Header for Projet de loi instituant un système électronique central de recherche de données [...]

Projet de loi instituant un système électronique central de recherche de données […]

Dës Ried hunn ech den 21/03/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi instituant un système électronique central de recherche de données […]” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e Merci un de Rapporteur Guy Arendt, deen hei en Theema dach resuméiert huet, wat méi Facetten huet, wéi een op den éischte Bléck mengt.

Engersäits geet et ëm dee Regëster, anerersäits geet et awer och ëm den Antiblanchiment, den Antiterror, also géint d’Terrorfinanzéierung. An ech mengen, datt déi zwee an engem Text mateneen zesummekommen, ass och net ëm mer ganz einfach gewiescht an den Aarbech ten. An ech mengen, ee vun deene gréisste Punkten a Knackpunkten an dësem Projet, du erfir sinn ech och frou an duerfir hu mir och d’Motioun mat ënnerschriwwen, ass den Date schutz, den Impakt op den Dateschutz vun deenen Eenzelnen.

An ech muss engem, deem ech ganz heefeg heibanne Recht ginn, dach haut awer widder spriechen, dat ass den honorabele Kolleeg David Wagner, dee gesot huet: „De Secret ban caire ass just do fir Leit, déi eppes ze verstop pen hunn.“ Dat ass esou, wéi wann ech géif soen: „D’Bréifgeheimnis ass just do fir een, deen eppes ze verstoppen huet.“ Dat ass esou, wéi wann ech géif soen: „Riddoe si just do fir een, deen eppes ze verstoppen huet.“

All Impakt op d’Privatliewe geet ëm e Grond recht! An dozou gehéiert eeben och, datt keen einfach esou weess, u wéi eng Gewerkschaft ech eng Cotisatioun oder och net iwwerwisen hunn, a wa jo, wivill, an datt et och keen eppes ugeet, bei wéi enger Partei ech zum Beispill nach eng Cotisatioun bezuelen, ouni datt dat onbedéngt an der Ëffentlechkeet bekannt ass.

Ech mengen, dat si scho kruzial Froen, firwat e Secret bancaire net nëmme fir déi Leit do ass, déi eppes ze verstoppen hunn, mee tatsächlech en Dateschutzrecht ass! An ech mengen, dat sollt een an dëser Diskussioun net vergiessen.

Et geet hei an dësem Text elo net primär drëm, d’Bankgeheimnis weider auszehielegen, et geet drëm, fir a verschiddene Fäll kënnen op Don néeën zréckzegräifen. Ech mengen, datt déi och legitimm sinn. An deementspriechend kënne mir och do eisen Accord ginn.

Ech soen Iech Merci.