Header for Projet de loi modifiant la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée en vue de la transposition de la directive (UE) 2018/1910 du Conseil du 4 décembre 2018 modifiant la directive 2006/112/CE en ce qui concerne l’harmonisation et la simplification de certaines règles dans le système de taxe sur la valeur ajoutée pourla taxation des échanges entre les États membres

Projet de loi modifiant la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée en vue de la transposition de la directive (UE) 2018/1910 du Conseil du 4 décembre 2018 modifiant la directive 2006/112/CE en ce qui concerne l’harmonisation et la simplification de certaines règles dans le système de taxe sur la valeur ajoutée pourla taxation des échanges entre les États membres

Dës Ried hunn ech den 20/11/2019 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée en vue de la transposition de la directive (UE) 2018/1910 du Conseil du 4 décembre 2018 modifiant la directive 2006/112/CE en ce qui concerne l’harmonisation et la simplification de certaines règles dans le système de taxe sur la valeur ajoutée pourla taxation des échanges entre les États membres” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Trans positioun vun dëser europäescher Direktiv soll, an esou gouf et och am exzellente Rapport duergeluecht, dozou bäidroen, déi internatio nal Reegelen am System vun der TVA ze har moniséieren an och ze vereinfachen. En atten dant, datt en definitive gemeinsamen euro päesche System ausgeschafft gëtt, ginn esou schonn eng Rei Problemer am Viraus behandelt duerch Dispositiounen, déi een ocherlaabt mer kuerz, zwee englesch Wierder ze benotzen als „quick fixes“ kéint bezeechnen.

Dat ass eng Approche, vun där mir Piraten denken, datt se och an der nationaler Politik méi heefeg kéint zum Asaz kommen. Amplaz punktuell Verännerungen auszebremse mat der Excuse, datt un engem grousse Projet geschafft gëtt, sollt een a groussen Dossieren och kuerz fristeg a léisungsorientéiert Verännerunge vi séieren.

Ech denken do zum Beispill un déi ongerecht Besteierung vun den Elengerzéienden a Witt leit, un där sech säit Joren a Joren näischt än nert mam Argument: „Mir schaffen un enger grousser Steierreform. “ Ma bref, hei gëtt och nach ëmmer weider un enger grousser TVARe form geschafft, dat ännert awer näischt drun, datt hei punktuell Ännerunge gemaach ginn.

Jo, grouss Reforme kënne vill veränneren, mee kleng Upassungen och Grousses beweegen. D’Piraten ënnerstëtzen duerfir dës spezifesch Dispositiounen, fir d’Reegele vun der TVA op internationalem Niveau tëschenzäitlech punk tuell ze harmoniséieren an domadder och bei deene Karusseller a CumEx, CumCumProze duren a wéi se all heeschen weider no vir ze kommen an déi an Zukunft progressiv ze ver hënneren.

Ech denken, dat ass déi richteg Pist, dat sollte mer maachen, an duerfir ënnerstëtze mir dëse Projet.

Ech soen Iech Merci.