Header for Projet de loi modifiant la loi du 17 juillet 2020 portant introduction d’une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant:1° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments;2° la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments

Projet de loi modifiant la loi du 17 juillet 2020 portant introduction d’une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant:1° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments;2° la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments

Dës Ried hunn ech den 23/07/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant la loi du 17 juillet 2020 portant introduction d’une série de mesures de lutte contre la pandémie Covid19 et modifiant:1° la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments;2° la loi modifiée du 11 avril 1983 portant réglementation de la mise sur le marché et de la publicité des médicaments” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et gëtt esou lues zur Gewunnecht, datt mer hei am héijen Haus iwwer Covid19Gesetzer net nëmmen diskutéieren, mee se dann duerno och nach ofstëmmen.

De Projet de loi 7634, iwwert dee mer dann haut ofstëmmen, gesäit vir, weider Contrainten a Sanktiounen anzeféieren, fir esou de Corona virus hoffentlech laangfristeg ënner Kontroll ze bréngen.

Mir Piraten fannen d’Zil vun dësem Text, an ech hunn och keng Schan, dat zouzeginn, no bel. Et ass awer esou, datt mer eis froen, ob se et wierklech wäerte packen, déi Infektiouns zuelen erofzekréien, ob déi Mesuren, déi mer haut stëmmen, da wierklech déi richteg sinn, ob se duerginn.

Fir eis ass d’Reegelung mat den zéng Leit dat richtegt Zeechen, mee ob et eis schlussendlech un d’Zil bréngt, sief emol dohigestallt.

Wéi d’Mënscherechtskommissioun an hirem Avis ënnersträicht, ass et primordial, fir esou Gesetzesprojete wéi deen heiten, dee funda mental Rechter vun de Biergerinnen a Bierger aschränkt, genuch Zäit anzeplangen. A jo, ech si mer bewosst, datt mer déi Zäit net ëmmer hunn an datt et muss séier goen. Ech sot awer scho beim Gesetz, wat mer haut ofänneren, hei op dëser Plaz, datt mer, an do waren d’Zuele schonn esou, wéi se waren, besser hätten, dat Gesetz net ze stëmmen, d’Amendementer ze maache mat deem, wat mer haut stëmmen, an dann alles zesummen ofzestëmmen.

Bref, d’Majoritéit huet entscheet, op Salamitak tik ze setzen an domadder eis nach eng Kéier ënner Zuchzwang ze bréngen, ganz séier net nëmmen Amendementer ze huelen, mee en neit Gesetz. Dat ass e Choix. Et ass e Choix, deen ech net onbedéngt begréissen. Dat ass e Choix, deen dozou gefouert huet, datt d’Cham ber ganz séier huet misse schaffen.

A wa séier geschafft gëtt, an dat hunn e puer Kolleege schonn ugeschwat, da geschéie Feeler, da ginn et Saachen, déi ee vläicht iwwersäit. Dat féiert och dozou, datt Avisen nëmme sommaire ment kënne gekuckt ginn an net komplett.

Ech mengen do den Avis vun der Dateschutz kommissioun, déi sécherlech déi nämmlecht Fro scho beim éischte Projet u sech hätt missen op werfen. An dat weist, datt, wann een da fir d’zweet iwwert deen nämmlechten Text kuckt, ee vläicht nach Saache fënnt, déi, jo, bei der éischter Kéier schonn hätte kënnen opfalen, wa mer Zäit gehat hätten. Soit!

Zäit ass eppes, wat mer hei net hunn. Zäit ass e Luxus, dee mer eis net leeschte kënnen. Mee propper Gesetzer schreiwen, dat ass kee Luxus. Dat ass eppes, wat mer u sech missten als Grondlag gesinn, als de Minimum, fir deen d’Chamber u sech do ass.

An et ass u sech all Institutioun an et ass net nëmmen der Regierung hir Schold, et ass net der Chamber hir Schold, et ass net dem Staats rot seng Schold, et ass eis Schold alleguer, datt mer iwwerhaapt an deem Zäitdrock sinn. Et geet hei net drëm ze stigmatiséieren, ob déi eng oder aner Bevëlkerungsgrupp elo méi Party ge maach huet, méi prekär wunnt, sech méi séier oder méi schwéier ustécht. Et geet drëm, alle guerten zesumme Responsabilitéit derfir ze iw werhuelen, datt dee Virus hei sech net weider ausbreet.

Meng Virriedner sinn ewell am Detail op déi eenzel Mesuren agaangen. Loosst mech awer op e puer Punkten zréckkommen, wou et fir d’Piraten dach e bëssen hapert. Effektiv indi quéiere rezent Recherchë vun der Covid 19Taskforce eng Necessitéit, fir déi privat Ras semblementer ze limitéieren.

Wann een de leschte Weekend gesinn huet, wat um Stau lass war, wann ee gesäit, wat doruechter lass ass, d’Schüler squatten am Park, Jonk an Al versammele sech bei Aperoen a Grillpartyen. Jo, de Virus ass net nëmmen op deene grousse Partyen. De Virus verdeelt sech och am Privaten. Dat ass net forcement eng Party mat 100 Leit, dat kann och den Owend sinn, wou een zu sechs zesummesëtzt. Duerfir muss ee sech d’Fro stellen, ob déi Limitatioun, fir et op zéng erofzesetzen, net éischter eng Limitatioun ass, fir den Traçage méi effikass ze maachen. Et hëlleft, de Leit hir Kontakter méi einfach nozevollzéien.

D’Infektioune ginn einfach doduerjer, datt een eng arbiträr Zuel an den Text schreift, net erof. Et gëtt just méi einfach, Infektiounsketten no zevollzéien.

D’CCDH (ndlr: Commission consultative des droits de l’homme) kënnt och zum Schluss a seet, datt et u sech eng Fro vu Kohärenz ass. Wa mer eis nämlech bei Decisiounen op wëssen schaftlech Erkenntnisser baséieren, da musse mer verstoen, datt et wichteg ass ze klären, fir wat de Risiko am Private méi héich ass wéi op anere Plazen.

Ass et, well Distanciatiounsreegele manner eescht geholl ginn? Ass et, well et nun emol kee Spaass mécht, fir och nëmmen zu sechs mat enger Mask um Dësch ze sëtze bei engem Pättche Wäin oder bei enger gudder Grill wurscht? Et ass warscheinlech dat. Et ass war scheinlech, well mer alleguerten am Privaten, onofhängeg vun der Unzuel vu Leit, eis Geste barrièren e bësse vernoléissegen.

A genau duerfir, mengen ech, ass et wichteg, datt mer hei e Symbol setzen, e Symbol, wat, an och dozou hu mer scho geschwat, net wierklech vun der Police enforcéiert ka ginn. Et ass nämlech esou, datt mer net, an den Här Bausch huet dat richteg gesot op RTL, e wëllt net an engem Policestaat liewen. Ma ech wëll och net an engem Staat liewen, wou de Pre mier der Police an enger Pressekonferenz seet: „Ma fir dat doten ze enforcéieren, kënnt Der Iech jo virun d’Hausdier vun de Leit stellen a Stréchlëschte féieren.“ Dat war e staarkt Stéck!

A wa mer dann net an engem Policestaat wëlle liewen, ma da musse mer ganz kloer soen: Dat dierf et net sinn! An et ass och schwéier, de Leit dobaussen ze erklären, datt se fir eng Privat party an engem Restaurant zu 20 däerfen zesummekommen, op zwee Dëscher opge deelt, an datt 12 Klassekomeroden, déi sech all Dag an der Schoul gesinn hunn, net duerfen ouni Restriktiounen am Éislek op enger Weed e Picknick maachen. Och dat ass eng Fro vu Kohärenz!

Mir mussen also amplaz op Repressioun hei sécherlech och op eng besser Sensibiliséierung a Kommunikatioun setzen.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, et feelt eis an dësem Text heiansdo um Punch. Wärend am HorecaBeräich ganz staark Sank tioune geholl ginn, Sanktiounen, déi, wann een den Anekdoten, déi mer bis elo héieren hunn, gleewe kann, néideg sinn, well sech eng ganz Rëtsch Betriber dach einfach net un d’Reegele kënnen halen oder wëllen halen! A wien e puermol erwëscht gëtt, ma do huet souguer d’Chambre des Métiers gesot, datt déi Sank tioun vun der temporairer Suspensioun vun der Autorisation d’établissement okay ass. A wann d’Chambre des Métiers seet, datt dat vläicht dee leschten Outil ass, dann, mengen ech, kann een dat roueg esou matdeelen.

Wat eis awer feelt, ass, an dat huet de Marc Baum virdrun ugeschwat, e bëssen den Ënner scheed tëschent deenen eenzelne Mesuren. Mir hunn elo eng Mesure 25 bis 500 Euro drastoen, fir wann een d’Quarantän oder den Isolement brécht. Et bleiwen eng Rëtsch oppe Froen an där Mesure. Et bleift och eng Fro vun der Appreciatioun herno. An ech mengen, mir kënnen déi wierklech Wierkung vun där Mesure eréischt gesinn, wa mer wierklech den État des lieux herno maachen.

Ech mengen, eng zweet Saach, déi ech och schonn dobaussen e puermol gesot hunn, ass déi vun de Rassemblementer, déi méi spontan sinn. Mir hunn haut e Problem, datt et ganz schwéier ass, dat ze kontrolléieren. Mee ech si weiderhin der Meenung, datt d’Police an all aner Forces de l’ordre, déi mer zu Lëtzebuerg hunn, sollten op Sensibiliséierung setzen.

An ech ka ganz gutt domadder liewen, léif Kol leeginnen a Kolleegen, wann et dann um Stau vläicht e puer Avertissements taxés fir ze parke manner ginn, mee duerfir d’Poliziste mat hirem perséinleche Schutzequipement iwwert d’Wise ginn an de Leit soen, se solle wannechgelift hir Distanz halen, se solle wannechgelift eebe grad d’Sécherheet priméiere loosse visàvis vun en gem onkontrolléierten Austausch ënnereneen.

Mir sollen d’Gesondheet an de Vierdergrond stellen, ganz ouni necessairement op Repres sioun ze setzen, mee andeem mer sensibiliséie ren! A wann ech vu Repressioun schwätzen, da bleift mer awer nach ee Saz am Kapp hänken, an dat wäert och dee sinn, vun deem d’Piraten schlussendlech ofhängeg maachen, ob mer eis enthale wäerten oder fir dëse Projet stëmme wäerten. An dat ass de Saz, wou den Här Bausch op RTL, an ech mengen oder ech hof fen, et war e Lapsus, gemengt huet, bei Sank tiounen, nodeem eng Sanktioun geschwat wär, misst dann dee Sanktionéierte seng Onschold beweisen an net, wéi dat an engem Rechtsstaat ass, datt de Staat him seng Schold beweise misst.