Header for Projet de loi modifiant: 1o la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les meaures de lutte contre la pandémie Covid19; 2o la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Projet de loi modifiant: 1o la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les meaures de lutte contre la pandémie Covid19; 2o la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises

Dës Ried hunn ech den 14/05/2021 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant: 1o la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les meaures de lutte contre la pandémie Covid19; 2o la loi modifiée du 19 décembre 2020 ayant pour objet la mise en place d’une contribution temporaire de l’État aux coûts non couverts de certaines entreprises” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

1.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Madamm Presidentin. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt e grousse Merci un de Rapporter, de Mars Di Bartolomeo, an natierlech, esou wéi de Marc Baum dat virdru gesot huet, och un d’Chamberpersonal, wat de Mars Di Bartolomeo dobäi ënnerstëtzt huet fir dee Rapport, dee wierklech mat waarmer Nol ge stréckt gouf, well nach de Moien déi lescht Ännerun gen awer dru virgeholl goufen. An do si mer dann och schonn dobäi.

D’epidemiologesch Situatioun verbessert sech an d’Mënsche sollen eng Rei Fräiheeten zréckkréien.

Eng éischt Mesure, déi eis ganz besonnesch freet, ass d’Eropsetze vun der maximaler Unzuel vun de Persounen, déi sech am Privaten dierfen treffen.

Net méi zwou, mee véier Persoune kënnen invitéiert ginn. A falls et een eenzege Menage ass, deen op Besuch kënnt, och emol méi. Dat war e wichtege Schrëtt. Mir soten et schliisslech hei och schonn e puermol: D’Limitatioun, déi bis elo gegollt huet an et de Leit just erlaabt huet, maximal zwou Persoune bei sech ze empfänken, dat war eng Limitatioun, déi virun allem d’Famillje mat klenge Kanner dispro portional getraff huet.

Duerfir begréisse mer elo, datt déi nei Reegel d’Kompositioun vun den Haushalter berücksichtegt, esou datt Familljen oder Frënn, déi zesumme liewen an dowéinst dann och sech zesumme wëlle gesinn, kënnen eng gemeinsam Visitt maachen, och wa se zu méi wéi véier sinn.

Mir freeën eis och, datt et Lackerunge fir d’Rassem blementer gëtt an d’Leit esou d’Méiglechkeet kréien, nees u méi groussen Evenementer deelzehuelen, wann et dann ee vun der Santé akzeptéierte Proto cole sanitaire gëtt. Esou wéi et jo och scho fir d’Grandesurfacen obligatoresch war, mussen dann elo d’Organisateure vu gréisseren Evenementer sech e kloert Konzept iwwerleeën, wéi si d’Sécherheet vun de Visiteuren oder de Clientë wëlle garantéieren. An d’Santé iwwerpréift dann, ob dëse Konzept esou fonctionéiere kann an ob en adequat ass. Dat ass an eisen Aen en exzellente System.

An duerfir hate mer jo och eng Proposition de loi agereecht, déi virgesinn hätt, dee selwechte System fir d’Altersheemer ze etabléieren, fir esou ze garan téieren, datt grad déi Vulnerabelst aus de Strukturen an dëser Pandemie esou gutt wéi méiglech geschützt sinn. Leider war d’Familljeministesch an domat och d’Majoritéit net bereet, dës Propositioun zäitno am Covidgesetz ënnerzebréngen, huet awer glécklecherweis, dat muss een da luewend erwänen, zougestëmmt, eng entspriechend Dispositioun am kommende Gesetz iwwert d’Assistance et soins am Beräich vum Drëtten Alter anzebauen.

Dat freet eis natierlech. Mee wann ee sech ukuckt, wéi laang dat Gesetz wuel nach brauche wäert, bis et da gestëmmt ka ginn, bis et a Kraaft triede kann, muss ee sech froen, firwat an dëser Pandemie Jon ker, déi e Concert besichen, oder Clienten aus enger Shoppingmall duerch vun der Santé aviséiert Hy giènesprotokoller geschützt ginn, wärend bei de Strukture fir eeler Leit keng esou Mesurë geholl ginn an domadder d’Prestatairë mat der Verantwor tung e bëssen eleng gelooss ginn.

E Bedreiwer vun engem Akafszenter huet nämlech d’Gewëssheet, datt en, wann en alles esou mécht, wéi et am Protokoll festgehale war, alles gemaach huet, wat a senger Muecht stoung, fir esou seng Clienten ze schützen. En Direkter vun engem Alters heem kritt dës Sécherheet net.

Hei fäert d’Politik warscheinlech, sech d’Fangeren ze verbrennen, an aviséiert duerfir einfach keng Proze duren. Wann dann eppes schifgeet, kann d’Regierung ëmmer nach d’Schold op den Terrain ofdrécken. Datt et awer d’Regierung war, déi duerch feelend Obliga tiounen d’Haiser am Stach gelooss huet, soll dann am beschte vergiess ginn. Dat ass eng Politik, déi sech an éischter Linn un eegenen Interessen orien téiert an net um Wuel vun de vulnerabele Leit.

D’Regierung reegelt duerfir wuel léiwer déi Beräicher, déi net esou komplizéiert sinn, an deenen d’Leit net esou vulnerabel sinn, mee déi duerfir dann awer ganz, ganz am Detail.

D’Altersheemer kënne kucken, datt se eleng eens ginn, mee ob zwee Jonker op enger Bänk en alkoho lescht Gedrénks konsuméieren däerfen, dat muss gesetzlech gereegelt sinn. Obwuel et op den Terras sen elo erlaabt ass, sech zu véier aus véier verschid dene Stéit ze treffen an Alkohol ze drénken ouni Schnelltester, ass dat selwecht fir zwou Persounen, déi d’Suen net hunn, fir sech de Luxus vun enger Ter rass ze leeschten, weiderhin am ëffentleche Raum verbueden.

Allgemeng muss ee sech bei där neier Teststrategie, déi fir d’Restaurante virgesinn ass, froen, wéi et da mat der sozialer Gerechtegkeet ausgesäit. Jo, et wäerten eng Rei gratis Tester verdeelt ginn. Mee ab wéini a wéi laang?

De 16. Mee trëtt dat heite Gesetz wuel a Kraaft, mee bis dohinner wäerten net all d’Betriber hir Liwwerungen un Tester erhalen hunn. D’Restau ranten an d’Caféë wäerten also elo direkt och Tes ter musse selwer finanzéieren oder hire Clienten a Rechnung stellen, déi dann awer vläicht net wëlle kommen. An dann, ab engem gewëssene Moment, wäerten déi gratis Tester jo och opgebraucht sinn dat hu schonn e puer vun de Virriedner gesot , well de Staat wäert sech et net leeschte kënnen, dës éiweg weider ze finanzéieren. A wat ass dann?

Et ass gewosst, datt dës Pandemie an domat de Vi rus mat all senge Varianten eis warscheinlech nach laang, vill ze laang begleede wäert. An duerfir musse Weeër fonnt ginn, fir den Zougang zu de Selbsttester sozial gerecht ze gestalten. De vir leienden Text seet zu dësem Punkt awer leider näischt.

E Besuch an engem Restaurant ass e Luxus, dee vill Leit sech nëmmen ee bis zweemol am Mount oder leider och guer net leeschte kënnen. Ech sot et schonns a vergaangene Covidrieden: Fir vill ze vill Mënsche war de Besuch am Kino oder am Restau rant net eréischt säit de Covidrestriktiounen on méiglech. Wa mer eis also elo freeën, datt d’Mën sche gewësse Fräiheeten zréckkréien, da musse mer eis awer bewosst sinn, datt virun allem déi Leit Fräiheete gewannen, déi sech et och finanziell leeschte kënnen, genau dës Fräiheeten ausze liewen. Duerfir ass et wichteg, e Wee ze fannen, d’Selbsttester sozial gerecht ze verdeelen, fir och deenen, déi manner Suen hunn, en Zougang ze erméiglechen. Déi zertifiéiert Tester, déi zum Beispill vun den Apdikter kënne gemaach ginn a 24 Stonne gülteg sinn, si méi deier wéi Selbsttester, déi een eleng mécht.

An duerfir sollt een doriwwer nodenken, ob déi Tester, déi zum Beispill an de Restaurante gemaach ginn, net och änlech wéi am Ausland kéinte fir eng gewëssen Dauer zertifiéiert ginn. Esou géif ee verhënneren, datt Persounen innerhalb vun engem Dag méi wéi ee Schnelltest bezuele mussen, a gläichzäiteg kéint ee Ressourcë schounen a Müll verhënneren.

Et däerf ee schliisslech net vergiessen, wéi vill zousätzlechen Dreck dës Pandemie verursaacht: reegelméisseg Maske wiesselen, elo Schnelltester, déi ganz Desinfektiounsmëttelen. Bref, et ass fir eis Sécherheet, mee dat heescht net, datt mer net sollte Müll esou gutt et geet verhënneren a ressour cëschounend mat eisem Planéit ëmgoen.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

An ech fannen et gutt och wann ech et schued fannen, wéi et gemaach gouf , datt mer beim Testing an iwwert d’Zertifikatioune vun den Tester, datt dat nach en oppenen Debat ass. Mee et ass awer dach e bësse kokass, hei an der Chamber ze stoen, wou en neit Gesetz soll gestëmmt ginn, wou Dispositioune sollen drastoen, déi solle kloer sinn, déi solle kënnen um Terrain applikabel sinn ab deem Moment, wou d’Gesetz gestëmmt ass, a sou guer Riedner vun de Majoritéitsparteien heihikom men a soen: „Et bleiwen nach Froen op.“ Mee dat erënnert mech e bëssen un déi Situatioun an Amerika, wéi jiddweree sech iwwert d’Amerika ner lëschteg gemaach huet, well se an hirem Haushaltsgesetz d’lescht Joer nach a leschter Mi nutt mam Bläistëft a mam Bic Notizen an d’Ränner gekritzelt hunn, fir dat nach séier an de Gesetzer ënnerzebréngen. E bëssen esou hunn ech mech de Moie gefillt, wéi ech dunn nach eng Kéier nei Texter geschéckt krut.

Gesetzer musse kloer sinn. Se däerfen net ze vill In terpretatiounsraum loossen, well wann et ze vill In terpretatiounsraum gëtt, da gi se ongläich appli zéiert. An e Gesetz soll kloer sinn, fir datt et gläich méisseg applizéiert ka ginn.

En anere Problem, dee sech bei den Tester awer stellt, ass deen, wéi a vu wiem an de Restaurante soll getest ginn. Well ee vum Personal den Test soll iwwerwaachen a begleeden, stelle sech fir d’Restau ranten a Caféen eng Rei Froen. Léisst de Perso nalschlëssel et zou, e Mataarbechter am Service manner ze hunn, fir Tester ze assuréieren? Muss vläicht en zousätzlechen Employé duerfir bezuelt ginn? A falls jo, sinn d’Suen do? A léisst sech iwwer haapt Personal fannen? A wéi kann den Employé wärend dem Iwwerwaache vun den Tester prote géiert ginn?

U sech wësse mer jo alleguerten, datt bei Tester Aerosolle fräigesat ginn. An déi geteste Persoune kënne forcement kee Mask unhu wärend dem Test.

D’Testsituatioun ass domat eng Situatioun mat engem potenziell héijen Infektiounsrisiko, souguer wann d’Persounen den Test selwer duerchféieren, an dat virun allem fir déi Persoun, déi den Test iwwerwaacht, mee eventuell och fir déi Persounen, déi sech duerno testen, wann de Raum net richteg gebotzt gouf an dee virdru sech vläicht wärend dem Teste mat den Hänn an d’Gesiicht gaangen ass an duerno Objeten oder Surfacen ugepaakt huet. Mir wësse jo awer, datt et hei ëm wierklech kritesch Hy giènesreegele geet.

Warscheinlech huet kee Restaurant e Personal schlëssel, deen et erlaabt, einfach een Employé de ganzen Owend oder Mëtteg just fir d’Iwwerwaache vun Tester a fir d’Botzen op d’Säit ze stellen.

Déi nei Hygiènesmesurë kënnen also zu enger zousätzlecher finanzieller Belaaschtung fir d’Res taurateure ginn, déi vun der aktueller Pandemie an den domat verbonnene Restriktioune jo souwisou scho staark a Matleedeschaft gezu goufen.

Ech ënnerstëtzen duerfir voll a ganz, datt entscheet gouf, gläichzäiteg zum Covidgesetz och d’Dispo sitiounen iwwert d’Aidë fir d’Entreprisen unzepas sen. Et feelt bei de Betraffene schliisslech un all Eck. An do ass finanziell Ënnerstëtzung immens wichteg. Mee d’Reouverture vum Horeca däerf och iwwert de Mount Mee eraus net mat engem Ewech fale vun den Aiden anhiergoen. Datt d’Dieren erëm op sinn, heescht nämlech net, datt den normale Betrib nees méiglech ass.

Et sinn ëmmer nach vill Betriber am Homeoffice, wat sech grad bei de Restauranten an de Stied bemierk bar mécht. An déi nei sanitär Reegele sinn, wéi ge sot, mat zousätzleche Käschte verbonnen. An da kënnt derbäi, an dat hunn de Moie Vertrieder aus dem HorecaSecteur jo och nach eng Kéier gesot, datt zum Beispill verschidden Avantagen, déi u sech dem Horeca sollen zegutt kommen, wéi Chèquere pasen, hautdesdaags leider net ëmmer do ukom men, wou se geduecht sinn, mee datt u sech e Steier avantage, deen explizitt sollt dem Horeca zegutt kommen, mëttlerweil och nach Tankstellen, Super marchéen an anere Betriber zegutt kënnt, déi wärend där ganzer Kris konnten opbleiwen.

Dat heescht, hei misst ee vläicht nach eng Kéier e Rappel maachen, an dat dann och duerchsetzen, well et ass grad elo, wou eisen Horeca all Cent vun hire Clientë brauch.

A wann ech virdru gesot hunn, mir missten e Wee fannen, d’Käschte vun den Tester sozial gerecht ze verdeelen, dann hunn ech domat natierlech och gemengt, datt et net dierf sinn, datt d’Betriber aus dem Horeca duerno eleng d’Käschte mussen droen.

Mir mussen oppassen, datt d’Reouverturen net just zugonschte vun deene sinn, deenen et bis elo scho souwisou am beschte goung. Et däerf net sinn, datt just déi Glécklech, déi trotz der Kris genuch Suen hunn, fir op den Terrassen d’Sonn an an de Restau ranten e gutt Iessen ze genéissen, elo eng Verbes serung vun hirer Liewenssituatioun erliewen, wärend déi, déi de Rimm vu Mount zu Mount méi enk hu misse schnallen, net profitéiere kënnen oder finanziell souguer nach méi belaascht ginn, well se elo och nach d’Tester musse bezuelen.

Mir brauchen eng sozial gerecht Sortie aus de Restriktiounen. Mee déi gesinn ech an dësem Text leider net.

Ganz am Contraire gesinn ech en Text, deen de Bessergestallten et erlaabt, schéi Momenter ze ge néissen, wärend en deene Mënschen, déi am manns ten hunn, d’Liewe weider schwéiermécht. E Grond heifir, deen ech mer bis elo opgespuert hunn, fir de ganze Rescht vu menger Riedezäit dann dorops ze verwenden ze kënnen, ass d’Ausgangsspär.

D’Ausgangsspär gëtt Schrëtt fir Schrëtt no hanne verréckelt, soudatt mëttlerweil jo kee méi gleewe kann, datt se nach eng Wierkung op d’epidemiolo gesch Situatioun huet. An awer gëtt se einfach net ofgeschaaft.

D’Ausgangsspär erënnert mech e bëssen esou un en Zombie. Kee wëllt se, kee fënnt se sympathesch, d’Wierkung dovun ass méi wéi doutéis. D’Wëssen schaft seet: „U sech brauche mer se net.“ Respek tiv: „Mir kënnen net beweisen, datt se eppes bréngt.“ Mee se wëllt net stierwen. Weider a weider gëtt dës Ausgangsspär verlängert, et gëtt e bëssen dru gefréckelt, mee um Enn vum Dag ginn domad der eis alleguerten d’Grondrechter beschnidden!

Dobäi mécht se grad deene Schwächsten an der Gesellschaft d’Liewe schwéier, deenen, déi kee fest Doheem hunn, deenen, déi Gewaltsituatiounen er liewe wärend der Nuecht a sech net trauen, Hëllef ze sichen, an och deenen, déi a prekäre Secteure schaffen. D’Ausgangsspär ass eng esou déif gräifend Grondrechtsaschränkung, datt se nëmmen an absolutten Ausnamen dierft zum Asaz kommen an opgehuewe misst ginn, soubal et méiglech ass.

Eng Ausgangsspär oprechtzeerhalen an Zäiten, an deene gläichzäiteg de ganze Commerce an d’Restau ratioun nees opginn an och Evenementer nees mat bis zu 1.000 Persounen erlaabt sinn, ass e Schlag an d’Gesiicht fir all déi, déi all Dag ënner hir leiden.

Dësen Text erlaabt méi Fräiheeten do, wou se enger Spaassgesellschaft nëtzlech sinn, a limitéiert gläich zäiteg fundamental Grondrechter, déi fir eng demo kratesch Gesellschaft eigentlech essentiell sollte sinn, an dat mat engem Verweis op eng wëssen schaftlech Basis, déi d’Spuer net hält. Wärend déi Li beral an Däitschland wéinst der Ausgangsspär op d’Geriicht ginn, fir se ze verhënneren, halen eis Libe ral un dëser Grondrechtsverletzung fest. Dat ass al les anescht wéi liberal. Dat kënne mir Piraten net akzeptéieren an duerfir wäerte mir dëse Projet haut selbstverständlech och net matstëmmen.

Merci.

2.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President.

Jo, déi Motioun ass eis am Prinzip sympathesch, datt een, wa mer genuch Impfstoff hätten, sollt ee jiddwereen esou séier wéi et geet impfen. De Fakt ass, an dat ass kee Geheimnis: Mir hunn net genuch Impfstoff a mir hu mam Ethikrot eng Priori séierung op Basis vum Alter. Dovunner kann een elo halen, wat ee wëllt. Et ass awer dat, wat mer am Moment hunn an et ass dat, mat deem mer elo gu tt verfuer sinn. Et féiert derzou, datt mer d’Leit der Rei no duerchimpfen.

A wa mer elo ufänken, hei déi eng Beruffsgrupp géint déi aner auszespillen, a wa mer dann nach ufänken, hei eng Extrawurscht fir déi eng, well se da gutt vertruede sinn a well se fir de Staat schaffen, déi ze prioriséieren, wärend d’Botzpersonal, wat heefeg soustraitéiert ass ech mengen, dat ass e grousse Kampf vun de Kolleege vun déi Lénk, wou se jo och e Succès hei an der Chamber haten , wa mer déi dann net prioriséieren, gläichzäiteg, wéi de Premier gesot huet, déi um Flughafen, déi dann och gréisstendeels soustraitéiert sinn, déi net priori séieren … An ech weess net, wou mer nach iwwerall Leit hunn, déi vill méi am Kontakt mat deenen een zelne Biergerinnen a Bierger sinn, an déi net géife prioritär … ech mengen da kréie mer dat, wat mer am Moment wierklech fäerten: An dat ass den Impfneid, dat ass eng Onrou, dat ass eng Onze friddenheet, an dat brauche mer net.

Mir brauche Leit, déi sech wëllen impfe loossen.

Mir brauche virun allem eng Impfcampagne, déi esou séier wéi méiglech weidergeet. An do sollte mer all nei Debatt probéieren ze verhënneren. Fir eis ass et ganz kloer: Mir hunn e Plang, wéi mer doduerchkommen, an esou laang mer hei net ge nuch Impfstoff fir jiddwereen hunn an net jiddwer engem kënnen eng Offer maachen, sollte mer opha len, iergendee wëllen ze prioriséieren.

3.

M. Sven Clement (Piraten). Nee, et muss ee vill derzou soen. Här Premierminister, leider muss ee ganz vill derzou soen, well et soll net hei den Uschäin erwecken, datt d’Chamber sech hei einfach nëmmen op iergendwellech Zuelen, déi ee gewür felt huet, géif festleeën.

Déi 24 Stonnen, déi mer fir d’Schnelltester festge sat hunn, dat berout a mengen Aen op engem grousse wëssenschaftleche Fundament. An dat muss ee soen, datt mer eis wierklech op Basis vu Wëssenschaft beginn an net op Basis vun eppes würfelen. Ech hunn e bëssen d’Gefill, datt eis Nopeschlänner sech hei an der Vergaangenheet e bëssen d’Zuele gewürfelt hunn. Firwat soen ech dat?

M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d’État. Et ass gutt, dass Der geschwat hutt.

M. Sven Clement (Piraten). E PCRTest just fir et eng Kéier ze erklären ampliféiert d’Presenz vun engem Gen vum Virus, wärend e Schnelltest dat net mécht. Dat heescht, e Schnelltest reagéiert dee Moment, wou een eng vill, vill méi héich an dat ass e puer Gréisstenuerdnunge méi Viruslaascht a sengem Spaut oder a sengem Kierper huet. Deem entspriechend kann een an engem PCRTest scho positiv sinn an an engem Schnelltest nach net. An duerfir hu mer déi 72 Stonne bei engem PCRTest, a mir hu bei engem Schnelltest keng 72 Stonnen.

Duerfir ass et och … Dat muss ech dann awer och lassginn: Ech verstinn net, firwat mer dann um Findel aner Delaien hunn, awer do och Schnelltester akzep téieren. Dat muss ech dann awer och soen. Mir sollte vläicht och do déi Direktiv, déi jo elo bis den 30. Juni gëllt, dann och op 24 Stonne fir d’Schnell tester applizéieren an net do 72 Stonne virgesinn, wéi dat am Moment de Fall ass dat vläicht och nach lasszeginn.

An da schlussendlech, wat iergendwellech Rechter oder zousätzlech Rechter fir geimpfte Leit oder ge neese Leit ugeet dat hunn ech virdrun a menger Ried gesot, mee ech soen et hei nach eng Kéier: Soulaang keng Offer fir jiddwereen do war, sech impfe kënnen ze loossen, soulaang mer net sécher sinn, datt jiddweree kann d’nämmlecht vun alle Grondrechter profitéieren, wäerte mer op kee Fall higoen an eng Zwouklassegesellschaft zwëschent Geimpften an Netgeimpfte schafen. Duerfir wäer ten d’Piraten och géint dës Motioun stëmmen.

4.

M. Sven Clement (Piraten). Jo, merci, Här President. Also ganz kuerz zu deem wëssenschaft leche Konsens: Ech hu virdru gesot, ech hunn e bëssen d’Gefill, datt am Ausland déi Zuele gewür felt goufen. Dat soen ech net fir näischt, well d’Wëssenschaft seet u sech, datt déi Schnelltester genau dat sinn, nämlech eng Momentopnam a soss näischt. Reng theoreetesch a wann een … souguer sechs Stonne si laut der Wëssenschaft ze laang fir e Schnelltest. Wëssenschaftler soen, wann ee se freet, u sech: E Schnelltest seet, datt Der elo, dëse Mo ment, net ustiechend sidd mat 80 % Warschein lechkeet.

Une voix. An e PCR?

M. Sven Clement (Piraten). PCRTester sinn eppes ganz aneschters: Déi ampliféieren, dat hat ech virdrun erkläert. Mee déi Schnelltester ampliféie ren net, déi soen eppes, wat elo ass. Mir hu bei där Viruslaascht eng exponentiell Kurv, an do gëtt et e schéint Beispill: Wa mer deen neie Fussballstadion géifen huelen a mir géifen all Sekonn do mat Waas ser …, géif sech de Volume, deen erafléisst, verdue belen. Da géif d’Waasser wärend enger ganzer Woch ganz liicht uklammen, an dann innerhalb vun e puer Sekonne wär op eemol de ganze Fussballstadion voll. Dat ass eng exponentiell Kurv, wa sech eppes verduebelt. Et geet op eemol ganz séier.

(Brouhaha)

An duerfir sinn déi Schnelltester eeben da sënnvoll, wann een infektiéis ass. An dat wollt ech just soen: Et geet ëm d’Wëssenschaft a mir sollten hei opha len, d’Zuelen ze würfelen.