Header for Projet de loi modifiant la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19

Projet de loi modifiant la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19

Dës Ried hunn ech den 22/09/2020 an der Chamber zum Dagesuerdnungspunkt: “Projet de loi modifiant la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid19” gehalen. Dir fannt weider Detailer och um Site vun der Chamber.

M. Sven Clement (Piraten). Här Pre sident, léif Kolleeginnen a Kolleegen, jiddweree vun eis huet am Fréijoer gehofft, datt mer am Hierscht net an d’Situatioun géife kommen, dëst Gesetz nach eemol verlängeren ze mussen. Mee mir wëssen alleguerten, datt d’Covidpandemie warscheinlech och nach an de kommende Méint den Alldag hei am Land an op der ganzer Welt präge wäert, a kommen duerfir net der laanscht, haut fir eng Verlängerung vun de Pre cautiounsmesuren ze stëmmen.

Gradesou wichteg wéi d’Festhale vu gewëssene Reegelen ass et awer, den Impakt vun de Me surë reegelméisseg ze evaluéieren. Mir Piraten bedaueren duerfir, datt entscheet gouf, dëst Ge setz direkt bis zum Enn vum Joer ze verlängeren, amplaz den Text méi reegelméisseg all Mount, all annerhallwe Mount, elo wou d’Chamber erëm ganz operationell ass, der jeeweileger Si tuatioun unzepassen. Ech gi souguer dovunner aus, datt mer net fir d’leschte Kéier dëst Joer iwwert dat heite Gesetz geschwat hunn, well déi nächst Amendementer wäerte schonn iergend wou an der Maach sinn.

Wann de Verlaf vun der Pandemie eis nämlech bis elo eppes gewisen huet, da jo wuel, datt de Virus eis virun ëmmer nei Erausfuerderunge stellt. Selbstverständlech steet et eis fräi, dëst Gesetz nach eng Kéier virum 31. Dezember ze modifiéieren, mee mir hätten eis gewënscht, datt de Legislateur hei vun Ufank un en Zeeche gesat hätt.

Déi rezent Rentrée vun de Schoulklassen huet gewisen, datt d’Bestëmmungen, déi d’Mise en quarantaine vu Persounen, déi positiv op de Covid19 getest goufen oder engem grousse Risiko vun enger Infektioun ausgesat waren, nach net eenheetlech genuch sinn. Wann dëst Gesetz erlaabt, datt e Mecanicien, deen op der Aarbecht eleng an engem Raum u senger Ma schinn schafft, net méi däerf op d’Aarbecht goen, well en nom Kontakt mat enger kranker Persoun a Quarantän gesat gëtt, wärend e Schoulmeeschter an där selwechter Situatioun just obligatoresch e Mondschutz muss droen an trotzdeem weider viru verschiddene Klasse stoen dierf, da leeft eppes schif. Do feelt et u Kohärenz!

Wéi solle mir de Leit dobaussen erklären, datt et wichteg ass, d’Quarantänreegelen anzeha len, wann de Schoulmeeschter, de Proff, trotz Quarantän an d’Schoul däerf, jo, muss? Wéi léisst et sech erklären, datt d’Coursen och am Krankheetsverdacht weiderginn, wärend aner Leit emol net duerch den Drivein vun hirem Supermarché däerfe fueren, fir sech eppes z’iesse sichen ze goe wärend der Quarantän, ouni sech penale Konsequenzen auszesetzen? Et kann een net engersäits zu deenen enge Be ruffsgruppe soen, datt de Virus ze vill geféier lech ass, fir aus dem Haus ze goen, an anerersäits visàvis vun den Enseignantë behaapten, e wär net geféierlech genuch, fir mussen d oheemzebleiwen.

D’Leit wësse jo net méi, wat se gleewe sollen! D’Leit fille sech verluer! A genau esou Inko härenze ginn deene Populisten, déi mat der Angscht vun de Leit hiert Geschäft maachen, Opschwong. Wéi soll een also dem Personal aus dem Enseignement d’Angscht huelen, schaffen ze goen trotz Infektiounsverdacht, wa se gesinn, datt aner Beruffsgruppe strengstens doheem musse bleiwen? A wéi soll een de Leit, déi wärend der Quarantän just eng Kéier eleng mam Hond ronderëm de Block goe wëllen, vermëttelen, datt se dat net däerfen, wärend Proffen an där selwechter Situatioun nach viru ganzen, jo souguer verschiddene Klasse stinn? Hei muss elo esou séier wéi méiglech reagéiert ginn. An enger éischter Phas muss vu Regie rungssäit aus kloergestallt ginn. An d’Äntwert op d’Question parlementaire urgente vun der Madamm Hansen huet vläicht e bëssen dozou bäigedroen, mee net wierklech, well et ass dee Flou do. Et ass dee Flou do, datt anerer kéinte froen, individuell, wa se dann Interessi hätten, an da géif d’Santé dat evaluéieren.

Ma hei ass et elo wichteg, kloer Reegelen op zestellen, kloer ze kommunizéieren, wéini d’Or donnances de mise en quarantaine geännert ginn, Exceptioune kréien a wéini net. Well wann de Staat se eesäiteg just fir seng eegen Em ployéen hëlt, wärend de Rescht vun der Ekono mie muss als Bittsteller froe goen, fir vläicht eng Exceptioun ze kréien, ouni ze wëssen, wéi déi Exceptioun kéint ausgesinn, dann ass et eng gewëssen Inkohärenz, déi een net verstoppe kann.

An enger zweeter Phas musse mer dann awer derfir suergen, datt dat diskriminéierend Ver hale visàvis vun enger ganz spezieller Beruffs grupp ophält. Mir brauchen also, an ech wid derhuele mech do, kloer Reegelen, wéini et Exceptioune ginn. Mir brauchen e klore Mes sage: Deen an dee kann eng Exceptioun froen an deen an dee ka se net froen.

D’Piraten gesinn duerfir de virleienden Text net als ofgeschloss an empfannen de Vott vun haut duerfir och just als eng Etapp um Wee, fir bei de weideren Adaptatiounsprozess weiderze goen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer eis dësem Text elo nach e bësse méi konkreet widme wëllen, gëllt et op alle Fall ze begréis sen, datt et nei Dispositioune gi fir Leit mat en ger Behënnerung oder Persounen, déi ënner bestëmmte Krankheete leiden, wat de Port du masque betrëfft. Fir vill Leit bedeiten dës Zeilen eng grouss Verbesserung vun hirem Liewens confort. Datt an dësem Passage vum Gesetzes projet an enger éischter Fassung awer dovu ge schwat gouf, Persoune mat engem Handicap oder enger „anerer“ Krankheet vun der Mas keflicht ze befreien, weist, datt et um Niveau vun der Opklärung iwwert d’Situatioun vu Per soune mat Handicap nach vill ze maache gëtt. Dëse Feeler ass en exemplarescht Beispill derfir, datt Diskriminéierung hautdesdaags oft net mat engem béise Wëllen, mee ganz einfach mat engem Mangel u Wëssen anhiergeet, an dat gëllt visàvis vu Persoune mat Handicap geneesou wéi wann et ëm Rassismus oder Se xismus geet. Dat ënnersträicht einfach, wéi wichteg Opklärungsaarbecht an deenen Do mänen nach ëmmer ass.

A wa mer bei de Maske sinn, da kommen ech net derlaanscht, fir awer dem Kolleeg Engelen nach ze äntwerten, dee jo gemengt huet, an Holland oder a Schweden, wou et keng streng Maskeflicht géif ginn, géif et esou vill besser goen. Ma, Här Engelen, kuckt Iech d’Zuelen un! Lëtzebuerg huet glécklecherweis nëmmen an dat sinn der nach ze vill! 19,9 Doudeger op 100.000 Awunner. Holland, wat Der als Bei spill zitéiert hutt, huet der 36,29, bal duebel esou vill. A Schweden, Schweden, dat Land, wat jo ëmmer als gréisste Succès genannt gëtt, wann et drëm geet: „Mir mussen d’Gesell schaft komplett oppe loossen”, „Maskeflicht ass en Agrëff an eis fundamental Rechter“, an ech weess net wat fir e Brach nach zitéiert gëtt, Schweden, dat Wonnerland vun der Antimas kebeweegung: 57,3 Doudeger op 100.000 Awunner, dräimol esou vill wéi Lëtzebuerg!

A wann ech soen, datt 19,9 Doudeger op 100.000 der ze vill sinn, ma da gleeft mer, 57,3 sinn der vill ze vill! An dann dinn ech léiwer eng Mask un, wéi dräimol esou vill Doudeger mussen ze bedaueren hei zu Lëtzebuerg.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir begréissen an dësem Projet dann awer och nach, datt eng Prezisioun gemaach gëtt, wat d’Plastiksvisièren ugeet, datt d’Quarantän un déi aktuell Fuerschungsresultater ugepasst gouf an datt d’Lëscht vun de medezinnesche Beruf fer, déi visàvis vun der Pandemie kënne mobi liséiert ginn, erweidert ginn ass.

Wat d’Sammelen, d’Benotzen an d’Anonymi séiere vun de Passagéierdaten aus dem Fluch verkéier ugeet, hu mer awer gemëschte Gefil ler. Selbstverständlech freeë mer eis, datt zulescht awer nach decidéiert gouf, eng Ano nymiséierung ze maachen. Mee mir hu staark Bedenken, wat d’Transparenz hei betrëfft. Wann ee sech virstellt, datt een interesséierte Bierger sech dëst Gesetz duerchliest, da muss een dovun ausgoen, datt hien zum Schluss kéim, datt seng Daten aus dem Fluchverkéier 14 Deeg no hirer Erhiewung wäerten anony miséiert oder geläscht ginn.

Dat ass awer leider nëmmen déi hallef Wou recht! Anonymiséiert ginn nämlech just déi Daten, déi un d’Santé geschéckt ginn. Sämt lech Informatiounen, déi iwwert de Passagéier aus sengem Fliger virleien, ginn nämlech wei derhin op anere Plaze gespäichert a benotzt, an dat souguer, ouni iergendwa geläscht oder anonymiséiert ze ginn. D’Gesetz vum 1. August 2018, dat sech d’Preventioun an d’Repressioun vum Terrorismus zum Zil gesat huet, erlaabt et nämlech, Nimm, Gebuertsdeeg, Adressen, Fluchdonnéeën, Passnummeren, Informatiou nen iwwert d’Geschlecht, d’Reesagence a sou guer d’Aart an d’Unzuel vum Gepäck ze späicheren, ouni eng zäitlech Limitt virzege sinn, wéini dës Donnéeë geläscht oder anony miséiert misste ginn. Iwwregens kënnt et och vir, datt an deenen Donnéeën heiansdo derbäisteet, mat wiem een zesummen en Hotel gebucht huet, an nach e puer aner Donnéeën, déi nach vill méi wäit an d’Privatsphär ginn. Datt en Deel vun dësen Donnéeën elo also nach eemol erhuewe gëtt an duerno op dem Computer vun der Santé anonymiséiert gëtt, ännert näischt dorun, datt iwwer all Eenzelnen, deen an de leschte Joren an e Fliger geklom men ass oder an Zukunft e Fliger hëlt, ganz de tailléiert Daten op anere Servere vum Staat existéieren. Dat däerfe mer bei dëser Diskus sioun net aus den Ae verléieren.

Wa mer eis am Kader vum Covid also Gedanke maachen, ob d’Zil, d’Infektiounskette besser nozevollzéien, proportional ass zur Aschrän kung vum Recht op Dateschutz, da sollt dat eis en Denkustouss ginn, fir doriwwer nozeden ken, wéi et am Beräich vun der Terrorismusbe kämpfung ausgesäit.

Wärend den Tracing am Kontext vum Covid nämlech zimmlech séier konkreet Resultater liwwert, ass dat am Kader vun der Terrorismus bekämpfung dach méi diffus. An trotzdeem suerge mir eis am Moment doriwwer, ob d’Santé hir Donnéeën anonymiséieren oder pseudonymiséiere soll, wärend eis perséinlech Fluchdate vun anerer Säit scho laang ouni ier gendwellech Limitatioune gespäichert ginn. Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen zum Schluss. Et war mer wichteg, haut op e puer Punkten opmierksam ze maa chen, déi vläicht net direkt am Gesetz erwäänt ginn, mee déi awer mam Sujet vum Gesetz ze dinn hunn.

Dëse Projet ass an eisen Aen nach net ofge schloss. En ass genausou wéi d’Lutte géint de Covid nach „ongoing“.

Wann ech haut den Accord vun de Piraten fir dëse Projet ginn, da maachen ech dat net, well ech der Meenung sinn, datt mir mat deem vir leienden Dokument déi ugeschwate Problemer ganz léise wäerten, mee mir maachen e klenge Schrëtt weider an déi richteg Richtung. Dëse Projet hëlt déi néideg Verännerunge vir a gëtt e puer Klarifikatiounen, déi dréngend néideg wa ren, werft awer och nach weider Froen op. Trotzdeem, e klenge Schrëtt ass besser wéi guer kee Schrëtt, an duerfir gi mir eisen Ac cord.

Ech soen Iech Merci.