Header for Projet de loi modifiant la loi du 4 décembre 2019 relative à l’Office du Ducroire Luxembourg

Projet de loi modifiant la loi du 4 décembre 2019 relative à l’Office du Ducroire Luxembourg

Dës Ried hunn ech den 09/06/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant la loi du 4 décembre 2019 relative à l’Office du Ducroire Luxembourg” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, den Här Bauler huet de Rôle, mengen ech, ganz gutt ëmrass, wat den Office du Ducroire mécht a firwat et wichteg ass, a grad an dëser Zäit esou néideg ass, och elo déi Modifikatioune virzehuelen.

Ech wëll awer meng Riedezäit ganz kuerz dofir notzen, fir op e klenge Bemoll vun deem anze goen, wat den David Wagner och schonn uge deit huet: Nämlech, datt eng Finanzéierung an och eng Assurance vun Exportleeschtunge mat sech bréngt, datt et en Export gëtt, an datt eeben net kontrolléiert gëtt, ob dat en Export ass, deen och mat deenen aneren Ziler vum Land an Aklang ass. Ech denken do ganz be sonnesch un d’CO2Emissiounen, déi natierlech entstinn, a wou bis elo keng Pist opgewise gëtt, wéi déi kéinte reduzéiert ginn. Och do géif ee sech erwaarden, datt et awer nei Piste gëtt, wéi een déi Exporter kéint méi ëmwelt frëndlech gestalten.

Trotz dësem Bemoll denke mer, datt et wichteg ass, Entreprisen, déi duerch d’Kris getraff sinn an déi am Export täteg sinn, egal a wéi engem Domän vum Export täteg sinn, net am Ree stoen ze loossen. An dofir wäerte mir Piraten och dëse Projet matstëmmen.