, dann ass déi Commande als Éischt

emol ongülteg. Et ass meng Obligation légale, fir nozekucken, ob deen iwwerhaapt déi Commande hätt dierfen opginn. Dofir hu mer déi Regësteren. A genausou ass et mat de Bénéficiaire- économiquen.

Une voix.- Dat ass falsch.

M. Sven Clement (Piraten).- Mir sollen dach ophalen, hei ze mengen, et géif iergendeng ASBL hei zu Lëtzebuerg elo méi geschiedegt ginn doduerch, datt se déi nämlecht Flichten, souguer manner Flichte muss ophuelen, wéi se dat ënnert dem Gesetz vun 1928 huet misse maachen!

Et geet hei ëm Betriber, ëm Offshore-Gesellschaften, ëm verschachtelt Konstrukter. An do sollte mer dach ganz éierlech mat eis selwer sinn a soen: „Dat ass eng gutt Saach, datt et do zu méi Transparenz kënnt.“