Header for Projet de loi modifiant: 1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la déli vrance au public des médicaments

Projet de loi modifiant: 1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la déli vrance au public des médicaments

Dës Ried hunn ech den 23/04/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant: 1° la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19; 2° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la déli vrance au public des médicaments” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och ech si frou, datt d’Madamm Lenert erëm do ass, datt se eng ver déngte Paus awer hat. Et wär schéi gewiescht, wann et net zwangsméisseg dozou komm wär, mee wann een déi hätt kënne fräiwëlleg huelen. Ech mengen, dat hu mer eis alleguerte gewënscht.

Merci och dem Rapporteur fir déi xte Variant vun engem Rapport iwwer e Covidgesetz. Ech fänken elo net un opzezielen, wéi oft mer schonn hei stoungen.

Et fänkt esou lues un, wierklech zur Gewunnecht ze ginn. An deem Joer oder an deem wéineg méi wéi ee Joer, wou mer déi Pandemie elo hei hunn, huet Lëtzebuerg Stand gëschter Owend 790 Persoune ver luer, déi sech mam Covid infizéiert haten 790 Leit!

Mir héieren oft, datt Lëtzebuerg sech glécklech schätze kéint, bis elo gutt duerch dës Pandemie erduerchkomm ze sinn. An dach hate mer esou vill Doudeger ze verzeechnen, wéi wann an engem Joer 10 Lëtzebuerger Probellerfligeren erofgefall wären, oder, fir déi, déi léiwer de Bus huelen, 15 Reesbussen esou schwéier accidentéiert gewiescht wären, datt keen iwwerlieft hätt; 10 Fligeren oder 15 Bussen!

Ech erënnere mech nach, wéi d’Fokker 50 erofgefall ass, wéi grouss den Opschrei war, wéi grouss d’Trauer war, wéi grouss d’Emotiounen do waren.

Haut si mer bei 10 Fligeren an engem Joer, 15 Reesbussen an engem Joer! Ech fannen, dat meri téiert en Debat, e méi breeden Debat wéi nëmmen „mir verlängeren e Gesetz“. Wat d’Pandemie méi laang nämlech unhält, wat mer méi riskéieren, visà vis vun dëse Statistiken ofzestompen.

A jo, wann een d’Unzuel u Persounen, déi hiert Liewe wéinst dem Virus verluer hunn, mat der Un zuel un deene vergläicht, déi de Virus erfollegräich bekämpft hunn, an och heibannen ass jo deen een oder aneren, deen en hat an e glécklecherweis iwwerlieft huet an do dann och nach eng weider gutt Besserung un de Claude Wiseler, dee jo dat rezentst Affer war, kann ech just soen: Et ass awer katastrophal, datt bal 800 Mënschen net ze rette waren! A wann dat u Materialmangel louch oder läit, da musse mer dergéint eppes ënnerhuelen!

Datt et trotz dëser schrecklecher Tatsaach ëmmer nach Leit dobausse gëtt, déi mengen, datt de Covid nëmmen en Hirngespinst ass, ass eng aner Katas troph. De Covid19Virus mat all sengen aktuell zir kuléierende Varianten ass geféierlech! A wa mer net wëllen, datt mer zu engem gewëssen Zäitpunkt kranke Mënsche keng Hëllef méi ubidde kënnen, well ze vill Persoune gläichzäiteg an d’Spidol mussen a keng Better méi fräi sinn, da brauche mer Mesuren, fir d’Infektiounen niddreg ze halen.

Impfen ass eng vun dëse Mesuren. An dofir sinn ech och frou, datt mer et zesummen tatsächlech iergendwann e Mëttwoch den Owend fäerdeg bruecht haten, souwuel de Marc Goergen wéi och ech, eis op d’Lëscht anzeschreiwen, fir eis fräiwël leg mam AstraZeneca impfen ze loossen. Ech hof fen, jiddwereen heibannen, deen zu där Alters tranche gehéiert, wat jo awer e gudden Deel ass, huet et änlech gemaach.

D’Fro, déi sech awer hei stellt, ass déi, ob déi aner Mesuren, déi mer aktuell hunn an déi d’Regierung an d’Majoritéitsparteie mam virleienden Text ver längere wëllen, wierklech déi richteg sinn.

Mir hunn hei e Gesetz, bei deem d’Auteuren der Meenung sinn, datt d’Situatioun engersäits gutt genuch ass, fir zu zéng Persounen aus zéng Stéit an engem zouene Raum zesummen Trompett ze spillen, mee net gutt genuch, fir datt dräi Leit bei eng aner Famill heemginn. Et ass gutt genuch, fir zu méi wéi zéng Leit zesumme Sport ze maachen, wann een zwee Meter Distanz hält, mee net gutt ge nuch, fir d’Ausgangsspär ofzeschafen.

Do stellt ee sech awer Froen. Ech zumindest kann dat net novollzéien, well wéi déi rezent Debatten an Däitschland weisen, ass eng Ausgangsspär en Agrëff an d’Grondrechter, deen nëmmen an absolut ten Ausnamesituatiounen, an deenen et keng an ech betounen: keng! aner Optioune gëtt, envisa géiert dierft ginn. Awéifern d’Ausgangsspär, esou wéi se an dësem Text ëmmer nach festgehalen ass, dozou bäidroe soll, Infektiounen ze senken, konnt d’Regierung bis zum haitegen Dag nach ëmmer net konkreet erklären. An de Kolleeg Marc Baum ass am Detail drop agaangen.

Wat bréngt d’Ausgangsspär un zousätzlechem Schutz, wann et scho Restriktioune ginn, déi fest leeën, wéi vill Persoune sech wou a wéi dierfen tref fen? D’Ausgangsspär kann d’Leit guer net méi schütze wéi déi konkreet Mesuren, déi d’Kontakter limitéieren a Gestebarrièrë festsetzen.

Dat Eenzegt, dat d’Ausgangsspär besser ka wéi all déi aner konkreet Mesuren aus dësem Gesetz, ass et, Kontrollen zouzeloossen. Amplaz datt d’Police owes un d’Dier schelle kënnt, fir ze kucken, wéi vill Invitéen dobanne sinn, gëtt d’Police an d’Strooss gestallt, fir ze kucken, datt iwwerhaapt keen Invité méi owes an d’Haus erakënnt.

(Interruption)

Domat ass dës Ausgangsspär näischt anescht wéi eng Policemesure. Well d’Leit et méi gewinnt sinn, d’Police op der Strooss ze gesinn, wéi virun hirer Dier, ass eng Ausgangsspär de Bierger méi einfach ze verkafe wéi eng Policekontroll doheem. Mee eigentlech ass et genee dat selwecht: Et geet ëm Kontroll.

Mir hunn an dësem Gesetz kloer Reegelen, déi d’Kontakter limitéieren an dofir wichteg sinn, fir d’Ausbreedung vun dësem Virus anzedämmen. Mee d’Ausgangsspär ass keng dovunner! D’Ausgangs spär ass just eng Mesure, déi et der Regierung erlaabt, d’Biergerinnen an d’Bierger duerch d’Police kontrolléieren ze loossen. De Virus kennt keng Auerzäiten, dem Virus ass et egal, ëm wéi eng Auerzäit d’Leit sech net un aner Mesuren halen. Et geet drëms, sech un déi aner Mesuren am Gesetz ze halen! D’Ausgangsspär erlaabt et just méi ein fach, déi ze kontrolléieren. Et ass eng Kontrollme sure a keng Andämmungsmesure.

Mir Piraten bleiwen dofir derbäi, datt dat heiten, déi Ausgangsspär, engem schwéiere Verstouss géint d’Grondrechter entsprécht an datt de Krittär vun der Proportionalitéit hei net ginn ass a scho guer net vi rum Hannergrond, datt mam haitege Gesetz sollen aner weider Lackerunge gemaach ginn. Dat soll net heeschen, datt mer gewësse Lackerungen net à la base begréissen, mee et geet ëm d’Reiefolleg. Un éischter Stell muss nämlech ëmmer de Respekt vun de Grondrechter stoen.

Dat gesot wëll ech awer och nach ganz kuerz op déi konkreet Lackerungen agoen, déi hei proposéiert ginn.

Déi nei Dispositiounen, déi d’Reegele fir de Sport méi iwwersiichtlech an eenheetlech maachen, onof hängeg dovun, ob zwou, dräi oder fënnef Persoune gemeinsam Sport maachen, sinn definitiv begréis senswäert. Si vereinfache ganz einfach den Alldag.

Mir freeën eis och doriwwer, datt bei der Dispo sitioun iwwert d’gemeinsaamt Musizéieren ent scheet gouf, datt déi komesch Reegel, déi awer e bëssen eng Neiegkeet gewiescht wär, datt véier vun zéng Leit missten eng Mask unhunn, wärend déi aner sechs keng missten unhunn, fale gelooss gouf. Ech mengen, dat vereinfacht d’Verstoe vum Gesetz.

Wat an der Kommissiounssëtzung och schonns erreecht konnt ginn a wat eis Piraten och ganz frou mécht, ass, datt, wéi mer an eiser Motioun, déi an d’Kommissioun verwise gouf, jo gefuerdert haten, elo och nach e System kënnt, fir déi Rescht bleiwend Impfdosen u Fräiwëlleger ze verdeelen, amplaz datt do e bësse fräihänneg agéiert gëtt. Mir si schliiss lech hei net an enger Situatioun, an där mer eis et leeschte kéinten, och nëmmen eng eenzeg Dosis ze verschwenden!

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, zum Ofschloss wéilt ech dann awer nach op déi vulnerabel Persounen aus de Wunnstrukture fir eeler Leit ze schwätze kom men. Ech bedaueren, datt eis Proposition de loi fir d’Protocoles sanitaires an den Altersheemer a Loge ments encadrés nach net an der Kommissioun be handelt konnt ginn, datt nach net konnt e Rapporteur genannt ginn, datt se nach net weider… konnt ginn, well …

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP), rapporteur. Um Ordre du jour vun där nächster Sëtzung!

M. Sven Clement (Piraten). Merci. Ech wollt grad dorobber kommen. Mee et ass awer e bësse schued, datt de Staatsrot hei méi séier konnt schaffe wéi d’Chamber.

(Hilarité)

Politik muss hir Responsabilitéite visàvis vum Drëtten Alter huelen. An dat soen ech och un d’Adress vun der Regierung, déi dréngend d’Regle ment iwwert d’Medikamentendepote muss fäerdeg ausschaffen, fir datt et esou och am Gesetz kann applizéiert ginn. Well d’Gesetz ass schéin a gutt, mir brauchen awer och de Règlement d’exécution, soss geschitt nämlech guer näischt. Ech mengen, datt mer eis hei alleguerten eens sinn, datt een esou Saachen op wichtege Punkten net schleefe kann an däerf loossen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat allem, wat ech gesot hunn, wäert Der verstoen, datt mir Piraten dëse Projet haut net matstëmmen. Ech sot et schonns: De Schutz vun de Grondrechter muss ëmmer un éischter Plaz stoen. An e Gesetz, wat géint dëse Grondsaz verstéisst, dierft an eisen Ae keng Majoritéit fannen. Soulaang et hei an dë sem Gesetz eng Ausgangsspär wäert ginn, wäerte mir eisen Accord net kënne ginn. Dat hält eis awer net dovunner of, um Rescht vum Gesetz matze schaffen a konstruktiv Proposen ze maachen.

Heiansdo gi se akzeptéiert, wat mer ganz begréis sen, heiansdo net. Dat ass Demokratie.

Ech mengen, et ass nach kee Gesetz esou aus der Kommissioun erausgaangen, wéi et erakoum. An de Mars Di Bartolomeo huet virdrun eppes gesot, wat mech awer e bëssen interpelléiert huet, wéi e gesot huet: „Et ass schued, dass mer déi Gesetzer hei ëmmer 31 zu 29 ofstëmmen.“ Ech fannen et och schued a wann Der bei der nächster Interventioun zwou Stëmme méi wëllt hunn, da schaaft d’Aus gangsspär of an definéiert nei Reegele fir d’Zesum mekommen doheem. Da kënnt Der op eise Support zielen.

Ech soen Iech Merci.